
Sign up to save your podcasts
Or


No sengem bal 700 Säite-Wälzer “Goss“ huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Rewenig elo erëm ee méi schmuelt Buch bei éditions Guy Binsfeld erausbruecht. Wat sech hanner dem Titel “Mir fällt ein Stein vom Herzen und zertrümmert meinen dicken Zeh“ verstoppt, dat verréit eis d‘Valerija Berdi.
Dem Norweger Dag Johan Haugerud säin Drama exploréiert d'Grozon tëschent Sex a Léift. Zënter der leschter Woch leeft de Film bei eis am Kino. Hei nach eng Kéier d'Kritik vum Film aus der Emissioun Grousse Kino. Et schwätzen de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi.
De Ballet National Folklorique du Luxembourg gouf 1962 vun den zwou Schwëstere Josephine a Claudine Bal gegrënnt an huet sech fir d'Bekanntmaache vu folkloristeschen Dänz wéi dem Dauwen-Danz verantwortlech gezeechent. Wéi d'Simone Mousset 2017 hir éischt Produktioun ronderëm d'Bal-Schwësteren opgeféiert huet, war bal ... jiddereen dorop eragefall. De Problem war nämlech, datt et d'Bal-Schwësteren net gëtt - respektiv si just an der fiktionaler Welt vun der Simone Mousset existéieren. Dat huet si awer net doru gehënnert, den Universum weiderzëentwéckelen. 2025 gëtt et net just ee Logo, een T-Shirt an en Instagram ronderëm de Ballet National Folklorique du Luxembourg, "The Great Chevalier", déi neiste Produktioun ronderëm de folkloristeschen Danz-Universum vun der Choregraphin ronderëm de liicht tyranneschen neien Direkter Chevalier huet et op Avignon gepackt - wou sech de Jeff Schinker mat der Simone Mousset ënner anerem iwwer déi schmuel Grenz tëschent Ligen a Fiktioun ënnerhalen huet.
De René Char ass ee vun de bedeitendste franséische Lyriker vum 20. Joerhonnert. De Peter Handke, deen zwee Gedichtszykle vum Char op däitsch iwwersat huet, war mam Char befrënt. Unhand vu Bréiwer, Notizen, Gedichter an Dokumenter dokumentéiert “Gute Nachbarn” aus dem Wallstein Verlag, wéi dës Frëndschaft zustan koum, a wat sech dorauser erginn huet. Dozou méi vum Léon Rinaldetti
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners