Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Die tödliche Doris“ an der Galerie Requisite

    Wolfgang Müller aus Wolfsburg ... kléngt wéi ee Witz? Mee genee iwwer deen Här wëllt d’Kerstin Thalau hei schwätzen. Well dem Kënschtler, Auteur a Museker seng Konzeptkonscht nach bis den 22. Juni inclus an der Escher Konschthal ze gesinn ass. “Galerie Requisite” dokumentéiert dem Wolfgang Müller säi kënschtleresche Wee: vun der Grënnung vun der legendärer Berliner Post-Punk-Band “die tödliche Doris” 1980 an hirer Opléisung a Wäiswäin 1987 bis zu der Ouverture vum Doris-Archiv 2019. Iergendwou tëschent Placken, Skulpturen, Fotoen a Videoe stéisst een ëmmer nees op d’Doris, obschonns si eigentlech och zu Esch duerch hir Absence glänzt ...

    13 min
  • Kulturellt Tentakelwiesen
    Deene richtege Kënschtler:innen eng Visibilitéit ze ginn, dofir ginn déi 4 Programmatricen a Programmateuren esou zimmlech alles, och wann déi grouss Rotonde zou bleift an amplaz ee reduzéierte Black Box Espace zur Verfügung steet an aner logistesch Bausstelle-Barriären no Ëmweeër verlaangen. Net nëmmen ass d’Programmatioun mat all hiren Ëmweeër en determinéiert Héichhale vu Valeuren a Projeten, déi iwwer d’Joren zu feste Rendez-vousen, Kollaboratiounen a laangfristege Vecteuren am Lëtzebuerger Kulturliewe gi sinn. De PicElectronique, musikalesch an elektronesch Spillwiss fir Grouss a Kleng, funktionéiert am Bouneweger Park genee esou gutt an et kann een der Ekipp vertrauen, datt si bei alle Projeten an Evenementer d’Experienz an eng sozial Abettung an de Vierdergrond stellen, déi am Land hires Gläiche sicht.
    5 min
  • Musek am Atertdaul
    5 Gemengen aus der Vallée de l'Attert tëschent der Belsch a Lëtzebuerg gi sech fir déi mëttlerweil 27. Editioun Rendez-vous beim Festival Musique dans la Vallée. Rezent gouf de Programm aus der Editioun 2025 presentéiert.
    Ee Grond fir de Lex Kauffmann mat der Directrice Sylvie Hubert iwwer d'Programmatioun ze schwätzen.
    5 min
  • "Versions des faits" am TNL
    "Versions des faits” erzielt d’Geschicht vun enger eelerer Koppel, déi un enger Vergëftung stierft an domat eng Gemeinschaft op d’Kopp geheit, déi no engem Schëllege sicht - an an der Persoun vun engem Aussenseiter, deen ee Bistrot an ee Gaart nees opliewe gelooss huet, och ee perfekte Responsabele fënnt. D’Nathalie Ronvaux, déi dëst Joer Hausautorin am TNL ass, huet een donkelt Stéck iwwer eng postfaktuell Welt geschriwwen, déi haut nach bal méi wéi soss hire Sündenbock braucht. Een Dag virun der Première vum Stéck am TNL huet de Jeff Schinker d’Schrëftstellerin zesumme mat der Metteuse en scène Liss Scholtes bei sech am Studio agelueden.
    24 min
  • Lëtzebuerg, ee Fréijoersmärchen
    Mam Gedichter-Epos “Deutschland - ein Wintermärchen“ huet den Heinrich Heine déi politesch Verhältnisser vun der Restauratiounszäit an Däitschland satiresch a sarkastesch kritiséiert. Schonn dräi Joer virdrun haten d'Joreszäite bei sengem "Atta Troll - ein Summernachtstraum" eng Aart shakespearianesch Roll iwwerholl. An de Komponist Franz Schubert huet verschidde Reesbiller als "Lieder" vertount. Och mir hunn eis un d'Kompositioun vun eisem eegene "Fréijoersmärchen" erugetraut ...
    8 min
  • "Er hat dieses Klavier patentieren lassen"
    Vum 30. Juni un, gëtt et an der BNL (Bibliothèque Nationale du Luxembourg) eng Austellung iwwer de Pierre Nimax senior. Hie war ënner anerem Dirigent vun der Militärmusek, Kappellmeeschter vum groussherzoglechen Haff, Pianist, Organist, Komponist, Sänger a Pädagog. 2021 ass hien am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Säi villfältegen Engagement huet d'Lëtzebuerger Musekszeen gepräägt. Dat ass elo och a Form vun enger schrëftlecher Biographie opgeschafft ginn. Do ginn et an engems verschidden Ablécker a privat Dokumenter. Zum Beispill ee Bauplang fir e speziellen Dirigéier-Piano.
    De Christophe Mirkes huet sech mat der Schrëftstellerin Elisabet Wirtz-Lemmel vum Buch "Zwischen Tasten und Taktstock" iwwer dat ofwiesslungsräicht Musekerliewe vum Pierre Nimax senior ënnerhalen. Ugefaangen huet d'Gespréich mat der Fro, wat d'Wierke vum Pierre Nimax senior. tëschent den Tasten an dem Taktstaf dann ausgemaach huet.
    9 min
  • De 15. Monodrama Festival an der Banannefabrik

    Zanter 15 Editiounen ass de Monodrama d’Referenz zu Lëtzebuerg fir dat, wat een ee “Seul en scène” nennt: Wann d’Theatersaison esou lues auskléngt, pilgeren d’Theaterunhänger wärend enger zéng Deeg an d’Banannefabrik, fir do national an international Solo-Kreatiounen ze gesinn. Vun engem fënnef Stonne laange Faust bis zu kuerzen Abléck an nei Kreatioune vun nationalen an internationale Regisseurinnen, Schauspillerinnen an Dänzerinnen ass vun all Zort Theater an all Längt eppes dobäi. De Jeff Schinker huet d’Daliah Kentges an de Steve Karier am Studio, fir sech mat hinnen iwwert de Festival, dee leschte Freideg ugefaangen huet, ze ënnerhalen.

    15 min
  • Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.
    Iwwert d’Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. En etlech fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d’Akaafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionnéieren, an domat d’Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbutték si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeléng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D’Kerstin Thalau huet mat Diddelénger Membere vun der Cooperative geschwat.
    Dëst Gespréich ass eng Rediffusioun aus dem Mee 2024.
    56 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners