Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Gilad Ashery
    Déi Europäesch Investment Bank huet dëst Joer Wierker vum israeelesche Kënschtler Gilad Ashery an hir Privatkollektioun integréiert. De Sculpteur huet am November 2024 eng Kënnschlerresidenz tëschent der Abtei Neimënster an der Cité des Arts Internationales zu Paräis gemaach. Déi Konschtwierker sinn ënner anerem zu Veianen um Miertchen entstanen. Eis Paräis-Korrespondentin Lucie Wahl huet dee jonke Kënschtler getraff.
    11 min
  • E ganz familiäre Concert
    “On a des liens plus que professionels” - dat seet d’Michèle Kerschenmeyer iwwer de Quatuor Louvigny, an deem si d'Pianistin ass. Hiren nächste Concert an der Philharmonie ass den 28. Abrëll owes um hallwer 8. En ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg.
    Déi fënnef Museker kenne sech alleguer schonn zanter Laangem: déi eng ware Professer vun deenen aneren, an déi aner si wierklech Famill mateneen. D’Pianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter méi wéi 20 Joer. Um Programm vun dësem Concert sti Kammermusekswierker vu Shostakovich a Brahms.
    Am Gespréich mam Marie Schockmel erzielen déi zwee méi iwwer de Concertsprogramm an iwwer déi familiär Atmosphär an hirem Ensembel.
    11 min
  • Los Bitchos um Out of The Crowd Festival
    Si si 4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen. Rieds geet vu Los Bitchos, déi dëse Weekend um Out of The Crowd spillen. D’Claire Barthelemy huet mat der Lead-Gittaristin geschwat.
    5 min
  • Waffle Killers: Punk mat Live-Energie um Out of the Crowd
    D’Traditioun wëllt, dass um Out of the Crowd Festival och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik beglécken däerfen. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band Ultranothing. Mat deenen hate mir Enn lescht Joer iwwer hiren Debut geschwat, mat den Eisekuchemäerder nach net, also gouf et héich Zäit. D’Waffle Killers sinn een typesche Rock-Power-Trio an huele sech vu Grunge a Punk, wat d’Feier am Bauch ausdréckt. D’Sängerin a Gittaristin Lilo Sour steet Ried an Äntwert.
    6 min
  • “Ech sinn der Unbekannte Bekannte”
    Um Piano am Stater Conservatoire huet dem Anselme Pau säi musikalesche Parcours ugefaangen. Zu San Francisco huet hien da Film studéiert, an duerno ass hie quasi aus Zoufall an de Beräich vun der Filmkompositioun gelant. Datt Musek eppes bei anere Leit bewierkt, huet de Lëtzebuerger Komponist schonn am Alter vun 9 Joer gemierkt. Elo huet hien en neien Album erausbruecht, mat 26 Kompositiounen aus verschiddene Filmer. Den Titel “Hidden Scores” passt zu 100 Prozent och op hien, well hien ëmmer hanner der Musek ass.
    An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Anselme Pau ënner anerem méi iwwer seng Musek fir Documentairen, Filmer a Reklamme verroden.
    12 min
  • Black Mirror
    Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn. Hei ginn Zukunftszenarien opgemaach, déi gäre mol ganz düster sinn. De Simon Larosche seet eis, ob sech déi Neiste lount.
    6 min
  • Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien

    D’Amelia Baker - Kënschtlernumm Cinder Well - ass eng amerikanesch Singer-Songwriterin. Hir musikalesch Ufäng sinn op den Albume vun der kalifornescher Anarcho-Folk-Band Blackbird Raum ze héieren. Fir hiren Interessi un traditioneller Musek ze verdéiwen ass si an Irland geplënnert, wou hire Solo-Folk-Projet Cinder Well gebuer ass. Ënner der Woch huet si am Ratelach zu Esch ee Concert gespillt. Den Nicolas Calmes huet hir nom Concert e puer Froe gestallt.

    10 min
  • Esch am Saxo-Sound
    D'Luxembourg Saxophone Association huet vum 7. bis 9. Abrëll hiren alleréischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg fir Klassesch- an Jazzsaxofonisten a -saxofonistinnen organiséiert. Ufank vun der Ouschtervakanz hat d’Saxofonsfamill sech zu Esch versammelt, fir an deenen ënnerschiddlechsten Atelieren ronderëm dat polyvalent Instrument ze schaffen. Si waren alleguer komm: vum Sopran iwwer den Alto an den Tenor bis bei de Bariton.
    De Guy Engels huet e puer Andréck vun Esch matbruecht.
    7 min
  • "Toronto" vun der Elisabeth Benoit
    De Prozess tëschent deenen zwee hat deemools Welle geschloen, de Rousekrich tëschent der Amber Heard an dem Johnny Depp gouf zu engem Medien-Event, dat och am Internet d'Mënschheet tëschent Pro-Depp a Pro-Heard gedeelt huet. Mat "Toronto" bréngt d'Elisabeth Benoit elo ee Roman eraus, dee weist, wéi duerch d'Demokratiséierung vum Zougrëff op d'Informatioun am Internet haut ee Privatliewe ka quasi duerch de Kaleidoskop vun Dausende vu Meenunge klinesch sezéiert an exposéiert ginn. Dem Jeff Schinker seng Rezensioun féiert eis duerch de Meenungs-Dschungel - an erkläert, wisou alles beim Kultauteur Hunter S. Thompson ugefaangen huet.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners