Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Ted Lasso
    “Ted Lasso” erzielt d’Geschicht vun engem US-amerikanesche Football-Coach, deen ouni Plang awer mat vill Optimismus e brittesche Fussballclub iwwerhëlt. Mat vill Empathie a britteschem Humor geet d’Serie wäit iwwer de Sport eraus a setzt sech mat Theeme wéi mentaler Gesondheet, Rassismus, Homophobie, Leadership a Selbstzweiwel auserneen.
    4 min
  • Den Darko Milowich a säin Ensemble d'arco
    1995 huet alles ugefaangen. Den Darko Milowich huet, passend zu sengem Virnumm, den Ensemble d'arco gegrënnt. Mat dobäi waren och deemools scho grouss Museker:innen aus dem Land. Nieft dem Geiist, deen ursprünglech aus Serbie kënnt, sinn och aner Museker:inne vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat dobäi. Eppes wat den Ensembel och besonnesch mécht, ass datt si ursprünglech vun dräi verschiddene Kontinenter kommen. Dat wichtegst war schonn ëmmer d'Zesummekomme vu verschiddene Mënschen an Natiounen.
    De Samschdeg 14. Juni spillt den Ensembel ee Concert an der Philharmonie, bei deem zwee Programmer fusionéiert goufen: ee voller Humor an iwwer de Witz an een iwwer de Krich.
    Den Darko Milowich verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    10 min
  • Den Ariel Doron: E One-man-Zoo
    De Mëttwoch huet sech Toodler vun enger Marionettefestival-Bün nees an en normaalt Duerf verwandelt; déi ganz Magie huet sech aus dem Stëbs gemaach. Mee mir wollten nach ee vun de Kënschtler zu Wuert komme loossen, deen Dir de leschte Freideg (6.6.) just ganz kuerz bei eis héieren hutt: den Ariel Doron. Schonn eleng, well Dir hie bis an de September eran op Festivaller entdecke kënnt, respektiv Performancen als Clippen um Internet fannt.
    Den Ariel Doron huet sech, no Theater- a Filmstudien zu Jerusalem a Tel Aviv, mat sengem Objet- a Figurentheater weltwäit en Numm gemaach, et bis zu der Figur “Elmo” an der Sesame Street gepackt. Marionetten- an Objete 24 Stonnen op 24, 7 Deeg an der Woch, an dat zanter sengem 12. Liewensjoer! Doriwwer wollt d’Kerstin Thalau méi wëssen.
    12 min
  • Muer de Moie geet d’Fëte de la Musique offiziell lass
    25 Joer ass et hier, datt d’ASBL, déi den Evenement hei am Land koordinéiert, gegrënnt gouf. Gratis, fir jiddwereen op, huet d’Initiativ sech iwwer d’Joerzéngten ëmmer méi wäit beweegt an d’Liewe vun de Stroossen, d’Plaze, d’Kierchen an Altersheemer. An den 1980er vum franséische Minister Jacques Lang an d’Liewe geruff, ass et eng Initiativ, déi zu Lëtzebuerg traditionell mat vill Begeeschterung geéiert gëtt.
    Op der Pressekonferenz virun e puer Deeg huet de Kulturminister der ASBL, déi hire Siège social am Hotel des Terres Rouge huet, gratuléiert, an hat duerno d’Éier, ee ganz räiche Programm anzeleeden. Info op fetedelamusique.lu
    7 min
  • Wat hält London vun der Benoit Martiny Band?
    D‘Lëtzebuerger Jazz-Rockgrupp Benoit Martiny Band huet den 8. Juni hir éischt Tour a Groussbritannien ugefaangen. Firwat dës Concerten dem Benoît Martiny esou vill bedeiten a wéi seng Musek an England ukënnt, dat erzielt Iech d‘Claire Barthelemy.
    6 min
  • Lucilin an der Fondation Valentiny
    De Lëtzebuerger Ensembel United Instruments of Lucilin wëllt mat Musique Plus eng immersiv Experienz fir all Sënner ubidden. De 15. Juni dréit sech dofir an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen alles ëm de Motto Lucilin & Rencontres. Am Mëttelpunkt stinn dräi nei Lëtzebuerger Projeten, ënner anerem mam Patrick Muller, der Océane Müller an dem Alex Lallemang.
    "Horizon Brisé" heescht déi nei Installatioun vum Patrick Muller an der Océane Müller. Hien huet domat ee Stéck fir all Saison kreéiert, fir opmierksam ze maachen op den Effekt vum Klimawandel op d'Joreszäiten. An deem Zyklus huet Lucilin och schonn ee Concert gespillt, an och no dësem hei geet de Projet nach weider bis déi 4 Joreszäiten opgeféiert goufen.
    "Sculptures" ass dann den Titel vun der Performance, déi den Atelier Contemporain vum Stater Conservatoire op d'Bee gestallt huet, a bei där den Alex Lallemang matwierkt.
    Am Gespréich mam Marie Schockmel verroden de Patrick Muller an den Alex Lallemang, wat hanner den neie Projete stécht, a wéi d'Zesummenaarbecht mat Lucilin verleeft.
    10 min
  • Autofiktioun als Selbstdemontage
    Wéi sech e Liewensprojet an der Provence an en Albdram verwandelt, dorëms geet et am Roman “Le Sud n’aime pas les anges” (Editions Les 3 Colonnes) vun der Isabelle Costantini. De Michel Delage huet d’Buch vun der Lëtzebuerger Autorin gelies.
    5 min
  • Iwwer “silicon valleys” an “islands” weltwäit
    Der Daphné Le Sergent hir Thematike sinn déi grouss geopolitesch Froe plus hir Effeten op de mënschleche Kierper. D’Daphné Le Sergent, gebierteg Koreanerin an adoptéiert a Frankräich, ass awer weder Human- nach Naturwëssenschaftlerin, mee Kënschtlerin. An zwar eng, déi mat Hëllef vu mobillen an immobille Biller, reellen a KI-generéierten Opnamen, hybrid Geschichten zu dësem Theema erzielt, fir op eng bannenzeg Zerrapptheet opmierksam ze maachen. Am Espace Cultures vun der Uni um Belval presentéiert si momentan d’Konschtinstallatioun “Silicon islands and war”. D’Kerstin Thalau hat Geleeënheet der Daphné Le Sergent um Belval e puer Froen zu der Aarbecht ze stellen.
    12 min
  • Wéi gëtt d'Uergel fir een Album opgeholl?
    En neien Album ophuelen a produzéieren ass fir all Kënschtler:in ëmmer ee besonnesche Moment. Mee wat, wann d'Opnam net am Studio, mee an enger Kierch stattfënnt? A wéi hëlt een eng Uergel an enger Kierch professionell op?
    De Lex Kauffmann vum opus 100,7 huet dem Organist Alessandro Urbano bei senger neitster Produktioun iwwer d'Schëller gekuckt.
    7 min
  • De Serge Ecker invitéiert eis a fotografesch Tëscheraim
    “Murmurare”: dem Kënschtler Serge Ecker seng aktuell Foto-Expo am Diddelenger Konschtzentrum Nei Liicht dréit en diskreten, onopdrénglechen Titel. Vläicht well hien zanter 15 Joer fräischaffende Kënschtler a Grafiker ass, awer eigentlech kee Fotograf? Allerdéngs start de Serge Ecker seng Projeten heefeg mat Fotorecherchen, fir duerno Skulpturen oder Printen ze realiséieren. Virun zwee Joer hat de Serge Ecker fir eng CNA-Bourse kandidéiert, fir sech awer eemol intensiv mat senger ganz perséinlecher Billerflut ausenanerzesetzen an domat eng Expo op d’Been ze stellen. Also mat deene Fotoen, déi zum ekophilosopheschen Theema “De Mënsch an d’Natur”, respektiv “d’Zesummespill tëschent deenen zwee”, eppes bäidroe kéinten. D'Resultat "Murmurare" ass an der Nei Liicht zu Diddeleng ze gesinn.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners