Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Filmkritik: "Sorda"
    D'Spuenierin Eva Libertad thematiséiert an hirem Debutfilm d'Schwieregkeete vun enger héiergeschiedegter Mamm. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dësen Drama, dee bei eis am Kino leeft.
    9 min
  • Buchkritik: "Roman de plages" vum Arnaud Catherine
    Ee Schrëftsteller, dee sech vun enger Trennung an enger Depressioun erhuele wëllt, geet dofir op véier Plagen - a sicht domat och seng Vergaangenheet op. "Roman de plages" spillt zwar beim Mier, ass awer kee klassesche Vakanzeroman. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a verréit eis, op et derwäert ass, et mat op d'Plage ze huelen.
    6 min
  • Hannert de Masken. Krazen, bis et wéideet
    Zënter 2017 gëtt den Nationale Literaturzenter den Acteure vum Lëtzebuerger Theater d‘Geleeënheet hir Iwwerleeungen iwwer den Theater vun haut matzedeelen. An der sechster Editioun war dat de Jemp Schuster mat senger Ried mam Titel “Hannert de Masken. Krazen, bis et wéideet“. D’Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
    3 min
  • “Et ass magesch esou vill Leit weltwäit ze erreechen”
    Kuzguncuk ass ee ganz historesche Quartier op der asiatescher Säit vun Istanbul. Do hat d’Pianistin a Komponistin Büşra Kayıkçı laang hire Studio mat hirem Piano an hiren Opnamgeräter. Si kënnt vun Istanbul an huet och do studéiert. Net nëmme klassesch Musek, mee och Innenarchitektur. Fir si beaflosst dat eent dat anert. Mat hiren eenzegaartegen a ganz intimen Improvisatiouns-Concerte begeeschtert si Leit ronderëm d’ganz Welt. De 17. August spillt si hiren alleréischte Concert hei am Land an de Rotonden.
    Wéi si Innenarchitektur an hir Musek verbënnt, an ob si deemnächst en neien Album erausbréngt, ënner anerem dat verréit déi 34-Joer jonk Pianistin am Gespréich mam Marie Schockmel.
    11 min
  • Nora Wagener - Die Sperber Bussard Frage
    Daache mir eppes als Gesellschaft? Dorëms geet et an der “Sperber Bussard Frage“, deem neien Erzielband vun der Nora Wagener, deen am Verlag Guy Binsfeld erauskoum. An dräizéng Erzielunge ginn aktuell gesellschaftlech Sujeten op ënnerschiddlech Manéieren traitéiert: Generatiounskonflikter, Konsum, Aarbecht, Famill, Sexualitéit, Léift, Sozial Medien, dat Ganzt am Kontext vum Afloss vun der digitaler Entwécklung. Méi dozou wëssen d‘Valerija Berdi an de Michel Delage.
    11 min
  • Anika, Arsenal Mikebe a Kabeaushé live zu Lëtzebuerg
    Zanter 18 Joer gi Summer fir Summer an de Rotonden op der Gare d’Congéen annuléiert. Oder besser. Nach bis den 21. August invitéiert d’Ekipp vun de Rotonden op hire Museksfestival Congés annulés, bei deem Concerten, DJ-Sets a verschidden aner Aktivitéite fir kulturell Exploratiounen an Decouvertë bei deene suerge sollen, déi grad net am Ausland ënnerwee sinn. Dozou gehéieren eis Kulturjournalisten, well déi natierlech e Faibel fir Live-Musek hunn.
    D’Kerstin Thalau huet zum Beispill d’Anika, Arsenal Mikebe plus Kabeaushé materlieft.
    11 min
  • De Queer Choir
    All Donneschdeg um 19 Auer gëtt et am Rainbow Center an der Stad eng Chouerprouf: De Queer Choir Luxembourg ass en inklusive Chouer, dee vu Rosa Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt. Dëse ganzen August gëtt de Fokus op déi spirituell Musek gesat. De Chouer séngt nämlech all Joer am Kader vun der interreliéiser Zeremonie vu Rosa Lëtzebuerg, esou wéi wärend der Chrëschtzäit.
    Am Gespréich mam Marie Trussart hunn déi zwee Dirigenten, de Gil Silva an de Paul Feitler erkläert, firwat esou e Projet immens wichteg fir hir Communautéit ass an och wou ee si fir d’nächst ka lauschtere goen. Mee fir d'éischt kläre mir d'Basics: firwat steet de Rainbow Center a wat ass eigentlech e Queer Choir?
    9 min
  • Filmkritik: "Weapons"
    Enges nuets verschwanne 17 Kanner aus der selwechter Schoulklass - bis op ee Bouf ... De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic kommentéieren dësen amerikaneschen Horrorfilm vum Zach Cregger.
    8 min
  • Fabrice Renard - De Carillonneur vun Iechternach

    Et si vill flott Momenter, op déi de Carillonneur Fabrice Renard mat Stolz an Dankbarkeet zeréckkuckt. 26 Joer laang war hie Carillonneur an domat mat verantwortlech fir d'Klackespill an der Basilika vun Iechternach. An der Summerpaus organiséiert hien och 2025 nees "Les Ballades du Carillon", wou d'Visiteuren ee Bléck hanner d'Kulisse vun dësem historeschen Instrument kréien. D'Iechternacher Klackespill zielt nämlech zum eenzege mechanesche Klackespill zu Lëtzebuerg, wat manuell gespillt ka ginn. Bei senger allerleschter "Ballade" hu mir de Museker begleet an iwwer déi flottste Momenter, mee och de Carillon a säi Fonctionnement geschwat. An zum Schluss huet de Museker eis souguer eng Iwwerraschung virgespillt ...

    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners