Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mostra di Venezia: Den Documentaire "Holofiction"
    Iwwert dem Spielberg seng Duerstellung vum Holocaust war de Claude Lanzmann deemools schockéiert - hien huet gemengt verschidde Saachen wieren einfach irrepresentabel. Den Documentaire "Holofiction" vum Michal Kosakowski beliicht grad, wéi d'Shoah an der Fiktioun duergestallt gouf - a misst, esou de Marc Trappendreher, an all Schoulprogramm opgeholl ginn.
    4 min
  • Kulturjournalismus aus Telefonskabinnen
    Den Numm Marie-Anne Lorgé ass an der Lëtzebuerger Kulturzeen e Begrëff. No éischte Präisser am art dramatique zu Bréissel an zu Lëtzebuerg, plus Literatur-a-Geschichtstudien zu Leuven, ass d’Marie-Anne Lorgé feste Bestanddeel vun Theater- a Poesiekreeser ginn. Si ass selwer Bünekënschtlerin an Autorin; haaptberufflech ass si Kulturjournalistin, aktuell erfollegräich mat eegenem Blog. An engem Summer viru gutt 30 Joer ass si, quasi ongeplangt, mat hirer Bréisseler Theatrupp, matzen an der Nuecht, um Theaterfestival zu Avignon gelant. Fir si war dat eng Revelatioun, no der si selwer do Theater gespillt, ma och journalistesch Texter geschriwwen huet. D’Kerstin Thalau ass vun der Marie-Anne Lorgé gewuer ginn, wat zanter hier changéiert huet.
    20 min
  • Neie Wand an der CeCiL's Box
    "Deep Veil" ass den Titel vum Wierk, wat d'Suzan Noesen speziell fir d'CeCiL's Box an der Paschtoueschgaass konzipéiert huet. Et ass eng Reproduktioun vun engem handentwéckelte 16mm Film, deen op e semi-transparente Stoff gedréckt gouf. Drop ze gesinn ass eng stättesch Fassade, iwwert där een intensive rosa Faarfschleier läit. An dat Ganzt kennt mat enger Iwwerraschung: Geet een Owes laanscht d'Wierk, gesäit een en zweet Bild, dat duerch dat éischt duerchschéngt. Ee Spill mat der Luucht, wat awer och seng Risike mat sech dréit. D'Lori Dauphin huet am Interview mat der Kënschtlerin iwwert den Hannergrond vun "Deep Veil" geschwat.
    6 min
  • Rentrée littéraire: "La collision" vum Paul Gasnier
    An eiser neier Serie iwwer d’Rentrée littéraire rezenséiert d’Kulturredaktioun reegelméisseg Romaner an Essaien, déi et op déi divers Long- a Shortliste vun de sëllege Literaturpräisser a Frankräich gepackt hunn. Den Ufank mécht dem Paul Gasnier seng Autofiktioun "La collision", an där hien iwwer den déidlechen Accident investigéiert huet, an deem seng Mamm hiert Liewe verluer huet. "La collision", an der éischter Selektioun vum prestigiéise Prix Goncourt, setzt sech als Zil, datt déi Geschicht, an där ee jonke Migrant schëlleg geschwat gouf, net vum RN kann instrumentaliséiert ginn. Wisou dat just zum Deel opgeet, verréit de Jeff Schinker a senger Kritik.
    7 min
  • Nei Plack vun hei: Gregario - Assembly Unit
    Ganz am Solo a mat opwenneger Sample-Batterie realiséiert, gëtt den Titel d'Aarbechtsweis vun "Assembly Unit" erëm: zesummegesat. Net awer de Sound, dee flësseg an iwwerraschend iwwereneen an anenee leeft. Am Kontrast zu deem éischten, méi minimal gehalene Gregario-Album ass "Assembly Unit" nach méi komplex a villschichteg ginn.
    14 min
  • Das Radial um Eurosonic 2026
    D’Museksredaktioun vum Radio 100,7 huet Das Radial erausgesicht, fir um Eurosonic Festival 2026 zu Groningen deen all Joer dezernéierte Showcase-Spot ze besetzen. Een däitschsproochege Projet vu Lëtzebuerg waert deemno am Januar do z'erliewe sinn. De Marc Clement aus der Musekredaktioun erzielt eis, wien hannert Das Radial stëcht a wat de Projet auszeechent.
    11 min
  • Kolla-Festival am Hollerecher Schluechthaus
    D'Lori Dauphin war op der Plaz an huet mat den Organisateuren an de Kënschtler geschwat. D'Offer u Bands, artisanale Stänn an Aktivitéite war grouss. Mee fir e Sonndegnomëtteg mat guddem Wieder war et entgéint Erwaardung relativ roueg.
    6 min
  • Nei am Kino
    Fir all déi, déi kuerz virun der Rentrée nach eemol ofschalte wëllen, lount sech en Tëschestopp am Kino. Dës Woch lafen ënner anerem "Sirât" vum Óliver Laxe, "Miroirs No. 3" vum Kultregisseur Christian Petzold an "Downton Abbey: The Grand Finale" vum Simon Curtis un. Et kann ee sech op Wüsteraven, Familljendrama, Dämonen an d'brittesch Aristokratie astellen.
    D'Lori Dauphin erzielt méi iwwer déi nei Produktiounen, déi an de Kino kommen.
    9 min
  • Film vun der Woch: "Alpha" vun der Julia Ducournau
    No der Palme d'Or fir hire Film "Titane" war d'Julia Ducournau zeréck zu Cannes mat "Alpha" - ee poetesche Film iwwer ee Virus, deen d'Leit lues a lues verstengert. Zu Cannes ass de Film eidel ausgaangen, an d'franséisch Kritik huet de Film gréisstendeels verrass. Zu onrecht, fannen d'Vesna Andonovic, d'Kerstin Thalau an de Jeff Schinker an hirer Kritik.
    11 min
  • Mostra di Venezia: De Palmarès
    No der Palme d'Or fir dem Jafar Panahi seng Lëtzebuerger Koproduktioun "Un simple accident" ass 2025 ee seelent Glécksjoer fir de Lëtzebuerger Kino: Zu Venedeg geet de Gëllene Léif un deen neie Film vum Jim Jarmusch - an am Starcast vu "Mother Father Sister Brother" spillt ënner anerem d'Vicky Krieps mat. De Marc Trappendreher analyséiert de Palmarès - an erkläert, wisou de Präis fir den Jarmusch engersäits kohärent ass - an anerersäits nawell iwwerrascht.
    7 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners