Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • De Prix Goncourt fir dem Laurent Mauvignier säi Roman "La maison vide"
    Gëschter gouf de prestigiéise Prix Goncourt verginn - dat 50 Joer nodeems de Präis un den Emile Ajar goung, e Schrëftsteller, deen et guer net gouf. Domat bleift de Romain Gary, dee sech hanner dem Pseudonym verstoppt hat, den eenzegen Auteur, deen de Präis zweemol krut. D’Auteure vun der drëtter Selektioun - d'Natacha Appanah, den Emmanuel Carrère, d'Caroline Lamarche an de Laurent Mauvignier - sinn awer keng Pseudonymme gewiescht, an elo steet dann och fest, wien de Gewënner ass: De Präis geet un de Laurent Mauvignier fir "La maison vide".
    De Jeff Schinker verréit eis, ob dee Choix legitim ass a beschwätzt och de Grand Prix du Roman de l'Académie française - der Yanick Lahens hire "Passagères de nuit" - an de Prix Femina - der Natacha Appanah hiren "La nuit au coeur".
    14 min
  • En Hommage fir d'Lee Miller am Tate Britain zu London
    Si war Model, Fotografin, Krichsreporterin an duerno Kächin - Rieds geet vun der Lee Miller, déi als Fotojournalistin den Zweete Weltkrich an d‘Liberatioun dokumentéiert huet. Mat hirer Aarbecht ass si zu enger vun de wichtegsten Fotografinnen aus dem 20. Joerhonnert ginn.
    Den Tate Britain zu London werft elo e Bléck op hir laang a mouvementéiert Karriär, déi si och op Lëtzebuerg bruecht huet. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
    5 min
  • "Die unheilige Johanna von Orléans" am Kasemattentheater
    No "Die Katze Eleonore" vun der Caren Jeß adaptéiert d’Metteuse en scène Sara Goerres ee weidere Monolog mat der Schauspillerin Brigitte Urhausen. "Die unheilige Johanna von Orléans" vum Lëtzebuerger Auteur Rafael David Kohn stellt sech vir, bei der Verbrennung vun der Jeanne d’Arc wier et zu engem Amalgam komm an d’Jeanne d’Arc hätt vun engem Quiproquo profitéiert fir ze iwwerliewen. Oder ass och dat just ee Mythos, eng fabrizéiert Legend? De Jeff Schinker ënnerhält sech mat der Sara Goerres an der Brigitte Urhausen.
    9 min
  • Lët’z Arles: no Arles 2025 d’Michel-Medinger-Expo am CNA
    Bis den 30. November kënnt Dir am CNA zu Diddeleng d’Expo “L’ordre des choses” vum Michel Medinger gesinn. De Michel Medinger, deen eis dëse Januar am Alter vu 84 Joer verlooss huet, fréieren Employé am Staatslabo, ass deene meeschte Lëtzebuerger als Liichtathleet an eeben als Fotograf e Begrëff. Als Autodidakt, mat onendlecher Passioun an Imaginatioun, huet hie säi Sammelsurium vun Objeten ëmmer nees fir satiresch a gesellschaftskritesch Opnamen a schwaarzwäiss an Zeen gesat. D’Expo am CNA ass eng Initiativ vun der ASBL Lët’z Arles, souzesoen als Noruff op dem Michel Medinger seng Ausstellung an der Chapelle de la charité zu Arles, am Summer 2024. Zesumme mam Kerstin Thalau hu mir d’Directrice vu Lët’z Arles, d’Cécilia Zunt-Radot, an de Studio invitéiert, fir iwwer d’Expo plus Arles 2025 ze schwätzen.
    25 min
  • Eng Kënschtlerresidenz op enger Uni ouni Konschtsektioun
    De Sam Erpelding ass à la base Touningénieur: als deen ënnerstëtzt hie regelméisseg eis 100,7-Feature-Équipe. U seng technesch Formatioun huet hien an Éisträich e Klangkonschtstudium gehaangen, wouwéint hien haut haaptsächlech als Klangkënschtler, Klangfuerscher a Museker aktiv ass. Dat huet d’Équipë vun Espace cultures vun der Uni Lëtzebuerg plus Casino Display interesséiert, a si hunn de Sam Erpelding fir eng Kënschtlerresidenz invitéiert. No 2 Méint ass de Sam Erpelding an der Halbzeit ukomm. D’Kerstin Thalau wollt en Halbzäit-Bilan zéien, an ass virdru mam Mikro bis an de Casino-Display gelaf, wou de Sam Erpelding bis gëschter owend e puer vu senge Soundinstallatiounë presentéiert hat.
    12 min
  • Filmkriticken
    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Bugonia" (Yorgos Lanthimos) a "Bitzbouf / Stitch Head" (Steve Hudson).
    27 min
  • Welcome to Wrexham
    Eng Serie, déi eis mat a Wales hëlt bei de Fussballveräi Wrexham AFC., dee gëtt nämlech vun zwee Hollywood-Stare kaf. Hei gëtt hanner d'Kulisse vun engem Veräi gekuckt a gewisen, wéi wichteg Fussball fir vill Mënschen ass.
    6 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners