Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Sech als Fotograf:in bei 35 Grad am Schiet cool verkafen
    An eiser Serie iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun bei den renomméierte Rencontres de la photo zu Arles hate mir Iech scho mat an de Palais de Luppé geholl, an dee sechs Lëtzebuerger an zwielef belsch Fotokënschtler:innen op méi labber Portfolio-Reviewen an de Palais-Gaart invitéiert gi waren. D’Hallschent vun de Lëtzebuerger Kënschtler:inne war vun der Clierfer Cité de l’image selektionéiert ginn: hir Aussoe fannt Dir an eiser Mediathéik. Déi aner Hallschent war vun de Konschtzentere vun Diddeleng a Südfrankräich geschéckt ginn. An natierlech krut d’Kerstin Thalau och vun dësen Dammen ee Feedback.
    8 min
  • Den Eechternoacher Uergelsummer - ee musikalescht Joerzéngt
    De Jos Majerus ass Titularorganist vun der Iechternacher Basilika an organiséiert zënter Ufank un den Eechternoacher Uergelsummer. Dëse start 2025 a seng mëttlerweil 10. Editioun.
    Dëst Joer sti mam Organist Maurice Clement, Jos Majerus, Ralf Hansjosten an dem Cellist Benedikt Hansjosten souwuel national wéi och international Artisten an der Basilika um Programm.
    Mee wéi eng Relevanz den Uergelsummer fir d'Regioun huet a wéi et a punkto Nowuess an Nofro bei de Jonke bei der Uergel ausgesäit, doriwwer huet sech de Lex Kauffmann vum opus mam Jos Majerus ënnerhalen.
    7 min
  • Summeralbum

    Smerz, den Duo aus den Norgwegerinne Katharina Stoltenberg an Henriette Motzfeldt, huet schonn zanter zwee Méint hir Plack „Big City Life“ dobaussen, déi mir Iech bis elo nach net recommandéiert hunn... Zäit, dat nozehuelen, fënnt de Marc Clement.

    7 min
  • "Schwefelgelb und zitronengrün"
    Déi vill Bréiwer vum Vincent van Gogh u säi Brudder, seng Kënschtlerfrënn, weisen de Moler als Auteur. Hie beschreift net just seng Aarbecht als Kënschtler, mee och seng Opfaassung vun der Konscht an der artistescher Froestellung. De Léon Rinaldetti huet dës Publikatioun, déi d‘Gloria Köpnick an de Rainer Stamm an der Insel-Bücherei vum Suhrkamp-Verlag erausginn hunn, gelies.
    5 min
  • Cosimo Suglia - Roserei
    D’Kamilla, de Bo an de Georges, 13e-Schüler:inne si gutt befrënnt. Literatur, Philosophie a Konschtbeweegunge sinn d’Sujeten, déi si beschäftegen, mol gemeinsam, mol jidderee fir sech. Nieft Emotiounen, Iwwerleeungen an Alldagserliefnesser geroden déi dräi an absurd a surrealistesch Situatiounen. D’Valerija Berdi an de Michel Delage hunn dem Cosimo Suglia säin éischte Roman “Roserei”, deen am Verlag “op der Lay” erauskoum, gelies.
    9 min
  • Congés annulés: The Cookie Jar Complot and Emeraude
    Leschte Freideg den Owend war an de Rotonden de Startschoss fir de Museksfestival Congés annulés. Et geet Schlag op Schlag mat de Concerte bis Enn August an och haut den Owend (30.7.) gëtt et zu Bouneweg live Musek, dës Kéier net aus Kanada, de UK oder Uganda, mee vun hei. Et spillen déi Lëtzebuerger Math-Rocker The Cookie Jar Complot, an dat mat neie Songs a mat Special Guest: d’Gewënnerin vum Screaming Fields dëst Joer,d’ Emeraude Stone, spillt mat. Mir hate scho virun engem Mount op dee Concert agelueden an haten all d‘Museker:innen zesummen am Studio. De Marc Clement huet d‘Gespréich geleet.
    9 min
  • 100. Gebuerstdag - Mikis Theodorakis
    De Mikis Theodorakis gëtt op engem 29. Juli 1925 gebuer. Haut ass hien als Komponist, Schrëftsteller a Politiker bekannt.
    Iwwer 96 Joer, an deenen de Museker Mikis Theodorakis lieft, entstinn iwwer 1.000 Kompositiounen an 1964 duerch de Film “Alexis Sorbas”, de Museksgenre Sirtaki. Mat senger Kompositioun gëtt hien zu engem weltwäite Phenomeen.
    De Mikis Theodorakis engagéiert sech net just an der Musek, mee och fir d’Fräiheete vun all eenzelen. Hie setzt sech géint Drogen, d’Nationalsozialisten an den Terrorismus an a kämpft fir d’Gerechtegkeet op Landesniveau, wéi och fir d’Kulturzeen.
    De Mikis Theodorakis fleegt och eng besonnesch Relatioun zu Lëtzebuerg. An deem Kader loosse mir dem Mikis Theodorakis säi Liewe Revue passéieren.
    4 min
  • Intelligenz. Natierlich. Artifiziell. Kollektiv
    Wéi kann een d’Architektur prett fir d’Zukunft maachen? A liwwert se nei Léisungsusätz fir den aktuellen a globale Problemer, wéi zum Beispill dem Klimawandel entgéintzewierken? Dëst sinn déi zentral Froen, op déi d’Organisateure vun der Venedeger Architektur-Biennale wëllen opmierksam maachen. Ee Virsaz dee geléngt? De Joé Birchen war fir eis zu Venedeg an deelt am Gespréich mam Marc Clement, Andréck an Highlighte vun der Expo.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners