Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Albumkritik: Lausse the Cat - The Mocking Stars

    Eng zweete Kéier huet sech de Schleier gehuewen, oder vläicht de Rideau, deen Abléck an d’Welt vum brittesche Rapper Lausse the Cat gewiert. Zanter senger éischter Plack 2018, “The Girl, the Cat and the Tree”, gëtt gepëspert iwwer neit Material, iwwer déi persistent Fro, wien de Lausse iwwerhaapt ass, an iwwer een Numm, deen a villen Ecke vum Ënnergrond wéi eng Legend ausgeschwat gëtt.

    4 min
  • "Hors d'haleine"
    Als beschte Lëtzebuerger Film bei der 11. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis gouf de Samschdeg Owend “Hors d’haleine” ausgezeechent. Dem Eric Lamhène säin Drama krut och de Präis fir dat bescht Dréibuch. De Michel Delage huet mam Lëtzebuerger Realisateur Eric Lamhène a senger Co-Zenaristin Lyn Lee iwwer hiren Drama geschwat.
    3 min
  • Neit Material vun der Virginia Woolf?
    D‘Virginia Woolf ass fir hir modernistesch Klassiker “Mrs Dalloway”, “To the Lighthouse” an “Orlando” bekannt, Bicher, déi a méi wéi 50 Sproochen iwwersat goufen an och nach an der moderner Popkultur reegelméisseg ernimmt ginn. An elo ass ganz onerwaart neit Material vun der brittescher Schrëftstellerin opgedaucht. An dat ass zimmlech witzeg. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragelies.
    5 min
  • Eng Visitt vum Petit Musée du Limpertsberg
    Um Glacis steet e wäisst Zelt: nach net fir den Adventszirkus, mee fir de Konschtbusinesszirkus? Bis e Sonndeg inclus erwaart Iech do all Zäit déi 11. Luxembourg Art Week, also eng 80 international Galeristen a Galeristinnen an ee gutt gefëllte Kaderprogramm. Just 50 Meter niewendrun huet viru gutt zéng Joer en nawell speziellen Zirkusdirekter säin Zelt opgeschloen. Passen dem Konschtsammler Monsieur Pilo säi “Petit musée du Limpertsberg“ a Luxembourg Art Week iergendwéi zesummen?
    30 min
  • Liechtenstein
    De Schrëftsteller Guy Helminger huet eis Post vu Balzers an Liechtenstein geschéckt, an op daer steet haut Hoi. Firwat, dat gi mir elo gewuer, genee wéi och, wéi eng Zeitung een do liest.
    8 min
  • Dept. Q
    Den zynesche Spëtzen-Detektiv Carl Morck kritt eng eegen Abteilung, dee sougenannten Departement Q. Hei soll hie sech mat enger klenger Ekipp ëm scho laang vergiesse Fäll këmmeren. Als éischt wëlle si dem Mysterium ëm déi verschwonne Staatsaffekotin Merritt Lingard op d’Spuer goen. De Gilles Schreurs presentéiert d’Serie “Dept. Q”.
    5 min
  • Wou kënnt de KrixKrax hier?
    D'Kanerbuch "KrixKrax" vum Marc Weydert (Text) a Patty Thielen (Illustratioun) ass mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn. Den Auteur war Invité an eiser Literaturemissioun "Déi wonnerbar VaLibrairie" op de Walfer Bicherdeeg an huet iwwer d'Iddien, déi hanner dem KrixKrax stinn, mat eis geschwat. D'Buch koum bei Editions Perspektiv eraus.
    16 min
  • Wierker aus Lëtzebuerger Konschtkollektiounen am Dialog
    Eng 80 international Galerist:innen hunn am wäisse Luxembourg Art-Week-Zelt um Glacis Positioun bezunn. Am Zentrum vun der Foire steet ganz kloer de Business, dee jo éischter diskret ofgewéckelt gëtt; oder kennt dir d'Schätz aus Lëtzebuerger Privatsammlungen? Eng Dose Membere vum Cercle des collectionneurs du Mudam plus de Serge Libens vun der Fondation MeRL hunn décidéiert, eng Dierchen opzemaachen: si hunn d'Claire DiFelice, ausgebilt Juristin a Konschtmanagerin, haaptberufflech chargée de mission fir d'Steichen Collections, ma dernieft och fräischaffend Curatrice, dozou invitéiert, mat gesammelte Wierker, am Malt am Gronn, par rapport zu enger Conception spatiale vun der Tatiana Fabeck, eng Expo fir de breede Public op d'Been ze stellen. D'Kerstin Thalau huet mat der Claire Di Felice iwwert "Timeless voices" geschwat.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners