Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Eng Lëtzebuerger Johannespassioun
    Bei deene meeschte Klassik-begeeschterte Leit wäert den Titel "Johannespassioun" intuitiv den Numm Johann Sebastian Bach matschwénge loossen. Den 31. Mee an den 1. Juni kann een hei zu Lëtzebuerg Liveopféierunge vun enger Lëtzebuerger Johannespassioun lauschtere goen. Et ass déi vum Jean-Pierre Kemmer. Domat ass d'Johannespassioun ganz sécher net klassesch. De Christophe Mirkes huet sech mat der Dirigentin Steffi Schlink iwwert d'Wierk ënnerhalen, an ënner anerem och wéi een un d'Noute vun dëser Passioun kënnt.
    7 min
  • "Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester"
    Fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker stoung elo ee grousse Wiessel un. De Gustavo Gimeno hält no 10 Joer als Chefdirigent op, an de leschte Freide war säi leschte Concert an där Roll an der Philharmonie. Dat markéiert d’Enn vun enger grousser Era, iwwert déi den Alain Steffen elo e Buch erausbruecht huet. “Luxembourg Philharmonic. Das Zukunftsorchester” heescht dat, an doranner zeechent de Lëtzebuerger Schrëftsteller d’Visioun an de Parcours vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Net nëmmen seng eege Wieder kann een doranner liesen, mee och déi vu sëllege Personnagen aus der Welt vun der klassescher Musek. Een Héichpunkt am Buch ass fir den Alain Steffen seng Begéinung mam Pierre Cao. Den Alain Steffen huet hien deemools als jonken Dirigent kenne geléiert, an huet seng Entwécklung ganz genee matkritt.
    Méi Detailer iwwert säi Buch verréit den Alain Steffen am Gespréich mam Marie Schockmel, e puer Deeg virum leschte Concert mam Gustavo Gimeno als Chefdirigent.
    9 min
  • Gustavo Gimeno: säi leschte Concert als Chefdirigent
    Haut den Owend (23.05.) dirigéiert de Gustavo Gimeno säi leschte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Den 100,7 iwwerdréit den Abschidsconcert live aus der Philharmonie. Wat den Owend ze erwaarden ass, beschwätzt de Marc Clement mam Christophe Mirkes. Et ginn och éischt Ablécker an dee leschte groussen 100,7-Interview mam Gustavo Gimeno, an deem hie vu sengen Erënnerungen aus engem Joerzéngt un der Spëtzt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker erzielt a seng perséinlech Gedanke fir d'Preparatioun fir säi leschte Concert verréit.
    7 min
  • Hokube: When It Went Quiet Vol. 2
    Elegant Hip-Hop-Texturen, gedroe vun nostalgesche Samples, bestëmmen dem lëtzebuergesche Beatmaker Hokube säin neie Projet "When It Went Quiet Vol. 2"- Dobäi lancéiert sech och an e puer ausgewielte Kooperatiounen, déi perfekt an d’Faarwe vu senger Plack passen. Op zwee Tracks sinn d'Stëmme vum Rapper Saint James Jr an der Sängerin PrettyPalace ze héieren. Op engem weideren Track hei spillt de Victor Müller mat, an des Gäscht waren dann och all mat dobäi op der Release vun dëser EP am Gudde Wëllen de Samschde virun enger Woch.
    8 min
  • Festival de Cannes: Déi dräi Lëtzebuerger Koproduktiounen ënnert der Lupp
    Mir sinn op engem Dag vun der Präisverleihung a mëttlerweil sinn och déi dräi Lëtzebuerger Koproduktiounen op der Croisettte gelaf. De Jeff Schinker huet se allen dräi gesinn an ass hei vu Cannes zougeschalt, fir eis seng Andréck ze ginn. A seng Aschätzung, op Lëtzebuerg dëst Joer eventuell nees mat engem Präis (oder zwee) kéint heemgoen.
    9 min
  • Um Radar: Weekend

    Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a gëtt eis eng Selektioun vu Kultur-Rendez-vouse mat an de Weekend.

    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners