Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Invité:e vum Dag episodes

  • Pater Alberto Ambrosio
    Zwou an eng hallef Millioune Pilger sinn zanter virgëschter an nach bis e Freideg a Saudi-Arabien fir den Hadsch, dee grousse Pèlerinage op Mekka. Den Hadsch (iwwersat: déi grouss Pilgerfahrt) ass ee vun de fënnef Piliere vum Islam. All Moslem soll dee Pèlerinage, wa méiglech, eemol am Liewe maachen, sou wéi e säi Glawe bekennen, all Dag fënnef mol bieden, am Ramadan faaschten an aarme Leit Almose gi soll. Fir méi iwwer den Hadsch gewuer ze ginn, ënnerhält de Maurice Molitor sech mam Pater Alberto Ambrosio, Islam-Spezialist a Professer an der Luxembourg School of Religion and Society.
    19 min
  • Pascale Arend
    2017 gouf den Office nationale de l'enfance reorganiséiert. Den O.N.E ass déi zentral Ulafstell fir Kanner, Jugendlecher, Famillen a sozial Servicer, déi Hëllef sichen, dat op fräiwëlleger Basis. Invité beim Maxi Pesch ass d'Generalkoordinatrice Pascale Arend.
    16 min
  • Mady Juchem - Eric Krebs
    Ronn 6000 Persoune leiden zu Lëtzebuerg un enger Psychose. D'Associatioun AFPL ("Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg") gouf d'läscht Joer  gegrënnt fir op déi spezifesch Problemer opmierksam ze maachen. Mat der Mady Juchem an dem Eric Krebs vun der AFPL diskutéiert d'Carole Schimmer iwwert d'Erausfuerderunge fir déi betraffe Famillen.
    17 min
  • Steve Brickler
    D'Douanesgewerkschaft fuerdert eng Opstockung vum Personal. Fir déi vill Missioune vun der Verwaltung kennen ze garantéieren, bräicht ee méi Mëttel. D'Administration des Douanes et Accises ass ënner anerem zoustänneg fir d'Erhiewe vun den Akzisen an Douanestaxen, grad wéi fir d'Kontroll an de Beräicher Drogekriminalitéit, Stroossentransporter. Mam Steve Brickler, Sekretär vun der Douanesgewerkschaft diskutéiert d'Carole Schimmer iwwer d'Erausfuerderung vun der Gewerkschaft.
    18 min
  • Anne Goeres
    D'Fondatioun Kriibskrank Kanner lancéiert d'Aktioun Lëtz Go Gold fir d'Fuerschung iwwer nei Kriibstraitementer fir Kanner ze finanzéieren. Well d'Pharmaindustrie net genuch an d'Entwécklung vun neie Medikamenter investéiert, wieren déi meescht Traitementer, déi fir d'Behandlung vu Kanner agesat ginn, ural, seet d'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. Duerch d'Gespréich féiert d'Carole Schimmer.
    18 min
  • Marcel Oberweis
    Den CSV-Deputéierte Marcel Oberweis huet Enn Juni an der Chamber opgehalen. Wat huet de geléierten Ingenieur aus 14 Joer an der Politik zeréckbehalen? A wéi eng Schwéierpunkten huet hie sech gesat fir d'Zäit nom Krautmaart? Doriwwer schwätzt d'Françoise Keller mam fréieren Deputéierten.
    16 min
  • Raoul Schaaf (CNDS)
    Den Drogen-Hëllefs-Zenter Abrigado gëtt et zanter dem Mäerz 2012 op der Route de Thionville zu Bouneweg: et ass eng provisoresch Struktur a Containeren, déi regelméisseg fir Kritiken a fir Diskussioune suergt.
    Geréiert gëtt dësen Zenter vum Comité national de défense sociale: Direkter vum CNDS ass zanter dem 1. Juli d'lescht Joer de Raoul Schaaf, deen Invité beim Serge Kesseler ass.
    18 min
  • Laura Foschi
    D'ONG Ënnerstëtzung fir autonom Entwécklung - kuerz ADA - finanzéiert a begleet Microfinanzéierungs-Instituter, déi hirersäits Leit an Zillänner vun der Entwécklungshëllef Prête kënnen accordéieren. Enn d'lescht Joer huet d'ONG iwwer de Fong fir Microfinanzen an Entwécklung am Ganze Prêten an der Héicht vu bal 20 Milliounen Euro accordéiert. Zanter Juni huet d'Laura Foschi d'Direktioun vun der Organisatioun iwwerholl. Mat hir geet rieds iwwer d'Aarbecht vun ADA an iwwer den Impakt vu Mikro-Prêten.
    18 min
  • Nicole Wagner a Patrick Weidert
    Vun honnert Kanner hei am Land weist all zweet bis drëtt Verhalenseegenaarte vun Héichbegabung. Dat si geschate méi wéi 2.000 Kanner. Fir op hir spezifesch Besoinen anzegoe soll elo fir d'Rentrée den neie Kompetenzzenter fir Héichbegabung funktionéieren. Mat der Responsabel vum Zenter, der Nicole Wagner an dem Enseignant Patrick Weidert geet rieds iwwer d'Erausfuerderunge fir Jonker mat héijer Begabung, d'Missioune vum Zenter an iwwer Differenzéierung am Unterrecht. D'Françoise Keller féiert duerch d'Gespréich.
    19 min
  • Claude Frisoni
    Mam fréieren Direkter vum Neimënster, Claude Frisoni, geet rieds iwwer d'Bedeitung vum Label europäesch Kulturhaaptstad an iwwer de Projet Esch 2022. D'Françoise Keller féiert duerch d'Gespréich.
    18 min

About Invité:e vum Dag

From the publisher's feed

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

More shows like Invité:e vum Dag

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Kultur by Radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners