Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Zum Doud vum Raymond Schaack
    Hie war e reegelméissege Lieserbréifschreiwer am Luxemburger Wort, eng éischter konservativ an traditionell Vue op d’Welt zu Lëtzebuerg huet hie vermëttelt, hie war Franséisch- a Geschichtsprofesser, President vun der APESS, der Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur an huet 21 Bicher publizéiert. Lyrik a Prosa, fir d’Lescht koum säi Gedichtband “braises hivernales” d’lescht Joer bei Editions Phi eraus.
    Rieds ass vum Raymond Schaack, deen eis am Alter vun 88 verlooss huet.
    Seng Bicher a seng Stëmm sinn eis erhale bliwwen an déi ass ze héieren an Extraiten aus engem Gespréich mam Nathalie Bender. Wat d’Schreiwen, awer och den Enseignement, dem Raymond Schaack bedeit hunn, kënnt Dir an dësem Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren.
    5 min
  • "Mammifères II" vum Pierre Mérot
    Ee Roman, deen net méi provokant kéint sinn - a quasi eng Zort Pamphlet géint de Geescht vum politesch Korrekten duerstellt: Zwanzeg Joer no “Mammifères”, dem Enfant Terrible Pierre Mérot sengem grousse literareschen Erfolleg, verëffentlecht Rivages “Mammifères II”, an deem mir dem gehässegen Oncle mat zwanzeg Joer méi um Bockel erëm begéinen. Den Zynismus an d’sexuell Misär vum heterosexuelle Mann, déi virun 20 Joer, matten am Houellebecq-Boom, ganz den Nerv vun der Zäit getraff hunn, sinn haut iwwerlieft. Mee grad doraus mécht de Pierre Mérot eng Stäerkt - a verëffentlecht, esou fënnt de Jeff Schinker, een erfrëschende Roman iwwer eng net méi ganz frësch Figur.
    8 min
  • Filmkritik: "Black Dog"
    E Mann, en Hond, eng quasi Geeschterstad um Bord vun der Gobi-Wüst ... Dëse chineesesche Film leeft de Moment an eise Kinoen. De Michel Delage an d'Valerija Berdi hunn en am Grousse Kino beschwat.
    10 min
  • Mam Fokus op d'klassesch Gittar
    Um Programm stinn direkt zwee Concoursen. Eemol den nationale Concours fir jonk Gittaristen. A fënnef Kategorië ginn hei déi talentéiertst Museker an hire jeeweilegen Alterskategorië gesicht. An dann och den Internationale Gittareconcours mat der grousser Finall, sonndes den 18. Mee an der Philharmonie.
    Donieft ginn awer och Ausstellunge mat Instrumenter, Liesungen, Workshoppen a Concerten ugebueden. Rendez-vousen, déi wichteg si fir d'Lëtzebuerger Musekszeen, wéi de Matorganisateur Hany Heshmat am Gespréich verréit.
    8 min
  • Anne-Marie Reuter - Laureatin vum Servais-Präis 2025
    Si huet schonn eng Rei Short Stories publizéiert, d‘lescht Joer koum der Anne-Marie Reuter hiren éischte Roman eraus an elo gouf dëst Wierk, “M for Amnesia“, mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent. D‘Valerija Berdi huet mam President vum Jury vum Servais-Präis, dem Sébastian Thiltges, iwwer d‘Gewënnerbuch geschwat an nach e puer Andréck zesummegestallt. “M for Amnesia“ ass bei Black Fountain Press publizéiert.
    11 min
  • Friddensvisiounen
    E Sonndeg um 11 Auer iwwerdroen de radio 100,7 an den opus 100,7 déi 7. Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie live aus der Congresshalle zu Saarbrécken. Ënner dem Titel “Friedensvisionen” dirigéiert den dänesche Museker Michael Schønwandt den Orchester mam Edward Elgar senger éischter Sinfonie an dem Benjamin Britten sengem Pianosconcerto a Ré Majeur. Solist ass de Steven Osborne.
    Am Viraus vum Concert huet sech d’SR-Kultur-Museksjournalistin Gabi Szarvas mam Michael Schønwandt getraff, fir iwwer de Programm, déi perséinlech Bedeitung vun der englescher Musek fir den Dirigent an och den Theema Fridden ze schwätzen.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners