Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Op Demokratie a Fräiheete sensibiliséieren
    Zil ass et, op Demokratie a Fräiheeten ze sensibiliséieren. Ech spieren, datt et verschiddene Schüler um Häerz läit.
    De Georges Urwald arrangéiert a komponéiert selwer Wierker, ma ass gläichzäiteg Enseignant zu Iechternach am Lycée. Zesumme mat senge Schülerinnen a Schüler hunn si ee gemeinsame Projet mam Ensemble Vocal du Luxembourg: Iwwer Demokratie, Fraerechter a Fräiheete sangen an domat de Publik sensibiliséieren. Ënnert dem Motto: Do you hear the People?
    Entstanen si bei dësem Projet eng sëllege Lidder, dorënner och véier Stécker déi bei engem Concert Méindes, den 19. Mee 2025 am Trifolion zu Iechternach gesonge ginn.
    Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwert d'Konzept, ma och d'Erfarungen déi am Grupp bei dësem Projet gemaach goufen.
    7 min
  • Festival de Cannes: "Eddington" vum Ari Aster an der Competitioun
    No “Beau is Afraid” a sengem radikale Portrait vun enger vu Psychosen zerfriessener Psyche polariséiert den Ari Aster mat “Eddington”, engem Neo-Western, deen als Allegorie op den Albdram, deen d’US-Amerika vun haut ginn ass, ka gelies ginn. Fir eng Rei Kritiker de grousse Flop vun der Competitioun, fir anerer en absolut Meeschterwierk. Wéi de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher de Film fonnt hunn – dat lauschtere mer elo.
    12 min
  • Een Duo deen einfach "matcht"
    De Carlos Ferreira an de Pedro Emanuel Pereira kommen allen zwee aus Portugal. Kenne geléiert hunn si sech awer virun e puer Joer zu Amsterdam. Iert si dann ee Klarinette-Piano-Duo gi sinn, hunn si Futtballmatcher zesumme gespillt. "De Futtball war fir d'éischt, an et huet zanter dem Ufank einfach gematcht tëscht eis zwee", seet de Carlos Ferreira.
    Aktuell ass den Duo op Concertstournée an Europa wéinst der Serie "Rising Star" vun der ECHO (European Concert Hall Organization), a nom leschte Concert zu Porto ass de nächste Stopp den Dënschden, 20. Mee an der Philharmonie um Kierchbierg.
    Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Carlos Ferreira méi, iwwert hiert Kenneléieren an och iwwer de Programm, deen e Mix aus Schumann, Debussy, an och méi neie Wierker ass. Mat dobäi ass och eng eege Kompositioun vum Pianist, déi hien extra fir de Klarinettist geschriwwen huet.
    11 min
  • Um Radar: Weekend
    Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a gëtt eis eng Selektioun vu Kultur-Rendez-vouse mat an de Weekend.
    7 min
  • Festival de Cannes: Ee Coup de coeur an eng Enquête iwwer Policegewalt
    Eng Fra, déi bei der Inspektioun vun der Police schafft a wéinst engem Virfall vu Policegewalt tëschent d'Fronte geréit, ee Mann, deen seng Duechter an der marokkanescher Wüst op enger Rave Party sicht an d'Brutalitéit vun der Natur fënnt - den zweeten Dag vun der Competitioun belount eis weider mat spannende Filmer - an enger méiglecher Palme? Dem Jeff Schinker a Marc Trappendreher hir Analyse vun „Dossier 137“ vum Dominik Moll a „Sirât“ vum Oliver Laxe.
    15 min
  • Eurovision Song Contest 2025 zu Basel
    Lëtzebuerg ass an der Finall vum Eurovision Song Contest – d’Laura Thorn konnt sech jo gëschter Owend an der Halleffinall mam Lidd “La Poupée monte le son” duerchsetzen. Muer den Owend ass dann di grouss Finall, an der nach am ganze 26 Länner géinteneen untrieden.
    6 min
  • Rivals
    D'Serie hëlt eis mat an d'Groussbritannie vun den 1980er Joren, wou eng Rivalitéit entbrennt an der Welt vun de Fernsee-Chaînen. De Simon Larosche stellt eis d'Serie fir.
    4 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners