Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Brooklyn Nine-Nine
    Eng Policeserie, déi Humor mat relevanten Theeme vermëscht a ganz vill spannend Charakteren ze bidden huet.
    5 min
  • SeleXion
    "Luxemburg sucht den Superstar", awer fir zeitgenëssesch Musek. Dat erwaart de Public am Théâtre National du Luxembourg, kuerz TNL. D'Stéck gouf vum Komponist Claude Lenners a vum Regisseur Frank Hoffmann konzipéiert, mee wann een d'Beschreiwung vum Stéck liest, ass een sech net sécher. Ass et en Theaterstéck, eng Tëléemissioun oder villäicht e bësse vun deenen zwee? Ënner anerem dat, probéiert d'Marie Trussart am Gespréich mam Claude Lenners a mam Frank Hoffmann erauszefannen.
    10 min
  • Den TalentLab steet virun der Dier
    Den Dialog tëschent confirméierten an emergente Kënschtlerinnen a Kënschtler, dem grousse Publik an den Institutiounen ze fërderen, ass d‘Zil vum TalentLab, deen elo säin 10. Gebuertsdag feiert. Vum 30. Mee bis den 8. Juni gëtt awer net just gefeiert, mee d‘Stater Theatere bidden en ofwiesslungsräiche Programm un. D‘Valerija Berdi huet mam Tom Leick, dem Direkter vun de Stater Theatere geschwat. All Detailer iwwer de Programm ass op der Säit theatre.lu ze fannen.
    8 min
  • "Fell Violently on My Face" - Eng Neiverëffentlechung vu Communicaution
    Dëse Mount koum eng nei EP vu Communicaution eraus. D'Wierker wiesselen tëscht Soloakustiklidder vum Eric Rosenfeld a Lidder mat der ganzer Studioband mam Dirk Kellen a Charel Stoltz of. Dës lescht EP, "Fell Violently On My Face", ass vun der zweeter Zort. Wéi den Eric Rosenfeld am Gespréich mam Nicolas Calmes erkläert, geet mat dëser Release e ganz neit Kapitel am mëttlerweil 20 Joer ale Museksprojet op.
    10 min
  • Festival de Cannes: "Ee Rendezvous mat mir selwer": Am Gespréich mat der Vicky Krieps

    D’Geschicht vum Interview ass bal esou laang, wéi den Interview selwer. Als Virbereedung op de Film Love Me Tender vun der Anna Cazenave Cambet an op den Interview mat der Vicky Krieps hat de Jeff Schinker d’Buch vun der Constance Debré, op deem de Film baséiert, aus senger Bibliothéik gekroopt a vergiess, et an d’Valise ze leeën. Zu Cannes huet en d’Buch nach eemol kaf, just fir et um Sonndeg am Kino leien ze loossen, dat, nodeems en eréischt d’Hallschent dovu gelies hat – no 22 Filmer innerhalb vu 5 Deeg een Effet vun der Middegkeet. Am Bichergeschäft zu Cannes louch et net méi, well hie sech et selwer ewech kaf hat, an zwou Librairien zu Antibes war et och net ze fannen, wouwéinst dann de béise mä effikasse Liwwerservice dee mer all kennen huet missen dru gleewen. Den Interview selwer z’organiséieren war änlech schwéier, als éischt krut eise Journalist eng Ofso, duerno eng Waardelëscht fir ee Kollektivinterview mat der internationaler Press, ma quasi a leschter Sekonn ass et em gelong, net just d’Buch fäerdeg ze liesen, ma och ee One on One Interview ze kréien, dank engem immens effikassen a sympatheschen Attaché de presse. Fir eng laang Geschicht kuerz ze halen: Den Interview huet stattfonnt – a wat d’Vicky Krieps iwwert hir Roll an der Verfilmung vu Love Me Tender, hir nei Produktiounsfirma Viktoria Productions an d’Absence vum neien Jim Jarmusch Film op der Croisette ze soen huet – dat lauschtere mer elo.

    11 min
  • Lëtzebuerger Geieconcerto opgeholl
    "to beam in distant heavens..." ass den Titel vum Georges Lentz sengem éischte Concerto fir Gei. De Lëtzebuerger Komponist lieft zanter 1990 an Australien a kritt vill Iddie fir seng Kompositioune wärend hien Zäit an der australescher Wüst verbréngt. Fir säi spirituell an astronomesch ugehauchte Geieconcerto huet hien sech vill vum Stärenhimmel am australeschen "Outback" inspiréiere gelooss. 2018 hat déi däitsch Geiistin Arabella Steinbacher hie gefrot, fir e Geieconcerto fir si ze komponéieren. 2023 war dann d'Uropféierung zu Sydney an déi europäesch Uropféierung war hei am Land mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Philharmonie.
    Elo hunn d'Lëtzebuerger Philharmoniker zesumme mat der Arabella Steinbacher een Album mat deem Geieconcerto erausbruecht. De Lëtzebuerger Komponist verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    7 min
  • Venedeger Architektur-Biennale – Eng Bréck tëschent Konscht a Wëssenschaft?
    Wéi kann een d’Architektur prett fir d’Zukunft maachen? A liwwert se nei Léisungsusätz fir den aktuellen a globale Problemer, wéi zum Beispill dem Klimawandel entgéint ze wierken? Dëst sinn déi zentral Froen, op déi d’Organisateure vun der Venedeger Architektur-Biennale wëllen opmierksam maachen. Ee Virsaz dee geléngt? De Joé Birchen war fir eis op der Plaz, an huet Andréck an Highlights vun der Expo matbruecht.
    8 min
  • Festival de Cannes: Am Gespréich mat der Charlotte Bruneau

    Nieft engem Fokus op Lëtzebuerg, deen et dem Visiteur erlaabt, fënnef Lëtzebuerger VR-Produktiounen ze entdecken, ass de Grand-Duché och an der VR-Competitioun present, dat mat "The Dollhouse", engem interaktiven, immersive Projet, deen ënner anerem thematiséiert, wéi Familljen sech Muechtverhältnisser weiderginn. De Jeff Schinker war sech d'Poppenhaus am Keller vum Carlton Hotel ukucken an huet sech duerno mat der 100,7-Journalistin Charlotte Bruneau ënnerhalen, déi de Projet zesumme mam Dominic Desjardins ko-realiséiert huet.

    9 min
  • Musikfestspiele Saar 2025
    "Einheit, Freiheit, Vielfalt" - dat ass de Motto vun de Musikfestspiele Saar 2025. Déi ganz Editioun steet ënnert dem Zeeche vun Europa, an dofir war den éischte Concert och de 9. Mee um Europadag zu Berlin. Bis Enn Juni gëtt et nach eng Rëtsch un diverse klasseschen an experimentelle Concerten. Nieft lokale Museker:innen an Ensembele kommen och weltbekannter dofir an d'Saarland. Dorënner sinn den Diotima Quartett an déi jonk Dänzercompagnie "Junior Ballet de l'Opéra de Paris".
    Net nëmmen de Museksprogramm ass ganz faarweg, mee och d'Concertsplazen. Nieft ville groussen a klenge Kierche geet et iwwer enger ganz normaler Garage zu Saarbrécken bis an de Saarlännesche Staatstheater an den Theater am Ring zu Saarlouis.
    Op der Affiche stinn awer och méi innovativ Formater, wéi eng Kulturrees vun e puer Deeg an d'Stad Chemnitz, an een Dag op deem ee ganz vill Concerten a Caféen zu Saarbrécken genéisse kann.
    D'Eva Behr, kënschtleresch Leederin vum Festival, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    7 min
  • Point invisible
    2020 huet déi Lëtzebuerger Dichterin Ulrike Bail hiert Gedichtband "wie viele faden tiief" am Conté-Verlag publizéiert. 2021 ass si fir dëst Wierk mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent ginn. Elo ass dëst Wierk iwwersat ginn an am franséische Verlag "blancs volants" kierzlech publizéiert ginn. Am Buch kann een der Ulrike Bail hier Gedichter zweesproocheg entdecken. D'Ludvine Jehin an dem Jean-Philippe Rossignol hunn d'Gedichter an d'Franséischt iwwerdroen. D'Ulrike Bail an d'Ludivine jehin sinn haut Invitéeë beim Valerija Berdi.
    14 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners