Invité:e vum Dag

Invité:e vum Dag

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Invité:e vum Dag episodes

  • Elisabete Soares
    Déi nei Presidentin vun der "Confédération de la Communauté Portuguaise au Luxembourg" schwätzt iwwert déi Portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.
    18 min
  • Robert Mehlen
    De Robert Mehlen war vun 1989 bis 2009 ouni Ënnerbriechung Deputéierten an der Chamber. 2009 gouf hien, deemools als ADR-Parteipresident, net méi erëmgewielt. Och seng Kandidatur bei de Wahle vun 2013 hat kee Succès. Dëse 14. Oktober trëtt hien nees eemol am Bezierk Osten un. Wéi beuerteelt hien allgemeng d'Chance vun der ADR bei deene Wahlen? Wéi steet hien zu der Entwécklung, déi d'Partei geholl huet zanter hien net méi un hirer Spëtzt ass? Déi an aner Froen stellt de Maurice Molitor dem Robert Mehlen.
    17 min
  • Claude Metzdorf
    E Méindeg war den 1. Spuetestéch fir de Bau vun enger neier Produktiounslinn bei DuPont zu Conter. Vun 2021 soll do Tyvek produzéiert ginn, e Vliesstoff aus Polyethylen, deen extrem strapazéierfäeg ass. Am Fong esou eppes wéi Pabeier, deen net räisst. D'Lëtzebuerger Wierk vun DuPont ass op d'Produktioun vun deem Stoff spezialiséiert. Déi nei Linn gëtt schonn déi drëtt Tyvek-Linn um Site. De Maurice Molitor schwätzt mam Claude Metzdorf vun DuPont iwwer deen 340-Milliounen-Invest, duerch deen 120 nei Aarbechtsplaze wäerte geschaaf ginn.
    16 min
  • Jean Ehret
    De leschte Freideg ass eng Konventioun ënnerschriwwe ginn, an där de Staat dem Centre Jean XXIII - Grand Séminaire fir den Zäitraum vun 2018 bis 2021 eng finanziell Contributioun vun all Joers 615.000 Euro zouseet. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Jean Ehret, Direkter vun der Luxembourg School of Religion & Society am Centre Jean XXIII, wat mat deene Sue geschitt, wéi eng Formatiounen a sengem Haus ugebuede ginn a wat u Recherche-Aktivitéite leeft respektiv geplangt ass.
    18 min
  • André von der Marck
    Vum 27. Juli u rullt den Tram bis op d'Stäreplaz. De Generaldirekter vu Luxtram erkläert den Impakt op den Trafic a wéi de Chantier weidergeet. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.
    18 min
  • Stephane Pallage
    Wat fir eng Visiounen huet de neie Recteur fir d'Uni Lëtzebuerg? Wéi steet et ëm d'Autonomie an déi zukünfteg Ausriichtung? D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.
    16 min
  • Patrick Weiten
    Knauf huet sech décidéiert - géint Suessem, wat hei am Land zu allerlee politeschen Diskussioune geféiert huet, a fir Illange, wat déisäit der franséischer Grenz fir grouss Freed suergt. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Patrick Weiten, de President vum Conseil départemental de Moselle, wéi d'Verhandlunge mam däitsche Grupp verlaf sinn, an op wéi eng Aart a Weis et him (mat anere) gelongen ass, d'Entreprise Knauf derzou ze bréngen fir hir Steewollfabrick an där nach eideler Industriezon südlech vun Diddenuewen ze bauen.
    18 min
  • Claude Turmes
    No bal 20 Joer an Europa, kënnt de Claude Turmes zréck op Lëtzebuerg. Zwar muss nach en ausseruerdentleche Kongress vun déi gréng den nächsten Dënschdeg senger Nominatioun als Staatssekretär a Gira-Nofolger zoustëmmen. Mee dat ass wuel just eng Formalitéit. Wéi gesäit de Claude Turmes déi nei Missioun, déi am Fong säin Debut an der nationaler Politik gëtt? Wat kann oder wëll hien nach an de puer leschte Méint vun der Legislaturperiod bewegen? A wat geschitt no de Wahlen? Doriwwer schwätzt de Maurice Molitor mam Nach-Europadeputéierten a Geschwënn-Regierungsmember.
    19 min
  • Marco Schank
    "Et ass eng Illusioun ze mengen, dass d'Mobilitéits-Problemer just duerch ëmmer nei Infrastrukturen ze léise sinn." Dat war den Haaptmessage vum Nohaltegkeetsminister François Bausch gëscht bei der Presentatioun vum Modu 2.0. Gewëss hätt de Staat eng Roll ze spillen, mee och d'Gemengen, d'Entreprisen  an déi eenzel Bierger hätten hier Responsabilitéit. Deelt d'CSV déi Analys? A wat hält si vun den eenzele Mesuren, déi an der Strategie proposéiert ginn? Den Deputéierte Marco Schank reagéiert am Gespréich mam Maurice Molitor.
    17 min
  • René Closter
    D'Luxembourg Air Rescue (LAR) feiert 30 Joer. Et goung lass mat engem gelounten Helikopter, dee just huet däerfe Patiente vun engem Spidol an en anert transportéieren. Haut ass d'LAR eng richteg Airline, déi engersäits mat hieren Helikopteren SAMU-Asätz hei zu Lëtzebuerg flitt, déi mat hiren Ambulanz-Fligeren awer och weltwäit a verschiddenste Missiounen ënnerwee ass. De Maurice Molitor ënnerhält sech mam René Closter, dem Grënner, dem CEO an dem Gesiicht vun der Air Rescue.
    16 min

About Invité:e vum Dag

From the publisher's feed

Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.

More shows like Invité:e vum Dag

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Kultur by Radio 100,7

Kultur

0 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners