Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mostra di Venezia: éischt Andréck vum eelste Filmfestival vun der Welt
    De Werner Herzog kritt de Gëllene Léif fir säi Liewenswierk, de László Nemes iwwerzeegt mat "Orphan", engem Familljendrama, dat als politesch Parabel op Ungarn funktionéiert - an de Yorgos Lanthimos enttäuscht, esou eise vum Yorgos Lanthimos reegelméisseg enttäuschte Korrespondent, mat "Bugonia", engem narzistesche Wierk, dat méi spigelt wéi analyséiert. De Marc Trappendreher ass fir eis op der Mostra - a mir schalten op Venedeg fir éischt konkret Andréck vum eelste Filmfestival vun der Welt.
    5 min
  • 4 Minutte Concert ouni Musek
    E Concert ouni Musek? Dat klengt net logesch, an dach ass et méiglech. Den John Cage hat eng grouss Faszinatioun fir d'Stëll a Musek ouni vill Téin. Säi Wierk "4’33" ass revolutionär, well keng eenzeg Nout ze héieren ass. D'Première war den 29. August 1952 bei Woodstock am US-amerikanesche Staat New York. De Publikum war entsat.
    Den John Cage hat eppes gemaach, wat virdrun nach keen esou gemaach hat. Et ass e Wierk, bei deem d’Museker:inne meeschtens einfach nëmmen op hire Still sëtze mat hiren Instrumenter, a keng eenzeg Nout spillen. Dem Cage seng Iddi war et och, all kleng Beweegung aus dem Publikum ze héieren, zum Beispill wann een néitscht. Et geet drëm, datt een sech bewosst gëtt iwwert all aner Geräischer am Concertssall. Einfach gesot: et ass experimentell Musek. De Joachim Fontaine verréit méi.
    11 min
  • 82. Mostra zu Venedeg: Den Optakt
    Virgëschter ass zu Venedeg den eelste Filmfestival vun der Welt ugaangen. Op der 82. Mostra huet Lëtzebuerg dëst Joer d'Film Fauves Koproduktioun "Grand Ciel" an der Selektioun Orizzonti an zwee VR-Wierker am Rennen. De Marc Trappendreher ass zu Venedeg - a stellt eis kuerz déi méiglech Highlighte vum Festival vir.
    3 min
  • Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt
    Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel fir d’éischte Kéier zanter 2011 fir de Public opgemaach. Deen 900 Meter laangen Tunnel, deen ënner der Uewerstad läit, verbënnt de Pafendall an de Péitrussdall. Déi schottesch Klangkënschtlerin Susan Philipsz huet d’Klanginstallatioun “The Lower World” entworf, bei där si de Klang vun de Sireenen a vun de Mieresjongfraen evoquéiert. Dofir huet si hir eege Stëmm opgeholl, déi duerch 12 Haut-parleuren am Tunnel ofgespillt gëtt. De Lex Kauffmann, d’Marie Trussart, d’Kerstin Thalau an de Joe Birchen sinn duerch den Tunnel gaangen an hunn Andréck gesammelt. No der Féierung huet sech d’Marie Trussart mam António Mendes, Chef de département Publics vum Mudam, ënner anerem iwwer d’Konzept vun der Installatioun ënnerhalen.
    10 min
  • Lëtzebuerg um Fringe Festival: Am Gespréich mam Saeed Hani
    Véier Choreographen a Choreographinne vu Lëtzebuerger Danzkompagnien hunn dëst Joer um berüümte Fringe Festival a Schottland hir Stecker opgeféiert. Dëst ass dee gréisste Konschtfestival op der Welt, dee vill nei Dieren opmaache kann. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mat de Choreographe geschwat. De Saeed Hani, ee syresche Choreograph, gouf mat sengem Stéck “Inlet” souguer fir e wichtege Präis nominéiert.
    6 min
  • Buchkritik: "Un été 79" vum Jean-Philippe Blondel
    Eng dysfunktional Famill wiesselt hir Vakanzepläng a verbréngt se net bei de Schwéierelteren, mee an engem Vakanzenduerf am Vercors, wou d'Tensiounen tëschent den Elteren an den zwee Bridder zu engem Eclat kommen: Mat "Un été 79" huet de Jean-Philippe Blondel en touchante Coming-of-Age geschriwwen, dee gläichzäiteg ee soziopolitescht Spigelbild vun der franséischer Gesellschaft Enn de 70er ass. Eng perfekt Summerlecture, mengt de Jeff Schinker.
    7 min
  • Albumrezensioun: Deftones - Private Music
    Et ass schonn erstaunlech, wéi d’Zäit verschidde Bands an d’Hand spillt an aneren net. Wien hätt zum Beispill geduecht, Mëtt den 90er, wéi ee Kult eemol ronderëm d’Deftones entstoe géif, déi iergendwann am neie Joerdausend de Status vu Radiohead vum Metal kruten. Ugefaangen huet d’Band ronderëm de charismateschen Chino Moreno nämlech als Nu Metal Band, hat dowéinst, Zeitgeist oblige a wéi zum Beispill och Limp Bizkit, fir eng vun de Bands, mat deenen d’Zäit et net esou gutt gemengt hat, en DJ an huet haart an déif gestëmmte Gittaren a Bass mat Gebläers, Spriechgesang/Rap a Beats verbonnen.
    “Private music” resuméiert an 42 Minutten, wat Deftones an de leschten 30 Joer zu esou enger markanter Band gemaach huet: eng Band, déi d’Grenze vun deem, wat haart Musek kann, nei definéiert huet.
    9 min
  • Nei am Kino
    Wéi eng Filmer ab muer an eise Kinoe ulafen - an ob wat ee sech ka freeën, verréit eis dës Woch de Jeff Schinker.
    5 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners