
Sign up to save your podcasts
Or


Uechter d’Welt huet dës Plack zanter 70 Joer Kultstatus: rieds geet vum kanadesche Pianist Glenn Gould sengem Enregistrement vum Johann Sebastian Bach senge “Goldberg-Variatiounen” am Joer 1955. Dem Glenn Gould seng Plack huet sech an deene 70 Joer zu deem wuel bedeitendste klasseschen Enregistrement vun allen Zäit entwéckelt an de Pianist Glenn Gould gouf domat quasi deen éischte Pop-Star op enger klassescher Concertsbün. Beim Glenn Gould kann een ouni Zweiwel den Term vum Ausnamekënschtler benotzen, hien huet d’Musek vum Bach wéi keen anere gespillt, krut an der Interpretatioun vun anere Komponisten awer net d’Unanimitéit. De Glenn Gould hat en aussergewéinlecht Talent, nieft dem absolutte Gehéier hat hien och eng enorm musikalesch Memoire, wann hien eng Suite vun Noute just eemol héieren huet, da konnt hie se ëmmer nees um Piano reproduzéieren. De Glen Gould, deen 1932 gebuer gouf, ass awer schonn 1982 am Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen, mee duerch säin Enregistrement vun de “Goldberg-Variatiounen” gouf hien onstierflech.
Wien zu Lëtzebuerg op de Musekschoulen a Conservatoiren en Instrument léiert ass et gewinnt, reegelméisseg Prüfungen oder Examen ze maachen. Fir e puer geet dat awer net duer. Verschidde jonk Schüler:inne maachen och mat bei nationalen an internationale Museksconcoursen. Fir d'Maria Miteva, Enseignante fir Querflütt un der UGDA-Musekschoul, ass et wichteg, dat ze erméiglechen. Hir Schülerin Candice Diederich huet 10 Joer an huet scho mat 8 Joer bei internationale Concourse matgemaach. Viru Kuerzem huet hatt den zweete Präis bei der MOYSE Competition zu Sofia a Bulgarie gewonnen. Déi jonk Schülerin an hir Enseignante verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners