Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Filmkritik: "The Plague"
    Matleefertum oder couragéierte Widderstand géint de Gruppenzwang? Dësen amerikaneschen Debutfilm setzt sech mat der Gruppendynamik an enger Jugend-Waasserballekipp auserneen. De Michel Delage huet den Drama gesinn.
    8 min
  • American Horror Story
    “American Horror Story’’ ass eng amerikanesch Anthologieserie aus dem Joer 2011 a gouf kreéiert vum Ryan Murphy. An all Staffel geet et em eppes anescht, well de Ryan Murphy sech mat verschiddenen Epochen an och mat verschiddenen Horror- an Erzielstiler ausernee gesat huet. “American Horror Story’’ ass definitiv eng Serie déi sech och u reell geschichtlech Evenementer a seriö Themaen eru getraut huet an déi mat engem kritesche A op dës kuckt, an net just hirer Fantasie nogeet. Sou ass et d' Mëschung vu Spannung, Horror a reellen historeschen Themen, déi de grousse Succès vun der Serie erkläre kann.
    5 min
  • Filmkritick: "Marcel et Monsieur Pagnol"
    De Marcel Pagnol huet Marseille an der Provence en Denkmal gesat. An engem mat Lëtzebuerger Bedeelegung produzéierten Animatiounsfilm erzielt de Sylvain Chomet dem franséische Schrëftsteller, Dramaturg a Cineast säi Liewen. Eng Kritick vum Michel Delage.
    10 min
  • Dana Vowinckel – Anton und Alma
    De 5. Oktober gëtt am Kader vun der Frankfurter Buchmesse den däitsche Buchpräis verginn. Am Virfeld stellt d‘Valerija Berdi eng Rei Bicher vir, déi d‘Chancen hunn, dëse renomméierte Literaturpräis ze gewannen. Haut ass et der Dana Vowinckel hire Roman „Anton und Alma“ , deen am Suhrkamp Verlag eraus komm ass.
    6 min
  • Di kleng Theatere stellen hire Programm vir
    Kleng Theateren hun hiren eegene Charme: Proximitéit, Intensitéit, Engagement. Deementspriechent gléissend sinn d'Programmukennegunge vu Centaure, Kasemattentheater an TOL ausgefall. De Marc Clement rapportéiert.
    16 min
  • Rentrée littéraire: "N'efface pas mes cercles" vun der Emma Marsantes
    Eng Duechter versicht, hirer Mamm hire Suizid ze verstoen an erzielt dofir, op knapp 160 Säiten, eng donkel Familljegeschicht: der Emma Marsante hire Roman "N'efface pas mes cercles", noméiert fir de Prix Goncourt, de Prix Femina an de Prix Médicis, verdicht traumatesch Themen zu engem wichtegen, poetesche Wierk. De Jeff Schinker huet d'Buch fir eis gelies.
    12 min
  • Shida Bayzar . Die Lücken
    Mat hirem Roman "Die Lücken" (Kiepenheuer & Witsch) steet di däitsch-iranesch Schrëftstellerin Shida Bayzar op der Shortlëscht fir de Däitsche Buchpräis. D'Valerija Berdi huet dëse komplexe Roman mat grousser Begeeschterung gelies.
    12 min
  • De Film "Naza" suergt fir Oprou
    Den israeelesche Film “Naza” ass am Festival zu Venedeg gelueft ginn. Ganzer 25 Minutten huet de Public bei der Première leschten Donneschde geklappt - esou laang wéi nach ni virdrun. An Israel selwer kennt de Film awer manner gutt un. Firwat déi zwee israeelesch Regisseuren, de Yuval Abraham an d'Rachel Szor, doheem als Verräter ugesi ginn, doriwwer schwätze mir mat eisem Korrespondent Léonardo Kahn, deen eis live aus Tel Aviv zougeschalt ass
    6 min
  • Luxembourg All In: Interview mam Schorsch Kamerun
    De Museker, Sänger an Theaterregisseur Schorsch Kamerun – ënner anerem bekannt als Grënnungsmember vun der däitscher Band "Die Goldenen Zitronen" – geet mat engem Stéck "Luxembourg All In" Froe vu Klimakris, Globaliséierung a sozialer Ongläichheet no. D'Resultat ass kee konventionellt Theaterstéck: "Luxembourg All In" ass eng immersiv Concerts-Installatioun, déi an Zesummenaarbecht mat Kënschtler, Awunner a Studenten am Kader vun enger Residenz am Grand Théâtre entwéckelt gouf. Dëse partizipative Projet gëtt de 26. a 27. September am Foyer vum Grand Théâtre presentéiert. De Schorsch Kamerun an d'Claudia Klasen sinn elo bei eis am Studio, fir driwwer ze schwätzen.
    19 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners