Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Fotografie vun der Agnès Varda am Paräisser Musée Carnavalet
    Déi franséisch Realisatrice Agnès Varda huet haut absolutte Kultstatus. Mat Filmer an Documentairë wéi “Cléo de 5 à 7”, “Sans toit ni loi” oder och “Les Glaneurs et la Glaneuse” huet si sech als Ikon vum franséische Film etabléiert. Manner bekannt ass der 2019 verstuerwener Kënschtlerin hiert Wierk als Fotografin. Dofir huet de Musée Carnavalet zu Paräis dësen Aarbechten eng Ausstellung dediéiert, déi och d’Relatioun tëschent der Artistin an der Stad an de Mëttelpunkt stellt. De Max Tholl war fir eis kucken.
    5 min
  • Klassesch Musek Open-Air
    Den 29. Juni spille Museker:inne Wierker vu Brahms, Zemlinsky a Pavel Haas. Deels si manner populär Wierker dobäi, déi een awer haut net vergiesse soll, mengt de Leo Halsdorf am opus 100,7 Interview.
    Ob Concerte spillen oder programméiere méi ee grousse Challenge ass, och dat verzielt hien am Gespréich mam Lex Kauffmann.
    7 min
  • The White Lotus
    Eng Serie, déi eis mat an e Vakanzen-Idyll hëlt. Et stellt sech awer no an no eraus, datt net alles esou schéin ass, wéi een den éischten Ament kéint mengen. De Simon Larosche stellt d'Serie vir.
    5 min
  • Kënschtler:innen nom Reality Check
    Wien oder wat ass ideal fir e “Reality Check”? Fir d’Ekipp vun der Escher Konschthal natierlech d’Konscht. Bis de Sonndeg inclus presentéiert si an enger Gruppenexpo eng hallef Dose Kënschtler:innen, déi konkret Realitéiten op hir Manéier mat, gréisstendeels, der Konschtfotografie iwwersetzen. Dorënner och dräi Lëtzebuerger:innen: d’Séverine Peiffer, déi mam Nass-Kollodium schafft, engem Procédé aus dem 19. Joerhonnert; de Marc Schroeder, Ex-Banquier, mat sengem perséinlechen Temoignage iwwer 40 Deportéierten aus Transsylvanien, déi ënner dem Stalin d’UDSSR mat rekonstruéiere sollten; an d’Foto- a Filmkënschtlerin Birgit Ludwig mat hirem Fotojournal “Antidotes”. D’Kerstin Thalau ass vun hir méi iwwer Gëft e Géigegëft gewuer ginn.
    13 min
  • "Clamser à Tataouine" vum Raphaël Quenard
    Mat "Clamser à Tataouine" bréngt dee jonke franséische Schauspiller Raphaël Quenard ee provokante Roman iwwer eng verzweifelt Erzielfigur, déi zum Mäerder gëtt, eraus. Ob de Quenard genee esou gutt schreift, wéi e spillt - an ëm wat et wierklech a sengem éischte Roman geet, verréit eis de Jeff Schinker.
    5 min
  • Whisky

    Eng BD, geschriwwe vum Bruno Duhamel a gezeechent vum David Ratte. Et geet ëm zwee Sans-Abrisen, där hir Situatioun weider eskaléiert. Den Nicolas Calmes huet d'BD fir eis gelies.

    8 min
  • Dieren tëschent Museksgenren opmaachen

    Et wëllt een nei Dieren tëschent de verschiddene Museksgenren opmaachen. Dat seet d'Florence Martin, artistesch Directrice zanter 2024 vun der Cité musicale-Metz. Elo huet si déi nei Saison virgestallt, déi ënner dem Motto "D'Fënster zur Welt" steet. Museker:innen aus verschiddene Länner kommen am Programm zesummen. Mee ass een immens breede Mix net ze vag fir ee Saisonsprogramm oder soll ee sech grad bei Programmatioune méi trauen? Dat huet de Lex Kauffmann vum opus 100,7 d'artistesch Directrice am Gespréich gefrot.

    7 min
  • "Die tödliche Doris“ an der Galerie Requisite

    Wolfgang Müller aus Wolfsburg ... kléngt wéi ee Witz? Mee genee iwwer deen Här wëllt d’Kerstin Thalau hei schwätzen. Well dem Kënschtler, Auteur a Museker seng Konzeptkonscht nach bis den 22. Juni inclus an der Escher Konschthal ze gesinn ass. “Galerie Requisite” dokumentéiert dem Wolfgang Müller säi kënschtleresche Wee: vun der Grënnung vun der legendärer Berliner Post-Punk-Band “die tödliche Doris” 1980 an hirer Opléisung a Wäiswäin 1987 bis zu der Ouverture vum Doris-Archiv 2019. Iergendwou tëschent Placken, Skulpturen, Fotoen a Videoe stéisst een ëmmer nees op d’Doris, obschonns si eigentlech och zu Esch duerch hir Absence glänzt ...

    13 min
  • Kulturellt Tentakelwiesen
    Deene richtege Kënschtler:innen eng Visibilitéit ze ginn, dofir ginn déi 4 Programmatricen a Programmateuren esou zimmlech alles, och wann déi grouss Rotonde zou bleift an amplaz ee reduzéierte Black Box Espace zur Verfügung steet an aner logistesch Bausstelle-Barriären no Ëmweeër verlaangen. Net nëmmen ass d’Programmatioun mat all hiren Ëmweeër en determinéiert Héichhale vu Valeuren a Projeten, déi iwwer d’Joren zu feste Rendez-vousen, Kollaboratiounen a laangfristege Vecteuren am Lëtzebuerger Kulturliewe gi sinn. De PicElectronique, musikalesch an elektronesch Spillwiss fir Grouss a Kleng, funktionéiert am Bouneweger Park genee esou gutt an et kann een der Ekipp vertrauen, datt si bei alle Projeten an Evenementer d’Experienz an eng sozial Abettung an de Vierdergrond stellen, déi am Land hires Gläiche sicht.
    5 min
  • Musek am Atertdaul
    5 Gemengen aus der Vallée de l'Attert tëschent der Belsch a Lëtzebuerg gi sech fir déi mëttlerweil 27. Editioun Rendez-vous beim Festival Musique dans la Vallée. Rezent gouf de Programm aus der Editioun 2025 presentéiert.
    Ee Grond fir de Lex Kauffmann mat der Directrice Sylvie Hubert iwwer d'Programmatioun ze schwätzen.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners