Den Déifstall am Louvre de leschte Weekend huet international fir Schlagzeile gesuergt. Matten am Dag sinn d'Täter mat Hëllef vun engem Miwwellift an de renomméierte Musée agebrach an hu bannent e puer Minutten historesch Bijouen am Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut. Dee scho bal filmräifen Tëschefall wäert Froe ronderëm d'Sécherheet an de franséische Muséeën op .... a wéi gesäit et eigentlech bei eis am Land aus? D'Paule Rodesch war dofir an den Nationalmusée, an huet d'Direktesch Tania Brugnoni gefrot, op ee bei esou enger Nouvelle als Muséesdirektesch selwer nervös gëtt.