Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • 30 Joer den Atelier: "Fréier war alles e bësse méi Rock'n'Roll"
    De Moie géint 10h22 ass d'Luxair De Havilland Q400 mam Atelier-Design vum franséische Kënschtler Loïc Lusnia gelant - eng Landung, déi de Partenariat tëschent dem Concert-Organisateur an der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft quasi offiziell inauguréiert huet. Virdrun hat den Atelier-CEO Laurent Loschetter zesumme mam Luxair-CEO Gilles Feith deen dräijärege Partenariat tëschent dem Atelier an der Luxair virgestallt. Gläichzäiteg hunn de Laurent Loschetter an d'Jette Kaiser ee kuerzen Abléck ginn an 30 Joer den Atelier, am Laf vun deenen eng 2.300 Concerten organiséiert goufen - a si hu geteast, wat nach alles u Festivitéite wäert kommen. De Jeff Schinker war trotz senger Fluchangscht schonn de Moie fréi um Findel - an huet sech mat der Jette Kaiser iwwer d'Festivitéiten an d'Kollaboratioun mat der Luxair ënnerhalen.
    11 min
  • Pressekonferrenz vum OCL
    Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL, huet haut op eng Pressekonferenz am Grand Théâtre agelueden. Niewent der Presentatioun vun der Saison 2025-26 gouf och de Programm vum Jubiläumsconcert fir de 50. Gebuertsdag vum Orchester virgestallt, deen de 15. Mee an der Philharmonie ass, esou wéi e Buch vum Alain Steffen iwwer d'Geschicht vum Orchester. D'Marie Trussart war mat dobäi an erzielt eis méi doriwwer.
    9 min
  • Musique Plus
    Mat Musique Plus initiéiert United Instruments of Lucilin een interaktive Projet, bei deem et méi wéi nëmmen ëm Musek geet.
    Tëschent Abrëll a Juli gëtt op fënnef Weekender d'Musek nämlech mat anere Beräicher kombinéiert: Architektur, Literatur an och den eegene Sënner.
    Wéi dat Konzept a Realitéit ausgesäit a wat Iesse mat zäitgenëssescher Musek ze dinn huet, doriwwer schwätzen de Guy Frisch an Olivier Sliepen mam Lex Kauffmann.
    8 min
  • Am Gespréich mam Antoine Pohu an der Anne Simon
    "Spring Awakenings" bréngt dem Frank Wedekind säi "Frühlingserwachen" aus dem Joer 1891 an eis Zäit - also vun enger Zäit, an där Sexualitéit fir Jugendlecher een Tabu war an eng Zäit, an där am Internet eng ganz Enzyklopädie zum Theema ee Slide mam Fanger ewech ass. Wisou d'Stéck nawell esou aktuell ass, wéi sech den Originaltext mat neie Geschichten, déi a Workshoppen an der Zesummenaarbecht mat Jugendlechen entstane sinn a wisou et befreiend ka sinn, eng Textvirlag ze hunn - dat hunn d'Metteure en scène Anne Simon an de Schrëftsteller Antoine Pohu dem Jeff Schinker wärend sengem Besuch am Kapuzinertheater verroden.
    21 min
  • Chère Maman
    Eng BD vun der Sophie Adriansena Mlle Caroline. Et geet hei ëm Mammen, déi toxesch kënne sinn. Den Nicolas Calmes huet d'BD gelies.
    5 min
  • Sound Effects Workshop
    Wann Dir Iech scho mol selwer u Sound Effecter wollt probéieren, kënnt Dir dat de Sonndeg um PICelectroNIC zu Bouneweg. De radio 100,7 organiséiert do nämlech e Workshop.
    4 min
  • "Il est très important de s'imprégner de cette musique"
    De Samschdeg, de 26. Abrëll, erkléngen am Escher Conservatoire déi bekannte Melodien aus dem Bernstein senger "Westside Story" an aus dem "Candide". Vum Gershwin ënner anerem "An American in Paris". Et ass Musek, an déi een déif muss andauche fir se ze verstoen, well se dacks op Rhythme baséiert, déi net aus eisen europäesche Kulture kommen. Et ass och genee dës kulturell Diversitéit, déi déi amerikanesch Musek aus dem 20.Joerhonnert esou interessant mécht, fënnt d'Pianistin Lina Druart. De Melting Pot New York ass och dat éischt un dat si muss denken, wa si un amerikanesch Musek denkt, wéi d'Lina Druat am Gespréich mam Christophe Mirkes verréit.
    8 min
  • Eng Invitatioun fir eng nei Vue op dem Bert Theis säi Wierk
    Den Numm Bert Theis stoung, a steet, fir eng sozial a politesch engagéiert Konscht: fir kënschtleresch Plattformen, also Installatiounen, déi den Dialog tëschent alle Mënsche fërdere sollen. Dat zu Mailand an zu Lëtzebuerg. Ewell sinn et knapps 10 Joer hier, datt de Kënschtler mat 64 no schwéierer Krankheet verstuerwen ass, mee säin Isola-Projet zu Mailand gëtt weidergeféiert a säin Archiv zu Lëtzebuerg opgeschafft. An do hu sech nei Erkenntnisser erginn, déi d’Escher Konschthal bis Enn September als Expo presentéiert. D’Kerstin Thalau gouf méi vum Curateur Marco Scotini gewuer.
    10 min
  • Out Of The Crowd 2025 - Impressiounen
    De Festival ass zu engem feste Rendez-vous ginn, deen d'Festivalsaison lasstrëppelt a seng Programmatioun net verwässert - ganz am Contraire, wann een d'Andréck vun dësem Joer esou zesummefaasst.
    De Marc Clement an de Jeff Schinker schwätzen iwwer déi éischten ausverkaaften Editioun vum Festival.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners