Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Anne-Marie Reuter am Gespréich
    "M for Amnesia" ass den Titel vum Roman, deen dëst Joer mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent gouf. An eiser Literaturemissioun "Déi wonnerbar Valibrairie" huet d'Valerija Berdi mat der Autorin vum Roman, der Anne-Marie Reuter geschwat. Hei ass en Extrait, wou d'Schrëftstellerin an Editrice iwwer hiert Wierk schwätzt. Dat ganzt Gespréich mat der Anne-Marie Reuter kënnt Dir an eiser Mediathéik lauschteren. “M for Amnesia” ass am Verlag Black Fountain Press publizéiert.
    8 min
  • Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag
    "Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit.
    De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    9 min
  • Filmkritik: "Volveréis"
    Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie hunn de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
    9 min
  • Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"
    Eng Affekotin, déi Sexualverbriecher verteidegt, gëtt selwer zum Affer vun engem Viol, eng Schoulklass studéiert Frühlingserwachen vum Frank Wedekind a mierkt op eemol unhand vun hiren eegenen Erfarunge mat hirer Sexualitéit, wéi aktuell d’Wierk nach ass - an zwou Schauspillerinne weisen d’Limitte vum Feminismus. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".
    18 min
  • Philharmonie: Saison 25/26
    Haut de Moien (05.05.) huet d’Philharmonie hir nei Saison virgestallt. De Programm baséiert op 4 Grondprinzipien: “Leading Figures”, “Une saison inédite pour notre orchestre”, “Les récits du Monde” an “Openness.Collaboration.”. Deemno stoungen déi grouss Klassikstaren am Vierdergrond, d’Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Saison ouni Chefdirigent, Musek a Kulturen aus aller Welt, a Collaboratioune mat educativen Aktivitéiten.
    E Begrëff, dee wärend der Pressekonferenz och ëmmer nees opgetaucht ass, war d'Accessibilitéit. Wat dat genee heescht, erkläert de Christophe Mirkes am Gespréich mam Jeff Schinker.
    8 min
  • Am Gespréich mam Maz a Julien Primout
    Am Géigendeel zum Siren’s Call, deen der Sintflut vum leschte Joer zum Affer gefall ass, huet de Messtival dat miserabelt Wierder vum leschte Joer iwwerlieft a geet a seng véierte Ronn. Domat gëtt en esou lues zu enger Institutioun am Süde vum Land. De Jeff Schinker huet den Organisateur Julien Primout an de Curateur Maz bei eis an de Studio fir ee Gespréich agelueden.
    11 min
  • Rethinking photography mat Serge Ecker a Patrick Galbats
    Den 10. European Month of Photography, kuerz EMOP, ass mat "Rethinking photography" iwwerschriwwen. Kräiz a queesch uechter eis Kulturinstitutioune kënnt Dir vun elo u visuell Aarbechte vun internationalen an nationale Kënschtler:innen a Fotograf:innen entdecken, déi de Medium hannerfroen, an deels ganz experimentell Äntwerte ginn. An den Diddelenger Centres d'art Nei Liicht an Dominique Lang sinn Eenzelausstellunge vu Serge Ecker a Patrick Galbats opgaangen: an do dominéiert d'Fro a wéiwäit e Fotograf sech nei erfanne kann. D’Kerstin Thalau beim Expo-Hopping zu Diddeleng
    7 min
  • Um Radar - de Weekend
    Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir de Weekend net sollt verpassen.
    4 min
  • Jonk sinn am 21. Joerhonnert

    Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d’Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D’Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.

    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners