Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Assises cuturelles 2025: Een Iwwerbléck
    Op de Kulturassisë gouf bis dato all zwee Joer gekuckt, wou de Kultursecteur an der Ëmsetzung vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 dru wier. Dat bal 200 Säite schwéiert Dokument war dem Jo Kox, Premier Conseiller ënner der Kulturministesch Sam Tanson, säi kulturpoliteschen Opus Magnum. Iwwer de sougenannte KEP ass gëschter (26.6.) op den Assises culturelles am CAPE zu Ettelbréck relativ wéineg geschwat ginn, amplaz huet de Kulturminister Eric Thill een Aktiounsplang an d’Liewe geruff fir d’Kultur zu Lëtzebuerg méi accessibel ze maachen. De Jeff Schinker war op der Plaz.
    Virum Marie Trussart sengem Bäitrag iwwer d’Etude zu kulturelle Pratiken an dem Interview mam Premier Conseiller Carl Adalsteinsson, deelt de Jeff Schinker seng Andréck an Analys zu den Assisen.
    7 min
  • De Kapp als Gaart ....

    Sidd Dir an der Lescht emol duerch Péitruss- a Pafendall ënnerwee gewiescht? Da sinn Iech eventuell hei an do bronze metalle Placken, mat poetesche Sätz, opgefall? Si sinn den héije Wee opgeriicht ginn, an an hirem Réck wiisst Gréngs, also Kraider an och verschidde Blummen. Backen a Placke sinn dem Marco Godinho säi Bäitrag zur LUGA, der Luxembourg Urban Garden Open-Air-Exhibition. De lëtzebuergesch-portugisesche Konzeptkënschtler stellt net just aus, mee invitéiert punktuell och op poetesch Trëppeltier laanscht seng Placken. D’Kerstin Thalau an de Bryan Bast mat Impressiounen aus dem Pafendall

    11 min
  • "Mam John Cage eng Champignonszopp kachen"
    D'Museker:inne vum Lëtzebuerger Ensembel fir nei Musek United Instruments of Lucilin maachen aktuell eng Residenz an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen. Den 29. Juni proposéiere si e Concertsdag ganz ronderëm de Motto Musique + Equilibre. Um Programm steet Nei Musek vu ville verschiddene Komponisten. Am Mëttelpunkt steet den John Cage, ee vun de berüümtste Komponisten aus dem 20. Joerhonnert. Den Olivier Sliepen ass Saxophonist bei Lucilin an ee grousse Fan vum Cage a senger Musek. Wann hien d'Chance gehat hätt, den Amerikaner kennenzeléieren, da wier hie gär zesumme mat him an de Bësch spadséiere gaangen, Champignone sammelen a si hätten duerno zesummen eng Champignonszopp gekacht. Dat a villes méi verréit de Saxophonist dem Marie Schockmel am Gespréich.
    10 min
  • An Eastern Trip
    "An Eastern Trip" heescht den neisten Album vun der Pianistin Sabine Weyer an dem Cellist Dimitri Maslennikov. Do huelen déi zwee hir Nolauschterer an Nolauschterinne mat op eng Rees an ëstlech Länner. Ze héiere sinn net nëmme Wierker vu berüümte Komponiste wéi dem Prokofieff, mee och vu manner bekannte wéi dem Miklós Rózsa.
    Nieft de musikaleschen Entdeckungen, déi een hei maache kann, kann een dann och de Cover vum Album bewonneren. Et ass en definitiv méi aussergewéinleche Cover, deen den Duo op engem Motorrad weist. Dat soll hir Rees op dësem Album symboliséieren.
    Déi zwee verrode méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    9 min
  • Lëtzebuerg op dem 42. Marché de la poésie zu Paräis
    Vu leschte Mëttwoch bis e Sonndeg war zu Paräis déi 42. Editioun vum Marché de la Poésie, dee gréisste Poesie-Event a Frankräich. Mat dobäi war Kultur I lx mat engem Stand, op deem d’Kultur-Export-Agence dem Public an den Editeuren déi Lëtzebuerger Poesie méi no bruecht huet. Wat zeechent dës aus a wéi steet et ëm si? Eise Korrespondent Max Tholl war leschte Freideg um Marché.
    6 min
  • Am Gespréich mat der Claire Wagener an der Elsa Rauchs
    D’Biergerbühn, ee Projet-Phare vum Kollektiv Independent Little Lies, erlaabt et, net professionelle Mënschen, déi sech fir Theater begeeschteren, sech mat Professionellen aus dem Theater am Kader vu Workshoppen auszetauschen - an u gemeinsame Projeten ze schaffen. No "Doheem", engem Stéck, dat 2022 am Ferroforum opgeféiert gouf, feiert Enn der Woch hiren neie Projet “The Stranger Song” an der Kufa Premiere. D’Metteuse en scène Elsa Rauchs a Claire Wagener, déi d’Biergerbühn zanter 2022 zesumme leede, si live am Studio beim Jeff Schinker.
    16 min
  • Als “Intro” fir d’Biennale vu Venedeg 2026
    De leschte September war et d’Nouvelle, datt d’Aline Bouvy 2026 Lëtzebuerg op der renomméierter Konschtbiennale vu Venedeg representéiere wäert. Déi belsch-lëtzebuergesch plastesch Kënschtlerin, déi 1974 zu Bréissel op d’Welt koum, notzt d’Konscht als Outil, fir d’Grenzen, d’Hierarchien an d’Kontrollmechanisme bannent Espacen an Normen ze hannerfroen. Dat heefeg op eng spilleresch bis ironesch-satiresch Manéier. An d’Dimensioune bei hire Skulpturen a Molereie kéinte fir en “AliNe in Wonderland” stoen. Vu muer u presentéiert d’Aline Bouvy am Casino Lëtzebuerg an der Ënneschtgaass mat der Expo “Hot Flashes” eng Aart Amuse-Bouche fir Venedeg. Dozou hat d'Kerstin Thalau e puer Froen.
    18 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners