Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Les héros du peuple sont immortels
    Eng BD vum Stéphane Oiry iwwert de Punkmuseker a Kriminelle Gilles Bertin. Hie war net nëmme Singer-Songwriter a Bassist bei der Band Camera Silens, mee huet och e Geldtransport iwwerfall. Duerno war hie jorelaang op der Flucht.
    7 min
  • Wat sollen d'Museker vu muer kënnen?
    An der Philharmonie gëtt et net nëmmen d'Lëtzebuerger Philharmoniker, mee och d'Orchestra Academy. Dat ass eng Ausbildungsinstitutioun an där jonk Musekerinnen a Museker aus der ganzer Welt intensiv forméiert gi fir eng Karriär als zukünfteg Orchestermuseker:innen unzetrieden. Net nëmmen an der Philharmonie gëtt et esou eng Orchesterakadmie, mee vill aner Concertshaiser an Europa hunn dat och. Den 23. Mee hunn sech all déi Akademië fir ee Konferenzdag an der Philharmonie getraff. D'Haaptfro war: Wat solle Museker vu muer kënnen a wat solle mir hinnen haut bäibréngen?
    D'Akademie vum BR (Bayerischer Rundfunk) war och do, vertrueden duerch d'Luisa Fischer aus der Geschäftsführung. Fir si war et déi éischt Konferenz mat anere Responsabele vun Orchesterakadmien aus Europa. Zanter 25 Joer scho ginn et an der BR-Akademie ëmmer 18 Akademisten, déi fir 2 Joer ausgebilt ginn. Nieft der Musek spillen awer och den interkulturellen Austausch an d'kierperlech a mental Gesondheet eng grouss Roll.
    Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit d'Luisa Fischer méi iwwer d'Zesummenaarbecht vun den Akademien, a wéi den Alldag vun engem Akademist ausgesäit, a wat d'Roll vun den Akademien am Fong ass.
    14 min
  • Vill Disharmonie nom neie Brexit-Ofkommes
    Zanter dem Brexit ass et vill méi komplizéiert fir Museker:innen aus Groussbritannien, déi an der Europäescher Unioun toure wëllen. Mam neie Brexit-Ofkommes hate si gehofft, datt dat sech ännere géing. Mee bis elo ginn et just Verspriechen. D’Claire Barthelemy bericht vu London.
    5 min
  • Mémoires de fortune: eng fotografesch a philosophesch Expo

    Wat geschitt mat eisen Erënnerungen, wa mir net méi do sinn? Déi Fro hu sech de Fotograf Patrick Galbats a seng Partnerin, d‘Philosophin Camille Moreau, gemeinsam gestallt. Si ware reegelméisseg fir zwou Auer um Bréisseler Floumaart, op der Place jeu de balles, wann d‘Händler ewechgehäit hunn, wat si net verkafe konnten, an hu Fotoen an Objete gesammelt bis de Botzdéngscht koum. Mat dëse Souveniren hu si d‘Expo “Mémoires de fortune“ am Diddelenger Konschtzentrum Dominique Lang montéiert. D‘Kerstin Thalau am Gespréich mat der Camille Moreau an dem Patrick Galbats

    13 min
  • 150. Doudesdag vum Georges Bizet
    Een Theaterstéck, dat wéineg Succès hat, mee duerch dem Georges Bizet seng Musek immens gutt beim Public ukënnt: dat ass déi kuerz Zesummefaassung vun der bekannter Orchestersuite “Arlésienne”.
    Am Géigesaz huet d'Kompositioun an d'Oper “Carmen” bei hirer Uropféierung esou guer net iwwerzeege kënnen. An ass dach haut eng vun de meeschtgespillten Operen iwwerhaapt.
    Jo, de Georges Bizet huet ee ganz interessanten CV virzeweisen. Ee Grond fir am Kader vu sengem 150. Doudesdag dëst besonnescht Liewe Revue passéieren ze loossen. Eng Recherche vum Jean Thill, am Gespréich mam Lex Kauffmann vum opus 100,7.
    6 min
  • "Un perdant magnifique“ huet gewonnen!
    De Prix du Livre Inter geet dëst Joer un d’Florence Seyvos fir hire Roman “Un perdant magnifique”. Dat huet de franséische Radiosender France Inter den 2. Juni annoncéiert. Eng Jury vu 24 Persounen, gläichermoosse Frae wéi Männer, huet sech fir de Roman vun der franséischer Autorin entscheet. D’Florence Seyvos kritt domat, nom Prix de la Closerie des Lilas, schonn den zweete Präis fir hiert Wierk. Wat d’Buch dann esou besonnesch mécht, erzielt eis de Jeff Schinker.
    7 min
  • Jean-François Laguionie + Tarantula: Slocum + moi
    De véierte Juni leeft dem Animatiounsmeeschter Jean-François Laguionie säin Dessin Animé “Slocum e moi” bei eis am reguläre Kinosprogramm un. Dobäi handelt et sech ëm eng Koproduktioun vun der lëtzebuerger Produktiounsfirma Tarantula. De Jean-François Laguionie hat “Slocum et moi” am Mäerz, also am Kader vum Luxembourg City Filmfestival, héchstperséinlech presentéiert. Firwat mir dat esou betounen? Ma well de Cinéast de leschten Hierscht 85 Joer al ginn ass an annoncéiert huet, “Slocum et moi” wier da säi leschte Film. En Interview mam Jean-François Laguionie war fir de Michel Delage dowéinst e Must
    21 min
  • D'Passioun fir d'Kläng vum Akkordeon
    De Richard Galliano ass professionellen Akkordeonist a scho méi wéi 50 Joer op der Bün. Mat 74 Album-Produktiounen zielt hien zu den aktuelle Weltakkordeonisten. Net nëmmen huet hie Generatioune vu Museker:inne Joerzéngte laang gepräägt, mee och vill fir d'Entwécklung an d'Akzeptanz vum Instrument a verschiddene Genrë wéi dem Swing, Jazz, Tango oder sengem eegene Stil, der Neier Musette gemaach. Grouss Museker wéi den Astor Piazzolla hunn zu sengem enke Frëndeskrees dozou gehéiert.
    Haut den Owend, den 02. Juni 2025, kënnt de Museker fir ee Concert zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg op de Kierchbierg an d'Philharmonie. De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet sech an deem Kader mam Museker iwwer seng Karriär ënnerhalen.
    7 min
  • TVOD: Interview
    D’New-Yorker Band TVOD - kuerz fir Television Overdose - sinn op Europatour fir hiren éischten Album “Party Time” ze spillen. Leschte Weekend hu si d’Rotondë gerockt. Den Nicolas Calmes war present an huet dem Sänger Tyler Wright e puer Froe gestallt.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners