Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Defdump duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht: Keng Perspektiven?

    Fir hir 20 Joer ze feieren hëlt d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg - a léisst Deeler vu Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona ass et un der Kultband Defdump. Hei verréit de Pascal Useldinger, wéi et war am perspektivlose Lëtzebuerg vun den 90er eng Band ze grënnen.

    11 min
  • Happy birthday CNL
    Den Nationale Literaturzenter féiert haut säin 30. Gebuertsdag. D'Nathalie Jacoby, Directrice vum CNL ass Invitée beim Valerija Berdi fir iwwer hir Zäit am CNl awer och iwwer Perspektiven ze schwätzen.
    22 min
  • Mat Monophona duerch d’Lëtzebuerger Museksgeschicht (5): D'Opléisung
    Fir hir 20 Joer ze feieren hëlt d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg - a léisst Deeler vu Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. Den Ufank mécht dës Woch Monophona. Am leschten Deel schwätzt d'Band, wéi kéint et anescht sinn, iwwer d'Opléisung, déi zum Deel och eng musekspolitesch Entscheedung géint Social Media Presenz war.
    5 min
  • Happy Birthday Maacher Kulturhuef!
    Dëse Weekend feiert de Kulturhuef zu Gréiwemaacher säi 25. Gebuertsdag. Dir sidd natierlech alleguerten invitéiert! D'Ekipp proposéiert Visitten an hirem Dréckerei-Musée, e Lego-Print-Atelier fir Erwuessener, Kreativworkshoppe fir Kanner, Liesunge mat der Christiane Kremer a méi. Haut den Owend ass d'Seance académique mat festem Programm. Wat opfält, ass, datt dee ganz am Zeeche vun den hausinterne Kënschtlerresidenze steet. Den Invitéë ginn net nëmmen déi zwee lescht Participante presentéiert, an enger Konferenz gëtt de Phenomeen Kënschtlerresidenz, souzesoen als Häerzstéck vun der Programmatioun, och wëssenschaftlech auserneegeholl. D'Kerstin Thalau ass vun der Coordinatrice Monika Jakobs gewuer ginn, firwat.
    11 min
  • Eng Lëtzebuerger Oper ...
    Zënter 2018 ass de Claude Mangen Direkter vum Mierscher Theater. Nieft Produktioune fir Kanner a Jugendlecher, stinn natierlech Theaterstécker fir Erwuessener, Concerten, Danz, Virtreeg, Diskussiounen an eng Oper, déi am Haus produzéiert gëtt um Programm.De Claude Mangen ass Invité beim Valerija Berdi.
    28 min
  • Murderbot
    Eng Serie, déi eis mat an eng Zukunft hëlt, an där Roboteren d’Mënsche beschützen. Mee e puer Roboter hunn technesch Defekter, wat uerg Konsequenzen huet.
    4 min
  • Mat Monophona duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht: Vun der CD op Spotify
    Fir hir 20 Joer ze feieren hëlt d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg - a léisst Deeler vu Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. Den Ufank mécht dës Woch Monophona - a mir lauschteren haut, wéi d'Band d'Verschwanne vun der CD an d'Opkomme vun de Streamingdéngschter erlieft huet.
    13 min
  • Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
    Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
    8 min
  • Booker Prize: "Audition" vun der Katie Kitamura

    Den nächsten Dënschdeg ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm - d’Romaner hunn tëschent 150 a 650 Säiten, een dovu koum esouguer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist ëffentlech gouf, eraus. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Den Ufank mécht der Katie Kitamura hire Roman "Audition", an deem enger Schauspillerin hir Realitéit ëmmer méi enger Performance änelt - fir déi ee mysteriéise jonken Typ ee ganz spezielle Casting proposéiert.

    20 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners