Eng 80 international Galerist:innen hunn am wäisse Luxembourg Art-Week-Zelt um Glacis Positioun bezunn. Am Zentrum vun der Foire steet ganz kloer de Business, dee jo éischter diskret ofgewéckelt gëtt; oder kennt dir d'Schätz aus Lëtzebuerger Privatsammlungen? Eng Dose Membere vum Cercle des collectionneurs du Mudam plus de Serge Libens vun der Fondation MeRL hunn décidéiert, eng Dierchen opzemaachen: si hunn d'Claire DiFelice, ausgebilt Juristin a Konschtmanagerin, haaptberufflech chargée de mission fir d'Steichen Collections, ma dernieft och fräischaffend Curatrice, dozou invitéiert, mat gesammelte Wierker, am Malt am Gronn, par rapport zu enger Conception spatiale vun der Tatiana Fabeck, eng Expo fir de breede Public op d'Been ze stellen. D'Kerstin Thalau huet mat der Claire Di Felice iwwert "Timeless voices" geschwat.