Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Inborn duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (3)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten. Wéi si mam Ross Robinson a Kontakt getruede sinn, wéi a wou si d'Plack geschriwwen hunn, wéi intensiv d'Opname waren - a wat et mat hirer Musek gemaach huet, verréit de Cédric Kayser an der drëtter Episod.
    21 min
  • Mat Inborn duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2) Diskographie
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten. Hei blécke mir op d'Diskographie vun Inborn zeréck - an de Cédric Kayser verréit eis, wisou d'Presens op Streamingplattformen ee "Mal nécessaire" ass.
    11 min
  • "Historesch Sujete si fir mech méi einfach wéi zäitgenëssescher"
    Dem Zeechner Marc Angel seng BDen a Graphic Novelen zeechne sech duerch eng Rei Konstanten aus, dorënner den Interessi fir d’Geschicht, fir Soen a Legenden, a virun allem fir d’Liewe vun den einfache Leit, déi - vertrueden duerch staark Helden - sporadesch kënnen iwwer sech erauswuessen.
    De Marc Angel war dem Michel Delage säin Invité am leschte B-Radio "Staark Vollekshelden".
    18 min
  • Den Jafar Panahi iwwer seng Palme d'Or "Un simple accident"
    No dem Grand Prix fir der Payal Kapadia hiren "All We Imagine As Light" (Films Fauves) leet déi Lëtzebuerger Produktiounsfirma Bidibul nach eng drop: Hir Koproduktioun "Un simple accident" krut dëst Joer zu Cannes d'Palme d'Or. De Jeff Schinker huet sech zu Cannes mam Realisateur vum Film, dem Iraner Jafar Panahi, ënnerhalen.
    8 min
  • Mat Inborn duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (1)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten. An der éischter Episod verréit de Cédric Kayser awer als éischt eemol, wéi d'Band sech gegrënnt huet - a wéi si dem Norde vum Land kulturell belieft hunn.
    12 min
  • Am Gespréich mam Laurent Delvert, Nathalie Ronvaux an Eugénie Anselin
    Fir déi éischt Kreatioun an der neier Saison vun den Théâtres de la Ville de Luxembourg huet de Laurent Delvert, bekannt fir seng zäitgenëssesch Mise en scène vu franséische Klassiker wéi dem Alfred de Musset sengem “On ne badine pas avec l’amour”, sech mat der Lëtzebuerger Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux associéiert, fir d’Rencontre vu senge Grousselteren ze erzielen an domat ee ganz perséinlechen Text verfaasst, dee generatiounsiwwergräifend eng Geschicht vu Krich, Léift an illusoreschem Fridden erzielt. De Jeff Schinker huet de Metteur en scène Laurent Delvert, d’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux an d’Schauspillerin Eugénie Anselin bei sech am Studio.
    25 min
  • Mat Defdump duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (4): Musek als Produit
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl – an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona ass et un der Kultband Defdump. An der véierter Episod erwäänt de Pascal Useldinger d'Professionaliséierung vu senger Band an erkläert, wisou Musek, esou bal se op CD oder Plack gepresst gëtt, zum Produit gëtt - an et deem Produit net anescht ergeet wéi enger Zort Kéis.
    13 min

  • Eng ofwiesslungsräich Theatersaison

    Haartnäckegkeet, Encouragement an d’Intimitéit vum Mënsch. Dat sinn d’Themen, déi di kleng Theateren – also den Théâtre Ouvert Luxembourg, de Kasemattentheater an den Théâtre du Centaure - dës Saison an Ugrëff huelen. Mei doriwwer erzielt eis d'Lori Dauphin.

    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners