Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Metro duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (1)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango an Hal Flavin ass et un der Band Metro, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert den Yves Stephany, deen am éischten Episod ënnert anerem verréit, wéi et war, an engem Schwäistall ze prouwen - a wisou de Plang, deemools wëlle Musek ze schreiwen, déi um Radio géif gespillt ze ginn, scho bal een Afront war, an enger DIY-Zeen, wou et vill drëms goung, Musek ze schreiwen, déi haart, séier, ellen a komplizéiert war.
    16 min
  • Film vun der Woch: "Nouvelle Vague"
    Den Amerikaner Richard Linklater huet den Tournage vum Godard sengem Kultfilm "A bout de souffle" rekonstituéiert. De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen de Film, deen zënter der leschter Woch am Kino leeft.
    11 min
  • Eelef Joer Grape Sound Collective
    Zanter eelef Joer bréngt de Grape Sound Collective lokalen an internationale Post-, Math-, an Noiserock op Lëtzebuerger Bünen. De Mathis Krier, Grënner vum Kollektiv, ass beim Jeff Schinker am Studio, fir ze erklären, wat hie mat sengem Kollektiv déi lescht eelef Joer erreecht huet - a wéi si hiren eelefte Gebuertsdag feieren.
    15 min
  • Am Gespréich mat der Laure Roldàn an der Charlotte Escamez
    Eng Mauer ka beschützen, ma och ausgrenzen. Widdert enger Mauer kann ee Mënschen erschéissen, Politiker wëllen der op d’Grenz bauen, wärend Kënschtler se notzen, fir sech drop ze veréiwegen – wann och nëmme fir eng relativ kuerz Éiwegkeet. Wa Mauere schwätze kéinten, wat hätten se ze soen? No enger gemeinsamer Residenz am Libanon hunn d’franséisch Autrice a Metteuse en scène Charlotte Escamez an déi franco-hispano-lëtzebuergesch Schauspillerin, Metteuse en scène an Autrice Laure Roldàn entscheet, d’Maure schwätzen ze dinn. Wéi dat ausgesäit, héiert a gesäit een ab en Donneschden am TNL – ma méi gi mer elo schonn am Gespréich mat der Laure Roldàn an der Charlotte Escamez gewuer.
    19 min
  • Krick: Nei Musek an een Album um Wee
    D'Participatioun un der Eurovison-Ausscheedung d'lescht Joer huet dat alles ëmgedréint. Schonn deemools hate mir driwwer geschwat, et war et hire Plang, een Album erauszebréngen. Kuerz ier et esou wäit ass, huet de Marc Clement d'Krick am Studio, mat e puer Singles am Rucksak.
    6 min
  • Alien Earth
    Mir schreiwen d’Joer 2120: Ee Raumschëff mat ausserierdesche Liewensforme crasht op d’Äerd a konfrontéiert d’Mënschheet mat der Gefor vun den Aliens, ënner anerem de sougenannte “Xenomorphs”. De Gilles Schreurs stellt d’ Série “Alien: Earth” fir.
    6 min
  • Mat Hal Flavin duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump, Inborn an Eternal Tango ass et un der Band Hal Favin, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Wärend (bal) enger Stonn verroden eis de Sam Reinard, de Marc Clement an de Mike Koster, a wéi enge Konditiounen se hir EP "The Talk* opgeholl hunn, wéi eng Erausfuerderung et an der éischter Dekad vum neie Joerdausend war, Computere mat Gittaren ze kräizen, wéi et dozou komm, dass si d'Mastere vun Depeche Mode Placken zu London ze lauschtere kruten - a wisou et ka geféierlech sinn, op Hochzäiten an Irland opzetrieden.
    52 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners