Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "Bad Influence: The Dark Side of Kidfluencing“
    Iwwer d’Geforen, déi Sozial Medie fir Kanner duerstellen, gëtt vill geschwat. Wéi ass et awer mat deene Kanner, déi virun der Kamera stinn? Een Documentaire op Netflix weist déi däischter Säit vun de Kidfluencer, also Kanner, déi als Influencer op Plattforme wéi YouTube, Instagram an TikTok immens vill Sue verdéngen. D’Claire Barthelemy huet eragekuckt.
    5 min
  • Wéi eng Plaz hunn d'Fraen an der klassescher Musekswelt?
    An der Kultur zu Lëtzebuerg sinn d'Frae nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Dat weist den Etat des lieux, deen de CID | Fraen an Gender wärend der Saison 2022-23 gemaach huet. D'Resultat ass erschreckend. Knapp ee Véierel vun de Plazen am kulturelle Secteur si vu Frae besat. An der klassescher Musek sinn dës Zuelen esouguer nach méi extreem: 80,9 Prozent vun de Plaze si vu Männer besat. D'Marie Trussart schwätzt mat Fraen aus dem kulturellen a feministesche Beräich iwwer dës Situatioun an iwwer hir perséinlech Erfarungen.
    Participanteën:
    • Alena Baeva, Geiistin
    • Chloé van Soeterstède, Dirigentin
    • Claire Schadeck, Chargée de projets CID | Fraen an Gender
    • Mariana Florea, Presidentin The Network
    Musek:
    • Helen Buchholz (1877-1953): Nocturno
    Marco Kraus, Piano
    • Lou Koster (1889-1973): Toute vie
    Orchestre Estro Armonico Luxembourg
    Jonathan Kaell, Direktioun
    • Catherine Kontz (geb. 1976): Murmuration
    Cathy Krier (Piano)
    55 min
  • Josephine Schmoll: 100. Doudesdag
    De 6. Juni 1925 stierft d'Komponistin a Pianistin Josephine Schmoll, aarm wéi eng Kierchemaus an der Fondation Pescatore. Well si keng Ierwen hat a keen, dee sech ëm hire Nolass gekëmmert huet, geréit si a Vergiessenheet. Mëttlerweil gëtt si dacks als déi “alleréischte Lëtzebuerger Komponistin” bezeechent. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster, wéi d'Komponistin erëmentdeckt gouf, a wéi engem historesche Kontext d'Josephine Schmoll gelieft a komponéiert huet, op wéi eng Erausfuerderunge si gestouss ass an ob si wierklech déi alleréischt Lëtzebuerger Komponistin war.
    10 min
  • Koll an Aktioun - Een Iwwerbléck
    Francis of Delirium, Scarred, Rollschungfueren, de Kënschtlerkollektiv Maskénada, de Radio 100,7 – dat a villes méi gëtt et dëse Weekend zu Uewermaartel um Koll an Aktioun. Fir ze kucken, fir ze schmaachen, an net ze vergiessen: fir ze lauschteren. Et gëtt vun allem wat e Festivallsgoer sech ka wënschen. Fir sech aus dem vaste Programm eng méi konkret Iddi ze maachen, huet den Nicolas Calmes sech mam Organisateur Georges Goerens an de Volontariat-Coordinatricen Claire an Audrey ënnerhalen. Si fänken hiert Gespréich mat de verschiddene Theemen vun den dräi Festivalsdeeg un.
    14 min
  • Den Ariel Doron um Marionettefestival zu Toodler
    Den Ariel Doron gehéiert net just zu de populäerste Poppespiller vun Israel. No Theater- a Filmstudien zu Jerusalem an Tel Aviv huet hie sech mat sengem Objet- a Figurentheater weltwäit en Numm gemaach, et bis zu der Figur “Elmo” an der Sesame Street gepackt. An elo ass hien zu Lëtzebuerg, haut (6.6.) fir e Marionetteworkshop an de Rotonden, vu muer (7.6.) un ë. a. als “one man zoo” mat Giraff in the streets of Toodler. Marionetten- an Objeten 24 Stonnen op 24, 7 Deeg an der Woch, an dat zanter sengem 12. Liewensjoer!
    7 min
  • D’Duerf Toodler verwandelt sech an eng eenzeg Marionettebün
    Toodler ka sech just an eng perfekt Bün fir den 10. Marionettefestival verwandelen, wa ganz vill Hänn fräiwëlleg am Asaz sinn. Iwwer 100 Membere vu Veräiner, vu Choralen iwwer Sportclipp, hu sech spontan gemellt. An eng ganz Partie vun de gutt 100 Awunner, déi eng 13 Scheieren, Schappen, Garagen, Gäert an esouguer d’Kierch iwwer Päischten zur Verfügung gestallt hunn. Esou heescht et am Communiqué vun der Marionettefestival-Ekipp. Mir waren, och zu enger ganzer Ekipp an den Norden an hunn eis do vun der Angélique Donghia, Coordinatrice vum Festival, duerch den Ënnergrond vun Toodler, also duerch d’Preparatiounsaarbechten, guidéiere gelooss.
    17 min
  • Secrets We Keep
    Nodeems eng philippinnesch Aupair an engem räiche Quartier an Dänemark verschwënnt, mécht sech D’Cecilie op d'Sich no Äntwerten a stéisst dobäi op Geheimnisser, déi hir scheinbar perfekt Welt aus dem Gläichgewiicht bréngen. Secrets We Keep ass en Thriller, dee manner mat Spannung a méi mat Sozialkritik iwwerzeegt.
    4 min
  • D'FAMIL vun de Lëtzbuerger Museker
    De Jo Welfringer schwätzt mam Pol Belardi iwwer eng nei Associatioun, déi d'Interessi vun de Lëtzebuerger Bünebéischter vertrëtt. Wat genee d’Ziler vun der FAMIL sinn a wat zu Lëtzebuerg nach néideg ass fir Museker d’Liewe méi einfach ze maachen, doriwwer huet de Jo Welfringer mam Comitésmember vun der FAMIL Pol Belardi geschwat, deen ënner anerem selwer Jazzmuseker ass an hei um Radio 100,7 d’Jazzsendung Genuddels a Gejiips mat-moderéiert.
    12 min
  • 100 Joer Theodorakis am Tramsschapp

    Op Initiativ vun der Ariel Wagner-Parker ginn um Lampertsbierg mat insgesamt dräi Chéier déi bekanntste Melodië vum Mikis Theodorakis opgeféiert. Dräi Chéier trieden den 11. Juni 2025 zesummen am Tramsschapp op. Dat sinn den Ambitus, d'Chorale vun der Communauté hellénique a Membere vun der Associatioun Sequenda. De Grond ass dem griichesche Komponist Mikis Theodorakis säin 100.Gebuertsdag, deen dëst Joer gefeiert gëtt. D'Ariel Wagner-Parker huet dëse Concert initiéiert. Domat schléisst si u Concerten un, déi hire Mann, de Guy Wagner (Auteur vum Buch "Mikis Theodorakis, une vie pour la Grèce" a fréieren 100,7-Mataarbechter mat enger eegener Serie iwwer de Mikis Theodorakis), zënter den 1970er Jore mat der Musek vum griichesche Komponist programméiert huet. Nieft dem Concertsprogramm huet d'Ariel Wagner-Parker dem Christophe Mirkes am Gespréich vill biographesch Detailer iwwer de Mikis Theodorakis verroden.

    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners