Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Kultur fir Grouss a Kleng!
    D'Kulturhaus Nidderaanwen bitt villsäitege Raum fir Theater, Musek, Workshops, Ausstellungen a villes méi. D'Directrice Stephanie Neiers ass d'Invitée beim Valerija Berdi.
    10 min
  • “Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr”: E Buch géint de Vergiess
    De leschte Sonndeg ass eis Literatursendung “Déi wonnerbar VaLibrairie” live vun de Walfer Bicherdeeg iwwerdroe ginn.
    D’Valerija Berdi an de Michel Delage hunn Iech Laureat:innen, Editeuren an Editricë vum Lëtzebuerger Buchpräis an de Kategorië Literatur / Sachbuch/ Kanner- a Jugendbuch virgestallt. Dir hutt d’Emissioun net lauschtere kënnen? Mir proposéieren Iech dës Woch Extraiten dorausser. Hei héiert Dir d’Valerija Berdi an de Michel Delage am Gespréich mat der Inna Ganschow, Laureatin an der Kategorie Sachbuch, souwéi hir Editrice Susanne Jaspers.
    17 min
  • Buffalo C Wayne - Nei Release vum lëtzebuergeschen Americana-Museker
    Dem Buffalo C Wayne seng Karriär ass esou räich u Geschichten an Erënnerungen, datt si bal mat sengem Liewe rivaliséiere kann, mee awer nëmme bal.
    Ee Country-Museker zu Lëtzebuerg, deen als Infirmier-Psychiatrique sollt ausgebilt ginn, sech un der Moud probéiert huet an dobäi dem Karl Lagerfeld iwwer de Wee gelaf ass, duerno d’Musek huet misse wielen a mam Kenny Rogers an der Loretta Lynn op der Bün stoung, fir der nëmmen e puer ze nennen, ass haut op Besuch am 100,7-Studio.
    26 min
  • Iwwer dem Nico Helminger säi "Geckegen Hunneg" ...
    De leschten Donneschdeg krut den Nico Helminger fir säi Wierk “Geckegen Hunneg” de Lëtzebuerger Buchpräis. De leschte Sonndeg hate mir live op de Walfer Bicherdeeg an eis Literaturemissioun “Déi wonnerbar Valibrairie” d’Laureatinnen an d’Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis invitéiert. Leider konnt den Nico Helminger aus gesondheetleche Grënn net mat um Dësch setzen, dofir hu mir mat senger Lektorin, der Myriam Reisdorfer vun den éditions guy binsfeld, iwwer de “Geckegen Hunneg” geschwat an och an engems dovu profitéiert fir méi iwwer d’Aarbecht vun enger Lektorin gewuer ze ginn.
    19 min
  • Radiohead zu Bologna
    Siwe Joer sinn et hier, datt déi brittesch Kultband Radiohead op Tour waren. Am Moment komme fënnef europäesch Stied an de Genoss vu jee 4 Optrëtter, ugefaange mat Madrid virun 2 Wochen. Fir dee 4. Concert an der Unipol Arena zu Bologna, dee gëschter Owend (17.11.) war, hat de Jeff Schinker déi grouss Chance, Ticketen ze kréien - wat guer net esou einfach war. Vu sengem Owend mat Radiohead zu Bologna huet hien de Mueren um Mikro vum Marc Clement erzielt.
    7 min
  • Nei am Kino
    Wéi eng nei Filmer lafe muer am Kino un? Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    8 min
  • Rainy Days 2025 an der Philharmonie
    De Festival Rainy Days an an ëm d’Philharmonie ass mëttlerweil en traditionelle Rendez-vous fir zäitgenëssesch Musek. An och dës Woch invitéieren d’Directrice artistique Catherine Kontz an d’Team hanner de Kulisse vu muer u bis de Sonndeg inclus op ee Museksfestival mat ronn 50 Concerten. Wéi all Joer steet och dëst Joer ee ganz bestëmmte Sujet am Vierdergrond. An der Editioun 2025 geet et ëm d’Kierperen.
    5 min
  • White Book an Assises nationales de l'intelligence artificielle
    Déi Kënschtlech Intelligenz entwéckelt sech séier a gräift ëm sech - och am kulturelle Secteur, an deem d'Impakter enorm sinn. D’Alessandra Luciano an de Cedric Kayser hunn d'White Book vum Kulturministère zum Theema Kënschtlech Intelligenz am Kultursecteur verfaasst an op de KI-Assise vum Kulturministère de leschten Donneschdeg matgewierkt. D'Kerstin Thalau an de Marc Clement hunn e puer Froen.
    26 min
  • Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025
    Gëschter Owend (13.11.) war d‘Ouverture vun de Walfer Bicherdeeg mat der zeremonieller Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis.
    Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025 an der Kategorie Literatur mat “Geckegen Hunneg” (éditions guy binsfeld).
    An der Kategorie Sachbuch gouf “Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr” vun der Inna Ganschow (capybarabooks) vum Jury ausgezeechent. An der Spart Kanner- a Jugendliteratur huet “KrixKrax” vum Marc Weydert (Text) a Patty Thielen (Illustratioun) (PersPektiv Editions) de Jury am meeschten iwwerzeegt.
    De Publikumspräis gouf dëst Joer geännert, aus engem Präis goufen der dräi - nämlech elo an all Kategorie. An dëst Joer sinn dat:
    “Hraun” - Florent Toniello (Michikusa Publishing)
    “Depart lass!!! Luxemburg - 33 kinderleichte Wanderungen” - Keong-A-Song, Marie Mathieu, Sabrina Notka (éditions guy binsfeld)
    “KrixKrax” - Marc Weydert a Patty Thielen (PersPektiv Editions)
    E spezielle Präis geet och un e Buch mam beschten Design. Do huet de Jury sech op “Hortus Alienum” vun der Anna Valentiny (Point Nemo Publishing) gëeent. Den Designerpräis zeechent virun allem d’Aarbecht vum Verlag aus. An dësem Fall sinn et éditions guy binsfeld.
    D‘Valerija Berdi war op der Plaz an ass am Studio fir iwwer d‘Laureatinnen an d’Laureate vum Buchpräis ze schwätzen, déi och all an eiser Literaturemissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” dëse Sonndeg um 11 Auer invitéiert sinn a live vun der Bicherfoire diffuséiert gëtt.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners