
Sign up to save your podcasts
Or


De leschten Donneschden hat déi schwedesch Akadamie matgedeelt, datt den ungaresche Schrëftsteller Laszlo Krasznahorkai den desjärege Laureat vum Literaturnobelpräis ass. Den Dr. Martin Schauss huet sech fir seng Dokteraarbecht intensiv mam Laszlo Krasznahorkai befaasst a fir d'Valerija Berdi war dann e gudde Gronn op Glasgow unzeruffen.
Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona, Defdump, Inborn an Eternal Tango ass et un der Band Hal Favin, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am éischten Episod verroden de Sam Reinard, de Marc Clement an de Mike Koster, wéi alles ugefaangen huet - a wisou Musek, déi ee mat deemools relativ bis ganz neie Programmer geschriwwen huet, eng Zort wäisst Blat war.
Schonn éiweg wëllen d'Mënschen der Realitéit hir Wënsch opzwéngen. D'Ausdrocksméiglechkeete fir dës Tendenz waren nach ni esou grouss wéi elo, schreift de franséische Soziolog Gérald Bronner a sengem Essai "A l'assaut du réel" (Presses universitaires de France). De Michel Delage huet et gelies.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners