
Sign up to save your podcasts
Or


De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dem Englänner Mike Leigh seng nei Tragikomedie, déi aktuell am Kino leeft. En Extrait aus dem Grousse Kino.
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL feiert seng 50 Joer. Ënnert anerem gëtt dofir de 15. Mee op e Jubilämsconcert an der Philharmonie agelueden. Fir d'Occasioun ass d'Marie Trussart op Éinen gaangen, do wou 1974 alles ugefaangen huet. Do huet hat sech mat der Geiistin Dominique Poppe an dem Professer Joseph Groben getraff: allebéid ware bei deenen éischte Momenter vum Orchester mat dobäi. Si hunn sech ënner anerem doriwwer ënnerhalen, wéi alles ugefaangen huet, wat den Orchester zanter 50 Joer nach ëmmer zesummenhält a si hu verroden, wat si sech fir d'Zukunft vum Orchester wënschen.
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d’artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d’Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland.
Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d’Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d’Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners