Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Ecotonalities
    Wéi kann ee mat enger Fotovoltaik an Insekten ee Stéck komponéieren? A wéi eng Mikroe brauch een eigentlech dofir? D’Lori Dauphin huet am Interview mam Klangkënschtler Ludwig Berger nogefrot. Hien huet dëst Joer fir de Lëtzebuergesche Pavillon zu Venedeg nämlech esou ee Klangstéck komponéiert.
    12 min
  • Booker Prize Shortlist: Romaner vum Andrew Miller, Kiran Desai a Susan Choi
    Nom Prix Goncourt, Femina, Médicis a Renaudot dës Woch geet d’Literaturpräissaison esou lues op en Enn – ma de Méindeg gëtt nach mam prestigéise Booker Prize vläicht mat dee wichtegste Präis verginn. Sechs Bicher sinn op der Shortlist, der Katie Kitamura hire Roman "Audition", dem David Szalay säi "Flesh" an dem Ben Markovits säin "The Rest of Our Lives" hat de Jeff Schinker schonn hei rezenséiert. Haut verréit hien eis, wéi gutt déi dräi aner Finaliste sinn a beschwätzt "Flashlight" vun der Susan Choi, "The Loneliness of Sonia and Sunny" vun der Kiran Desai a "Land in Winter" vum Andrew Miller.
    23 min
  • The Diplomat
    Eng Serie, déi sech ëm d'US-Diplomatin Kate Wyler dréit, déi a Groussbritannie kënnt a do eens muss ginn, esouwuel am Professionellem, wéi am Privaten.
    4 min
  • Le Guess Who?-Festival
    Haut (6.11.) geet zu Utrecht an Holland de Le Guess Who?-Festival lass. Bis e Sonndeg steet déi ganz Stad am Zeeche vun der Musek. De Festival bitt eng eklektesch Programmatioun, déi esou zimmlech all Museksgenre ëmfaasst awer e besonnesche Fokus op méi experimentell Kläng leet. De Max Tholl wäert fir eis zu Utrecht dobäi sinn a liwwert schonn emol e klengen Ausbléck op dat, wat de Public de Weekend zu Utrecht erwaart.
    11 min
  • Wat fir eng Roll spillt de Bësch am Cercle Cité?
    Knapps 30 Joer war de Clément Minighetti Chef-Curateur beim Mudam. Mëttlerweil huet hien de Pei Musée verlooss, verfaasst Texter fir Konschtpublikatiounen an hëlt och déi eng oder aner Commande als fräischaffende Curateur un: esou geet, zum Beispill, d‘Expo “La forêt. Solitudes et solidarités“ am Cercle Cité op säi Kont. Si soll déi komplex Relatiounen tëschent Urbanismus a Bëschregiounen plus d‘Plaz vum Bësch am Imaginaire vun haut hannerfroen. Komplex Sujeten, dowéinst huet d‘Kerstin Thalau de Clément Minighetti einfach emol an de Studio invitéiert.
    18 min
  • David Bowie Centre
    Den David Bowie säi perséinlecht Archiv kann een elo selwer duerchkämmen am neien David-Bowie-Centre zu London. An deen ass an engem ganz aussergewéinleche Musée.
    14 min
  • Moustache gracias / Mute an den Diddelenger Konschtzenteren
    Déi eng Kënschtlerin wëllt mat aller Lautstäerkt en Tabu briechen an deeft hiren aktuellen Expoprojet “Moustache gracias”; déi aner konstatéiert, datt Sprooch ëmmer méi verluer geet an iwwerschreift hir Konschtinstallatioun mat “Mute”. Nach bis e Sonndeg inclus stellt déi éischt, d’Lëtzebuergerin Jeannine Unsen, an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng aus; déi zweet, d’Russin a Wal-Saarbréckerin Darja Linder, an der Galerie Dominique Lang, also an der fréierer Gare Dudelange-Ville.
    D’Kerstin Thalau wollt vun der Curatrice vun der Stad Diddeleng, d’Marlène Kreins, méi iwwer dës Rentrées-Expoe plus déi nei Saison gewuer ginn.
    24 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners