Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Sech als Fotograf:in bei 35 Grad am Schiet cool verkafen
    An ... sidd Dir prett fir eisen nächsten Tour a Südfrankräich? Zu Arles si bis de fënneften Oktober déi 56. Rencontres internationales de la photo. A wéi Dir ewell wësst, ass Lëtzebuerg duerch der Mixed-Media-Kënschtlerin Carine Krecké hire Projet “Perdre le Nord” do ënne vertrueden. D’ASBL Lët’z Arles an eisen Arts Council Kultur:LX hunn awer no 7 Arles-Editioune genuch Rencontere gemaach a Kontakter geknäppt fir nach weideren Artisten an Artistinnen, wann och keng Expo, dann awer dach eng Presenz ze erméiglechen. Zum Beispill bei enger vu ville Portfolio Reviews. D’Kerstin Thalau hat zwar de Chrono um Büro leie gelooss, mee war sech awer ee Bild maachen.
    8 min
  • Summerconcert am Mierscher Theater
    Op sengem Summerconcert 2025 spillt den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg Beethoven, Schnittke a Mozart. Invitéiert gëtt och bei dësem Projet e bekannte Solist. Dës Kéier steet den Orchester mam Felix Klieser op der Bün. Den däitschen Hornist ass nieft sengem musikaleschen Talent och dofir bekannt, datt hien de Cor ganz anescht spillt wéi aner Hornisten. Hie gouf ouni Äerm gebuer an huet dofir geléiert d'Ventiller mam lénkse Fouss ze bedéngen. En aussergewéinleche Solist fir d'Saison 24/25 ofzeschléissen.
    De radio an opus 100,7 iwwerdroen dëse Concert live um 20:00.
    9 min
  • Wéi de Bléck op d’Stater Natur sech bannent 100 Joer verännert huet
    Siwe Milliounen ... wie géif sech iwwer déi net freeën?! D’Ekipp vun der Stater Fotothéik weess hire Schatz, also hiren Archiv vu siwe Millioune Fotoen an Negativer, all Zäit ze schätzen. D’Biller, déi d’tëscht 1850 an haut entstane sinn, maachen nämlech Changementer an Entwécklungen an der Stad siichtbar. An dowéinst wëllt d’Fotothéik hiert Material mat der Ëffentlechkeet deelen: zum Beispill mat hirer Summerexpo am Cercle Cité, bei där bal e Sujet, bal e Fotograf am Mëttelpunkt stinn. 2025 ass et, LUGA oblige, d’Stater Natur. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Gaby Sonnabend an dem Christian Aschman vun der Stater Fotothéik
    9 min
  • Buchkritik: "Le Sud n'aime pas les anges"

    Wéi sech e Liewensprojet an der Provence an en Albdram verwandelt, dorëms geet et am Roman “Le Sud n’aime pas les anges” (Editions Les 3 Colonnes) vun der Isabelle Costantini. De Michel Delage huet d’Buch vun der Lëtzebuerger Autorin gelies.

    5 min
  • Skallsjö Sommarorkester - géint Clichéen ugoen
    Virun zwee Joer war de Skallsjö Sommarorkester schonn eemol op Besuch zu Lëtzebuerg. Dëse Freideg, de 25. Juli zitt et si da fir ee weidere Concert an de Park vun der Villa Vauban fir ee Concert de midi.
    De Skallsjö Sommarorkester ass eng schweedesch Formatioun, déi sech 2013 gegrënnt huet. Nach haut trieden déi haaptberufflech Profimuseker:innen all Summer bei enger Tournée duerch Europa op, bäi där si weise wëllen, wéi ënnerhalsam klassesch Musek ka sinn.
    Egal ob beim Eraussiche vum Programm oder der Location vum Concertsevent. Si soen: "Museker musse schaffen a sech ëmmer nees Neies ausdenken, fir d'Leit ze erreechen. Wann dat net geléngt, ass et de Museker:innen hir Schold."
    8 min
  • Buchkritik: "Arrêt sur enfance" - Manuela Draeger
    De Schrëftsteller Antoine Volodine huet eng ganz eege Welt geschaf, an där hien ënner verschidden Nimm Bicher verëffentlecht: Hien ass och nach de Lutz Bassmann, den Eli Kronauer, de Kollektiv Infernus Iohannes an d'Manuela Draeger. Ënner dem Numm Manuela Draeger verëffentlecht hien elo säin 48. Buch - wat ëmsou méi spannend ass, well mat 49 Bicher säi Wierk definitiv ofgeschloss wäert sinn. Wat genee ee sech ënner dem Volodine senger Welt vum Postexotismus virstelle kann a wéi eng Plaz der Manuela Draeger hire Roman "Arrêt sur enfance" doran huet, verréit eis de Jeff Schinker a senger Rezensioun.
    9 min
  • Op der Sich nom Luxonaut
    Wann ee Lucien Czuga seet, dann denkt een direkt un de Péchert an un de Superjhemp. Elo huet de Lucien Czuga zesumme mam Illustrator Dan Altmann d‘BD “Lëtzebuerg sicht de Luxonaut“ publizéiert an direkt a fënnef Sproochen, ënner anerem op japanesch. Hannergrënn vum Valerija Berdi
    3 min
  • Filmkritik: "Eddington"
    D'Ausernanersetzung tëschent dem Sheriff an dem Buergermeeschter an engem amerikanesche Kaff wärend der Covid-Pandemie aart an en totale Chaos aus ... Dem Ari Aster säi véierte Film ënner dem Skalpell vun der Ekipp vum Grousse Kino, also Michel Delage, Vesna Andonovic a Valerija Berdi.
    9 min
  • LGBTQIA+-Theemen no der Pride Woch
    Zu Lëtzebuerg war et eng Pride Woch, an där immens vill verschiddenen Evenementer ugebuede goufen - vu Sport op Konscht, Kino a Literatur war alles dobäi. Mam Slogan “Stand United against the Backlash” war d‘Pride dëst Joer och e bësse méi politesch wéi soss. Wei steet et ëm dat queert Liewen zu Lëtzebuerg, wann d‘Bünen ofgeriicht an d‘Sponsoren d‘Pride-Fändelen erëm agepaakt hunn? D‘Claire Barthelemy huet Andréck gesammelt.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners