Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Asia
    En Documentaire vum David Attenborough, deen sech, wéi de Numm et seet, sech mam asiatesche Kontinent beschäftegt. De Simon Larosche stellt eis den Documentaire fir.
    4 min
  • Mat Eternal Tango duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (4)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump an Inborn ass et un der Band Eternal Tango, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am véierten Episod verroden den Tom Gatti an den David Moreira, wat si alles op Tour erlieft hunn - an erziele vun engem 3000 Kilometer-Trajet vu Lissabon op Wien, stännege Police-Kontrollen an engem Concert zu Mallorca, wou den Organisateur der Band op kee Fall en Hotel wollt buchen - a se dowéinst einfach ofgefëllt huet.
    13 min
  • Ouverture vum CinEast-Festival
    Muer Freideg ass den Optakt vun der 18. Editioun vum Festival, deen de Mëttel- an Osteuropäesche Kino an doriwwer déi sëlleg Kulturen an de Vierdergrond stellt. Allerdéngs huet de Festival dëst Joer verschidde logistesch Neierungen opzeweisen. Wéinst der Renovatioun vun der Stater Cinemathéik muss de Festival säin Haaptzelt am Auditoire vum Cercle Cité opschloen.
    Ënnert anerem doriwwer huet de Michel Delage mam Direkter vum CinEast Radek Lipka geschwat.
    10 min
  • Mat Eternal Tango duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (3)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump an Inborn ass et un der Band Eternal Tango, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am drëtten Episod verroden den Tom Gatti an den David Moreira, wéi et zu den Opname vun hirem groussen Erfollegsalbum "Welcome to the Golden City" koum - a wéi et fir ee vun hiren zwee Managere méiglech war, op enger Autobunnsraststätt ze verschwannen.
    11 min
  • 30 Joer den Atelier
    No dem 20 Joer Rockhal ass et direkt um nächste Concertsveranstalter, säi Gebuertsdag ze feieren: den Atelier, 1995 an enger fréierer Renaults-Garage gebuer, feiert seng 30. Joer. De Laurent Loschetter, de Michel Welter an d'Jette Kayser si bei eis am Studio, fir iwwer hir mouvementéiert Success Story ze schwätzen.
    38 min
  • Mat Eternal Tango duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump an Inborn ass et un der Band Eternal Tango, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am zweeten Episod verroden den Tom Gatti an den David Moreira, wéi séier den éischten Album "First Round at the Sissis Cafe" op eemol huet misse geschriwwe ginn, a wat fir en Afloss d'Stad Diddeleng op hiert Schafen hat.
    9 min
  • Eleanor Antin: Retrospektiv am Mudam
    Bis den aachte Februar nächst Joer proposéiert de Mudam eng Retrospektiv vun der d‘US-amerikanescher Avant-Garde-Kënschtlerin Eleanor Antin. Dat ass déi éischt Retrospektiv an Europa iwwerhaapt. An déi éischt monografesch Ausernanersetzung mat der Kënschtlerin zënter 25 Joer. Méi iwwer d’Ausstellung verréit Iech d’Lori Dauphin.
    7 min
  • Film vun der Woch: "Les Tourmentés"

    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dem Belsch Lucas Belvaux säi Thriller iwwer e fréiere Legionär, dee sech als mënschlecht Wëld fir eng Juegd rekrutéiere léisst: Eng skandaléis Ufanksiddi als konsequent Reflexioun iwwer d'Entmënschlechung

    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners