Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Mike Bourscheid als Märchejeeër?
    Den Embellie-Festival am Neimënster 2. Deel:
    Net nëmmen d’Performerin Clio Van Aerde, mee och de Performer Mike Bourscheid, gebiertegen Escher a Wal-Kanadier, huet sech an de leschte Jore mat de sougenannten Tâches ménagères beschäftegt. An zwar fir um Enn e Kuerzfilm ze dréien, an deem Biischten, Hoer an aner Objeten d’Haaptroll iwwerholl haten. Bei Embellie invitéiert hien op eng Lektür-Performance, eng märchenhaft hoereg Affär, wéi d’Kerstin Thalau gewuer gouf.
    6 min
  • Aarbechtsgesten als Konschtperformance
    D’Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d’Konscht awer. An dowéinst invitéiert d’Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L’embellie. Do geet et net einfach just ëm Opklärung oder Verbesserung, nee: do sollt Dir Geleeënheet kréien, d’Kreatioun vu muer ze entdecken, Konscht bei där alles méiglech ass, respektiv gëtt. Hanner quasi all Neimënster-Dier erwaarden Iech den 1. Juni Musiker:innen, bildend Kënschtler:inne, Dänzer:innen, an anerer. Déi meescht vun hinne waren oder sinn an enger Kënschtler:inne-Residenz an der fréierer Abtei a Prisong. Esou zum Beispill d’Clio Van Aerde. D’Kerstin Thalau huet d’Performerin a Bünebildnerin am Gronn besicht.
    14 min
  • Supacell
    Wat géif geschéien, wa 5 normal Mënschen op eemol Superkräften hätten? Dat ass d'Fro, déi an dëser TV-Serie am Mëttelpunkt steet.
    5 min
  • Glass for Two
    Glass for Two ass den Titel vum Concert, deen de Vibraphonist Pascal Schumacher zesumme mat der Pianistin Danae Dörken den 1. Juni um 5 Auer an der Loretto Kapell zu Klierf gëtt. Um Programm sti Stécker aus hirem leschten Album Glass Two, deen als Hommage un de Komponist Philipp Glass geduecht ass. Wat huet de Rond-Point bei der Luxexpo mam Philipp Glass ze dinn? Wat ass eigentlech e Rework a wéi eng gemeinsam musekalesch Sprooch deelt de Schumacher mam Glass? Ënner anerem dat, verréit hien am Gespréich mam Marie Trussart, an och firwat den amerikanesche Komponist hien esou faszinéiert.
    10 min
  • Opgepasst: Marionetten a Scheieren, Garagen, an de Stroossen

    A wa se net gestuerwe sinn, dann danzen se nach haut? Effektiv, "se", also d'Marionetten, sinn nees lass. Zu Toodler ass iwwer Päischten di 10. Editioun vum Marionettefestival, an dat gëtt natierlech grouss gefeiert: et erwaarden iech eng 15 national an international Kënschtlertruppen, bei iwwer 90 Spektakelen/ Animatiounen/ Kreativatelieren/ Concerten; dat kräiz a queesch duerch Toodler. Bedeit a Scheieren, Garagen an esouguer an der Kierch. D'Kerstin Thalau huet d'Coordinatrice Angélique D'Onghia an de Studio invitéiert, fir méi iwwert de Secret vum Succès vum Festival gewuer ze ginn.

    23 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners