Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Congés annulés haut, 8.8.: Kabeauché
    D‘Congés annulés, de Summer-Museksfestival vun de Rotonden ass a vollem Schwong. Haut den Owend, 8.8., trëfft do d‘Energie vun enger Rave op déi kommunal Erfarung vun enger Theaterperformance, mat Kabeauché, engem Kënschtler aus dem Kenia, mat senger Band. Firwat datt d‘Abanne vum Public him esou wichteg ass a wat seng Musek soss nach eenzegaarteg mécht, beschwätzt de Marc Clement mam Kabeaushé live an de Rotonden.
    14 min
  • Déi ganz Organisatioun hanner "Portfolio Reviews"
    Bis de 5. Oktober sinn nach déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles, a vu datt déi Kéier och eng ganz Partie Lëtzebuerger a Südfrankräich mat dobäi sinn, deele mir all Freideg e wéineg Fotofestival-Ambiance mat Iech. Déi leschte Kéier ware mir an de Gaart vun der herrschaftlecher Villa Palais de Luppé, wou 6 visuell Kënschtler:inne vu Lëtzebuerg hir Projeten op sougenannte Portfolio Reviews presentéiert hunn. Hire Feedback fannt Dir bei eis an der Mediathéik op 100komma7.lu. Mee wéi koum et iwwerhaapt zu enger Invitatioun fir dëst Evenement? Dat ass d’Kerstin Thalau, do am Gaart, vun den 2 Curatricë Marlène Kreins a Sandra Schwender gewuer ginn.
    8 min
  • Hannah Ida haut an de Rotonden
    D'Hannah Ida spillt déi Kéier net nëmme mat hirer Stëmm, hirer Gittar an hirer aussergewéinlecher Organell, mee och mat engem Cellist op der Bün. Elektronesch goufen et eng ganz Rei Neierungen un der Live-Show, an ... et ass fuschnei Musek am Set. Ee klengt Gespréich, ënner anerem iwwer d'Freed an de Rotonden als Headliner ze spillen
    8 min
  • Instrumenter aus Recup'
    De franséische Kollektiv Du grain à moudre baut Instrumenter aus recuperéierte Materialer: Ënner anerem aus Dousen, Plastiksfläschen oder och Gummishändschen. Mat dobäi ass de Geiebauer Benoit Poulain, deen d'Leit aus dem Kollektiv forméiert huet, aus allem an näischt Instrumenter ze bauen. Näischt geet verluer, näischt gëtt erschaf, alles gëtt ëmgewandelt, dat ass hiert Konzept.
    Am Kader vun der LUGA gëtt de Kollektiv en Atelier fir Grousser a Klenger, dës ganz Woch vu 14 Auer un. Dëse Sonndeg (10.08.) gëtt et dann och e Concert, wou ee lauschtere kann, wéi déi nei gebauten Instrumenter aus dem Atelier schlussendlech kléngen.
    D'Marie Trussart huet de sougenannte Luthier sauvage Benoit Poulain sou wéi de Kënschtler Jorge De Moura am Stater Park besicht an ënner anerem erausfonnt, wéi een aus engem PVC-Rouer eng Flütt baut a wat eigentlech eng Waasserflütt ass.
    Wien beim Atelier nach matmaache wëllt, ka sech nach umellen, an zwar um Internetsite vun der LUGA.
    8 min
  • Kim Sisŭp - Neue Erzählungen von der goldenen Schildkröte
    De Literat a Philosoph Kim Sisŭp, deen am 15. Joerhonnert a Korea gelieft huet, war zu Liefzäite schonn eng Berüümtheet. Dat ass hien och no sengem Doud bliwwen. Seng “Neue Erzählungen von der goldenen Schildkröte”, déi rezent am Reclam Verlag erauskoumen, ginn a Korea zum nationale Kulturierwe gezielt. Firwat dëst Wierk bis haut modern bliwwen ass, verréit de Léon Rinaldetti.
    4 min
  • Eng nei Form, Musek ze erliewen
    D'Siemens AG an d'Bayresch Staatsoper hunn de Klang vum Nationaltheater zu München digitaliséiert. Entstanen ass also een digitalen Zwilling vum Nationaltheater.
    D'Uerdnung vun Orchesteren oder verschidde Konfiguratioune vum Sall kënnen esou an engem 3D-Modell simuléiert ginn. Dëst soll et Museker:innen an Dirigenten an Dirigentinnen erlaben, d'Klangwierkung scho virun der éischter Prouf, beispillsweis doheem, auszeprobéieren. Esou ass et och méiglech eenzel Sëtzplazen am Nationaltheater vum Publikum auszeprobéieren an ze kucken, wéi den Orchester vun der jeeweileger Sëtzpositioun am Sall kléngt.
    3 min
  • Theaterbespriechung: "Lilith" vum Rafael Kohn
    Am Summer ass de ganze Lëtzebuerger Theater am Congé. De ganzen? Net wierklech. Mam Rafael Kohn sengem „Lilith“ huet Maskénada am Kader vun der LUGA eng Open-Air-Produktioun um Start, déi d’Enstéiungsgeschicht aus engem anere Wénkel erzielt. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker ware sech d’Stéck ukucken.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners