Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Een duebele Jubiläum!
    Eemol 175 Joer an eemol 60 Joer feieren de Stater Méchelschouer an d'madrigal du Luxembourg mat engem gemeinsame Concert an der Kierch um Houwald.
    Esou eng laang Chouertraditioun bitt dann och vill Input, déi lescht Joerzéngte Revue passéieren ze loossen. Ma och ze kucken, wéi et der Lëtzebuerger Chouer-Zeen aktuell geet a wéi eng Erausfuerderungen an Zukunft waarden.
    Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mat den Dirigente Jochen Schaaf a Gerry Welter vun den zwee Chéier ënnerhalen.
    12 min
  • Hannah Ida a Lukas Grevis: Galaxies
    D'Songwriterin Hannah Grevis - Bünennumm Hannah Ida - huet ee Brudder beim Film: de Lukas Grevis. Zesummeschaffen, dat wier deenen zwee virun e puer Joer ni an de Sënn komm. Bis d'Hannah hir Experienz vum Danzen am Club an eng lëfteger, Organelle-baséiert Indie-Pop-Nummer verwandelt huet, an de Brudder net méi anescht konnt, wéi Deel vu "Galaxies" ze ginn. De Marc Clement war op de Videdréi.
    11 min
  • European Song Contest zu Basel : Halleffinall
    Den Owend ass déi zweet Halleffinall vum Eurovision Song Contest, op där sech decidéiert, ob Lëtzebuerg sech fir di grouss Finall e Samsde qualifizéiere kann. Lëtzebuerg ass dëst Joer vertrueden duerch déi 25 Joer jonk Laura Thorn, mam Lidd “La poupée monte le son”, an trëtt den Owend als 13. Vun 16 Länner op.
    8 min
  • Festival de Cannes: Eng Competitioun, déi donkel an daper ufänkt
    Nodeems de Film d'Ouverture enttäuscht huet, fänkt de Wettbewerb staark, awer donkel un: Mat dem däitschsproochegen transgenerationelle "Sound of Falling" vun der Mascha Schilinski an "Deux procureurs" vum Ukrainer Sergei Loznitsa sinn zwee Filmer um Start, déi op ganz verschidde Manéieren iwwert den Totalitarismus schwätzen - an déi eigentlech allen zwee scho kéinte mat engem Präis couronnéiert ginn. De Jeff Schinker ass dem Marc Trappendreher op der Terrasse des Journalistes am Palais des Festivals op der Croisette begéint - an déi zwee hunn sech iwwert déi zwee Filmer ënnerhalen.
    13 min
  • Electric Miles
    Eng BD vum Zenarist Nury an dem Zeechner Brüno, déi eis an eng Science Fiction-Welt mathëlt. Beim Nicolas Calmes huet si awer e battere Goût hannerlooss.
    7 min
  • D’ Kultur-Exportagence Kultur | lx zu Venedeg
    Leschte Weekend huet d’Architektur-Biennale zu Venedeg hier Dieren opgemaach. Nieft 64 anere Länner, stellt och Lëtzebuerg op der renomméierter Konschtausstellung mat aus. An zwar mat dem Projet “Sonic Investigations”, enger Klanginstallatioun, déi een d’Landschaft vum Grand-Duché nei erliewe léisst. Kommissär vum Lëtzebuerger Pavillon ass ënnert anerem déi National Kultur-Exportagence Kultur | lx, déi de Projet vum Ufank bis zum Opbau zu Venedeg begleet huet. D’Eléonore Mialonier, Beoptraagt fir Architektur, Design a Konschthandwierk, huet dem Joé Birchen verroden, wéi een sech op d’Biennale virbereet huet.
    8 min
  • De Sidney Sho bei engem internationale Concours fir Dirigenten
    De Lëtzebuerger Dirigent an Organist Sidney Scho ass bei der Final vun engem internationale Concours fir Orchesterdirigenten zu Bukarest mat dobäi. Den 23 järegen ass am Moment Dirigent an Directeur Musical vum Cercle Symphonique vu Rëmeleng an huet eng grouss Passioun fir de Lëtzebuerger Museksrepertoire. D’Marie Trussart huet kuerz virum leschten Tour mam Dirigent ënner anerem doriwwer geschwat, wéi de Concours gelaf ass a wéi eng Bedeitung dee fir seng Karriär als jonken Dirigent huet. An hat huet den Dirigent gefrot, wéi et him iwwerhaapt geet, kuerz virun der Final.
    4 min
  • Cannes - d'Ouverture
    Gëschter war d’Ouverture vum Festival de Cannes mat der üblecher Zeremonie an dem Film d’ouverture. No "Jeanne du Barry" vun der Maïwenn am Joer 2023 a "Le deuxième acte" vum verréckten an hyperaktive Quentin Dupieux lescht Joer ass mat "Partir un jour" vun der Amélie Bonnin nees ee franséische Film um Start. De Jeff Schinker schalt sech live bei eis an de Studio mat éischten Andréck vum Festival.
    10 min
  • Ausbléck op d'Lidder beim ESC
    Dës Woch geet den ESC zu Basel a seng nächste Ronn. Zesumme mam Sophie Schroeder huet sech de Simon Larosche e puer vun de Lidder ugelauschtert, déi do performt ginn.
    13 min
  • Optakt Filmfestival vu Cannes
    Déi 78. Editioun vum Festival de Cannes start haut den Owend. Um Programm stinn, wéi ëmmer, eng Hellewull u Filmer. Mir maachen de Point mam Jeff Schinker, dee fir eis op der Plaz ass
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners