Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Vun der Konscht liewen - mee wéi?

    Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d’artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d’Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland.

    Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d’Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d’Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.

    51 min
  • “Sonic Investigations” zu Venedeg
    Dëse Samschdeg ginn d’Diere vun der Architektur Biennale zu Venedeg op, a fir dës 19. Editioun ass och Lëtzebuerg mat der Ausstellung “Sonic Investigations” dobäi. En Donneschden a Freideg ass d’Avant-Première vun der Biennale. De Joé Birchen war de Moien (08.05) am Lëtzebuerger Pavillon a krut och schonns éischt exklusiv Ablécker an d’Ausstellung.
    6 min
  • Mozart a Reger am Dialog
    De Mozart an de Reger hunn zu verschiddenen Zäite gelieft a sech deemno ni kennegeléiert. Beim nächste Concert vun der Kammerata Luxembourg begéinen déi zwee sech awer an engem eenzege Programm. Ganz nom Motto "Mozart a Reger am Dialog" geet et dorëms ze weisen, wat déi zwee gemeinsam hunn a wat si vuneneen ënnerscheet.
    D'Presidentin a Geiistin vum Grupp, d'Sandrine Cantoreggi, verréit méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    8 min
  • Le Coup de Majesté
    De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D’Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Joerhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.
    12 min
  • 111 Plazen zu Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn hunn...
    Si ass Schrëftstellerin an Editrice, zënter 2012 leed si de Verlag Capybarabooks. Haut ass d‘Susanne Jaspers awer bei eis fir e Buch virzestellen, wat eng weider berufflech Richtung vun hir ausmécht. E Reesguide, deen eis duerch Lëtzebuerg féiert. "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" ass den Titel vun dësem Wierk, deen am Emons:-Verlag publizéiert ass. Wéi geet e vir fir 111 Plazen ze sichen an ze fannen a vill weider Froe beäntwert d'Susanne Jaspers am Gespréich mam Valerija Berdi.
    22 min
  • Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat
    Am Kontext vum European Month of Photography, kuerz EMOP, ginn zu Lëtzebuerg grad eng Hellewull Fotoexpoen op. "Rethinking Photography" ass de Mount iwwerschriwwen. Vill jonk Fotokënschtler:innen hunn dësen Defi ugeholl, andeems si vereelzt Technike mat innovative Methode fir experimentell Fotoinstallatioune mixen. D'Stater Fotothéik ass esou eng Plaz, wou fréier Fototechniken an hir Pionéier preservéiert ginn. Den Owend invitéiert d'Ekipp op eng Konferenz zum Theema "D'Autochrome vum Batty Fischer". An d'Kerstin Thalau gouf gewuer, firwat esouwuel dee Fotograf wéi och seng Aarbechtsmethod bis haut begeeschteren.
    7 min
  • D'Marcy bereet sech op eng EP-Release vir ...
    Der Marcy hir zweet EP wäert zäitgenëssesche Pop mat Rock-Elementer aus den 2000er Jore verbannen. Nodeems d'Kënschtlerin um United Islands of Prague Festival 2024 gespillt huet an am Februar 2025 fir Livingston an OneLastTime opgetrueden ass, wëlle mir de Point mat hir maachen.
    9 min
  • Anne-Marie Reuter am Gespréich
    "M for Amnesia" ass den Titel vum Roman, deen dëst Joer mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent gouf. An eiser Literaturemissioun "Déi wonnerbar Valibrairie" huet d'Valerija Berdi mat der Autorin vum Roman, der Anne-Marie Reuter geschwat. Hei ass en Extrait, wou d'Schrëftstellerin an Editrice iwwer hiert Wierk schwätzt. Dat ganzt Gespréich mat der Anne-Marie Reuter kënnt Dir an eiser Mediathéik lauschteren. “M for Amnesia” ass am Verlag Black Fountain Press publizéiert.
    8 min
  • Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag
    "Ein musikalisches Feuerwerk zum Europatag" - dat ass de Motto vum Concert, deen Ad Libitum de 9. Mee Moies an der Kierch zu Mäerzeg spille wäert. De Lëtzebuerger Ensembel fir Barockmusek setzt sech zesummen aus 40 Museker:innen, vun deenen ee groussen Deel hei mat dobäi ass. Um Programm steet Musek vu fënnef Komponisten an am Fokus ass dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek. Nieft anere groussen Nimm wéi Vivaldi an Telemann stinn och zwee manner bekannt Komponisten op der Affiche. Een dovunner ass de Benedikt Anton Aufschnaiter, deem seng "Serenada della pace" gespillt gëtt. Am grousse Ganzen ass et e Concert, deen am Zeeche vum Fridde steet, well dat jo d'Haaptiddi hannert dem Europadag ass, wéi de Rosch Mirkes verréit.
    De Leeder vun Ad Libitum, erzielt méi am Gespréich mam Marie Schockmel.
    9 min
  • Filmkritik: "Volveréis"
    Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie hunn de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners