Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Klangkënschtler Sam Erpelding ass "artist in residence" um Belval
    De Sam Erpelding ass haut haaptsächlech als Klangkënschtler a Museker aktiv. Hien huet awer och, à la base, eng klassesch Touningenieur-Ausbildung ofgeschloss, wouduerch hien da reegelméisseg mat eiser 100,7-Feature-Ekipp kollaboréiert. Mir hunn eis deemno mat gefreet, wéi den Espace cultures vun der UniLu virun engem Mount matgedeelt huet, datt de Sam Erpelding hiren neien “artist in residence“ ass. Wat bedeit eng Kënschtlerresidenz op enger Universitéit ouni Konschtsektioun? Dat wollt d‘Kerstin Thalau vum Klangfuerscher gewuer ginn, huet sech virdrun op de Wee bei de Sam Erpelding an de Casino-Display um Fëschmaart gemaach. De Casino ass Partnerinstitutioun fir d‘Belval-Residenzen an huet säin Display fir eng Expo zur Verfügung gestallt. Kerstin, bass de ukomm? Kanns de mech héieren?
    8 min
  • Filmkriticken
    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "L'Etranger" (François Ozon) a "L'Homme qui rétrécit" (Jan Kounen).
    24 min
  • Deadbeat vun Tame Impala an Elsewhere vun de Grandbrothers
    Den Däitsch-Schwäizer Duo Erol Sarp a Lukas Vogel an den Australier Kevin Parker wëllen allen dräi mat den neie Placke vun hire respektive Formatioune Grandbrothers an Tame Impala op den Dancefloor. Op dat hinne mat Deadbeat - hei um Radio och Plack vun der Woch - an Elsewhere geléngt, dat verroden iech de Marc Clement an de Jeff Schinker an hirer Véier-Ouere-Rezensioun.
    19 min
  • E Festival fir den Design: well en ewell alldeeglech ass an awer net ëmmer
    “Designed by Design Luxembourg”: tëscht dem 12. an dem 16. November invitéiert d’Federatioun vun den Designer:innen op den éischte Luxembourg Design Festival; an zwar kräiz a queesch uechtert d’Stad, mat engem Programm kräiz a queesch duerch d’Designdisziplinnen a –Formater, fir Kräiz a Queesch, also fir de breede Publikum grad esou wéi Initiéierter. Wéi et dozou komm ass, also esouwuel zum Festival wéi och zu der Programmatioun, dat wollt d’Kerstin Thalau vun der Nadine Clemens, Coordinatrice bei Design Luxembourg, gewuer ginn.
    13 min
  • Mat Babyoil duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (3)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn.
    No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango, Hal Flavin a Metro ass et un der Band Babyoil, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert de Gittarist Paulo 'Jim' Fernandes, begleet vun der Kënschtlerin a Schwëster vum tragesch verstuerwene Sänger Sébastien Peiffer, der Séverine Peiffer. Am drëtten a leschten Episod geet et dorëms, wou Babyoil no der Plack "Assume Nothing" hätt kënne goen – d Band wollt ënnert engem neien Numm, We Promised You September, nach eemol quasi vu vir ufänken. Ma en tragescht Accident huet de ganze Projet op en Enn bruecht – an den Jim Fernandes och eng Zäit dovun ofgehalen, Musek ze maachen.
    21 min
  • Mat Babyoil duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn.
    No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango, Hal Flavin a Metro ass et un der Band Babyoil, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert de Gittarist Paulo 'Jim' Fernandes, begleet vun der Kënschtlerin a Schwëster vum tragesch verstuerwene Sänger Sébastien Peiffer, der Séverine Peiffer. Am zweeten Episod geet et dorëms, wéi d’Band versicht huet, sech mam Album Score an engem, Lëtzebuerg, dat nach keng Infrastrukturen hat, ze professionaliséieren.
    10 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners