Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Op der Bün: "Toute dernière fois" am TOL
    An eisen Theaterrezensioune vun haut setze mir eis direkt zweemol mam Doud auserneen: eemol op eng méi lëschteg Manéier, am TOL, wou den Nicolas Calmes “Toute dernière fois” kucke war, an eemol op eng poetesch, quantephysesch Manéier, am Centaure, wou de Jeff Schinker dem Nick Payne säi Stéck "Constellations" gesinn huet.
    9 min
  • Op der Bün: "Constellations" am Théâtre du Centaure
    An eisen Theaterrezensioune vun haut setze mir eis direkt zweemol mam Doud auserneen: eemol op eng méi lëschteg Manéier, am TOL, wou den Nicolas Calmes “Toute dernière fois” kucke war, an eemol op eng poetesch, quantephysesch Manéier, am Centaure, wou de Jeff Schinker dem Nick Payne säi Stéck "Constellations" gesinn huet.
    9 min
  • Nach méi Bicher am Bicherregal
    Op de Walfer Bicherdeeg presentéieren d'Lëtzebuerger Verläg hir nei Publikatiounen. Wat gëtt et Neies um Lëtzebuerger Bichermaart? En Iwwerbléck mam Valerija Berdi mat weideren neie Publikatiounen.
    6 min
  • Pluribus
    Déi nei Serie vum Breaking-Bad-Direkter Vince Gilligan. Hei geet et dorëms, datt mir alleguer léif matenee sinn a wéi dat och keng Léisung fir d’Rettung vun der Mënschheet ass.
    5 min
  • Apoplexie: E Schlag am Theater?
    Leschte Rido dëse Weekend fir de rainy days Festival 2025: d’Bünekënschtlerin Claire Thill invitéiert op d’Performance “Apoplexie” an de Kasemattentheater. Performance? Éischter Live-Hörspill, respektiv eng Opféierung tëschent Theater, Musek a Klangwelten. Am Zentrum steet eng Fra, déi mat Verloscht, hiren Erënnerungen, bannenzege Changementer konfrontéiert ass. D’Stéck ass vun der Philharmonie an dem Kollektiv Independent Little Lies coproduzéiert. D’Claire Thill ass net just Member, mee Grënnungsmember vum Kollektiv. A well en dësen Hierscht e ronnen 30. Gebuertsdag feiert, huet d’Kerstin Thalau d’Claire Thill an de Studio invitéiert, fir mat hir iwwer ILL an “Apoplexie” ze schwätzen.
    26 min
  • Dem Claire Barthelemy säi KI-Guide
    Et gëtt den Ament vill doriwwer diskutéiert, wat fir een Afloss Kënschtlech Intelligenz op d‘Aarbechtswelt, d‘Konscht an d‘Gesellschaft huet. Mee wéi erkennt een eigentlech KI-Biller a Videoen? A wéi kann ee sech géint Manipulatioun wieren? D‘Claire Barthelemy huet Tuyauen.
    5 min
  • KI a Konscht: Kënschtler:innen hunn d'Wuert
    Eise Kulturminister Eric Thill wëllt sech verstäerkt fir eng mënschlech Kulturpolitik am digitalen Zäitalter asetzen. Fir hie kann déi Kënschtlech Intelligenz op kee Fall eisen Imaginär ersetzen, mee richteg agesat an duerch Richtlinnen encadréiert, e Katalysator si fir Ausdrocksméiglechkeeten an Innovatioun ze stimuléieren. Aus dësem Grond ass am Kulturministère e Wäissbuch fir e responsabelen an transparenten Ëmgang mat KI ausgeschafft ginn, a waren déi lescht thematesch Kulturassise ganz zum Theema vu "Kënschtler:innen a KI". D’lescht Woch hate mir Vertrieder vum Ministère zu dësem Sujet op Besuch am Studio, hei léisst de Marc Clement an d’Kerstin Thalau d'Kënschtler:inne selwer zu Wuert kommen.
    29 min
  • Adriano Selva: "Amour moderne" an EP
    De Geescht vun der italieenescher Serenad beséilt dem Adrano Selva seng nei Single “Amour moderne” … Mee modern ass den Titel och. A Verbindung mam franséischen Text gesäit ee sech och un den Aznavour erënnert - Modern mat groussem M also. Dat ass keen Zoufall: déi kommend EP, déi de Lëtzebuerger Popmuseker am Februar erausbrénge soll, ass ganz op grouss Gefiller aus, wéi ee se aus der Chanson kennt, mee mat engem zäitgenësseschen Twist. Méi Ablécker gëtt den Adriano Selva um Mikro vum Marc Clement.
    25 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners