Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Avignon: Am Gespréich mam Luc Schiltz an der Sophie Langevin - 1/2

    "Ce que j'appelle oubli" vum Laurent Mauvignier ass een donkelt Stéck, dat op engem nach méi donkele Fait réel baséiert: wéinst enger Béchs Béier, déi ee Mann net konnt bezuelen, gouf hie vun e puer Sécherheetsmänner an engem Supermarché dout geschloen. D'Sophie Langevin hat dëse Prosatext, deen aus engem eenzege Saz besteet, mat hirer Compagnie Junctio adaptéiert an am CAPE uropgeféiert. Iwwer ee Joer méi spéit leeft d'Stéck zu Avignon am 11 - a war um Dënschdeg Moie quasi ausverkaf, wat wuel och doru läit, datt et zu den Télérama-Recommandatioune vun dësem Joer gehéiert. De Jeff Schinker war sech d'Stéck nach eemol ukucken - an huet sech duerno mat der Metteuse en scène Sophie Langevin a mam Schauspiller Luc Schiltz ënnerhalen.

    11 min
  • Mam "Mount Everest" op éischt Tournée
    D’Philharmonie huet zënter 2022 en eegenen Amateursorchester. Deen nennt sech Orchestre Place de l’Europe. Den Amateursorchester vum Konzerthaus Berlin nennt sech Publikumsorchester. Wat déi zwee Orchestere matenee verbënnt, sinn hir Dirigenten. De Benjamin Schäfer vum Lëtzebuerger Orchester an den Dirk Wucherpfennig vum däitschen Orchester sinn nämlech allen 2 Perkussionisten a kenne sech vun hirer gemeinsamer Zäit beim Festival Orchester zu Luzern. Doduerch koum d’Iddi op fir en Austausch mat béiden Orchesteren ze maachen. E Projet, bei deem ronn 120 Instrumentalisten op der Bün stinn. Virleschte Sonndeg koumen déi däitsch Museker:innen op Lëtzebuerg an d’Philharmonie. Gëschter Owend (7.7.) war dann de leschte Concert vun dësem Austausch, an zwar am Konzerthaus Berlin, wat deen éischte Concert am Ausland erméiglecht huet fir den Orchestre Place de l’Europe. De Christophe Mirkes huet d’Museker:innne vu Lëtzebuerg am Konzerthaus bei der Generalprouf besicht.
    9 min
  • LUGA: Poesie an der Natur
    Am Kader vun der LUGA, der Luxembourg Urban Garden, huet de Verband A:LL Schrëftsteller*innen sechs poetesch Spadséiergäng an der Stad organiséiert. An dräi Sprooche bedeelege sech 22 Lëtzebuerger Schrëftsteller:innen mat hire Wierker un dëse poetesche Renconteren ënner fräiem Himmel. Bei all Rondgang kann ee véier Dichter:innen an hir Gedichter kenneléieren. Konkreet Informatiounen hunn d'Ulrike Bail an de Robert Weis, déi heis Invitéë sinn. D'Valerija Berdi féiert duerch d'Gespréich.
    23 min
  • Backseller - Grousse Kino: "Pfau - Bin ich echt?" (Bernhard Wenger)
    Wéi gewinnt all Méindeg e Bléck zeréck op de Grousse Kino vum leschte Samschdeg, wou déi nei Filmer an de Lëtzebuerger Kinoe beschwat ginn. D‘Valerija Berdi an de Michel Delage waren déi lescht Woch véier Filmer kucken: "Materialists" vun der Celine Song, "Enzo" vum Laurent Cantet a Robin Campillo, "13 jours, 13 nuits" vum Martin Bourboulon an "Pfau - Bin ich echt?" vum Bernhard Wenger a genee an d‘Bespriechung vun dësem Film lauschtere mir nach eng Kéier eran.
    11 min
  • E musikalesche 4-Gäng-Menü
    All fënnef Sënner matenee verbannen - dat mécht een net bewosst an net all Dag. Beim nächste Concert vum Ensembel United Instruments of Lucilin an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen de Sonndeg 13. Juli gëtt et net nëmmen Nei Musek vum US-Amerikaner Aaron Einbond ze genéissen, mee gläichzäiteg och ee 4-Gäng-Menü als Mëttegiessen. Dee gëtt op der Plaz zesummegestallt vun de Chefkäch Carlo Sauber an Thomas Murer an der Ekipp aus dem Bouneweger Lycée. Do gëtt de Carlo Sauber schonn zanter 28 Joer seng Passioun vum Kachen un déi méi Jonk weider.
    Am Gespréich mam Marie Schockmel verroden de Chefkach an de Komponist, wéi et zu der aussergewéinlecher Kollaboratioun fir de Concert vu Lucilin koum, wat si bis elo iwwerrascht huet, a wat hinnen am meeschten dru gefält.
    10 min
  • A wie verbessert Är Bicher?
    Bicher wëlle gelies ginn. Dofir brauch een net just Autorinnen an Auteuren, déi dës schreiwen, Editiounshaiser, déi se publizéieren a Librairien, déi se verkafen. Bicher, déi voller Feeler sinn, wou sech Ongereimtheeten era schleisen, an et u Kohärenz feelt, fannen net vill Uklang. Dofir gëtt et e Lektorat, deen awer no baussen net vill Beuechtung kritt. Elo hu sech Lektorinnen a Lektore vu Lëtzebuerg zesummegedoen an e Verband gegrënnt. A fir iwwer hir Aarbecht, hir Revendicatiounen an Erfarungen ze schwätzen, begréisst d’Valerija Berdi d‘Maike Edelhoff an den Henning Marmulla.
    18 min
  • Screaming Fields: Mäna, Yona a Blue-Ish
    Yona a Mäna heeschen déi zwee lescht Participante vum Screaming Fields Festival, déi mir Iech dës Woch virstellen. De Festival-slash-Concours ass muer, Samschdeg, 5.7. an der Rockhal vu 6 Auer un. A fir d’Entdecke vu jonke Lëtzebuerger Talenter nëmmen net ze verpassen, huet de Marc Clement mat hinnen iwwer hir Musek an d’Participatioun um Festival geschwat. Ëmmerhi gëtt et ee Karriärs-Accompagnement vum Rocklab ze gewannen – an d’Geleeënheet, op der grousser Rockhalbün opzetrieden, wat fir déi meescht ee “First” ass. Als éischt huet de Marc mam Mäna geschwat, an um Enn déi viregt Gewënnerin Blue-Ish no hirer Erfarung mam Coaching gefrot.
    13 min
  • Buchrezensioun: "Nos insomnies" vun der Clothilde Salleles
    Ee Familljegeheimnis kann een anert verstoppen: an der Clothilde Salleles hirem éischte Roman "Nos insomnies" geet et ëm eng Famill, déi u kollektiver Insomnie leit. Mee dohannert verstoppt sech een touchante Portrait vun engem depressive Papp, gezeechent vun der empathescher jonker Duechter, déi d'Erwuesseneliewen duerch d'Lëns vun der Depressioun kenneléiert. Ee klengt Meeschterwierk, fënnt de Jeff Schinker.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners