
Sign up to save your podcasts
Or


De Centre des Arts pluriels Ettelbruck, kuerz CAPE, huet säi Programm fir d'Saison 2025-26 virgestallt. An dee steet ënner dem Zeeche vun der Participatioun an der Interaktioun. Ee frëscht Konzept, dat duerch eng nei visuell Identitéit fir d'Kulturhaus soll illustréiert ginn. Wat d'Gedanken hanner dem neie Logo waren, wéi deen am Aklang mat der neier Approche vum CAPE ass a wéi interaktiv de Programm fir déi nei Saison wäert sinn, huet d'Ana Maria Tzekov ënner anerem am Gespréich mam Marie Trussart verroden. Si huet och matgedeelt, wéi hir alleréischt Saison fir si war.
Mat de Kandidate vum Screaming Fields Festival a Contest an der Rockhal ze schwätzen ass all Joer eng grouss Freed fir d’Ekipp vun eisem Radio. Besonnesch well d’Museker:innen déi matmaache vu Joer zu Joer esouwuel u Qualitéit wéi och u Selbstvertrauen zouzeleeë schéngen. Och dëst Joer kréien 8 jonk Kënschtler:innen d’Geleeënheet op der Bün vun der Rockhal hire Sound op d’Prouf ze stellen a vun der Rocklab-Ekipp an hirer Entwécklung weidergehollef ze kréien. 2 vun hinnen, d’Emily Grogan an d’Band Breaking Out sinn am Gespréich mam Marc Clement.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners