Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Neit Wierk "Exorzismus" vum Pit Dahm

    "Exorzismus" heescht dat neit Wierk vum Pit Dahm. Dee 27 Joer jonke Lëtzebuerger Perkussionist huet et ufanks fir sech selwer komponéiert an et och fir säin eegene Studienofschloss zu Salzburg am Mäerz 2025 gespillt. Den Titel stoung scho laang fest, éier hien iwwerhaapt mat den Nouten ugefaangen huet. Elo gouf säi Wierk och fir d'ARD International Music Competition erausgesicht. Dat heescht, zu München am September 2026, wäerten d'Kandidatinnen an d’Kandidate vun deem Concours et als Imposé spillen.

    4 min
  • Eng Expo mat rezenten Acquisitiounen an Donatiounen an der Villa Vauban
    Et ass d’Zäit vum Schenken an Deelen, an där Traditioun wëll sech och d’Ekipp vun der Villa Vauban zanter e puer Joer net verschléissen: “Bienvenue à la Villa!” nennt sech hir Ausstellungsrei um Enn vum Joer, wou se duerch eng thematesch Expo nei Acquisitiounen an Donatioune mam Public souzesoen deelen. Déi Kéier zum Schwéierpunkt Lëtzebuerger Konscht aus dem 20. Joerhonnert, an Zuelen: knapps 80 Konschtwierker vun 19 Kënschtler, dorënner 8 Kënschtlerinnen. Et handelt sech net ëm e Best of, gewise gi markant kënschtleresch Positiounen, déi bis ewell a privaten Hänn waren an dowéinst net ëffentlech ze gesi waren. An doriwwer hu mir mam Boris Fuge vun den 2 Stater Muséeë geschwat ... ganz ëffentlech!
    24 min
  • "Im Schatten der Sonne" vum Chris Wetz
    "Im Schatten der Sonne“ ass den Titel vum Roman vum Chris Wetz, dee elo bei Point Nemo Publishing erauskomm ass. E Krimi, deen haaptsächlech am Minett spillt an den Ufank vun enger Serie ronderëm de Polizist Mil Brandon ass. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
    13 min
  • Antonin Artaud: alt nees e Kënschtler, dee senger Zäit viraus war?
    1935, also viru genee 90 Joer, huet de franséischen Acteur, Metteur-en-scène, plastesche Kënschtler an Theater-Theoretiker Antonin Artaud den “Théâtre de la cruauté” an d’Liewe geruff. Theater war a sengen Ae méi wéi Text oder Narratioun: eng radikal Performance sollt beim Spectateur fir e kierperlecht, jo kathartescht Erliefnes suergen. Ass Iech alles bekannt? Da wësst Dir och, datt de Marseiller Artaud, 1896 gebuer an 1948 gestuerwen, vu Kandheet un ënner chronescher Péng an Iwwerempfindlechkeet gelidden huet, spéider laang Zäit an der Psychiatrie mat Medikamenter an Elektroschocken traitéiert gouf. Firwat sech nei mam Antonin Artaud beschäftegen? Dat ass d’Kerstin Thalau vun der Londoner Curatrice Agnes Gryczkowska gewuer ginn, déi aktuell d’Expo “Theatre of Cruelty” am Casino Lëtzebuerg presentéiert.
    11 min
  • "Toutes les vies" vun der Rebeka Warrior
    E kompromësslose Journal intime du deuil - dat ass dat, wat d’Rebeka Warrior, méi bekannt als Sängerin vum Elektroduo Kompromat, eis an hirem éischte Roman proposéiert. “Toutes les vies”, dat bei Stock erauskoum, gouf mam Prix de Flore ausgezeechent. Ob dës Auszeechnung justifiéiert ass, verréit eis de Jeff Schinker a senger Rezensioun.
    9 min
  • Yona - Frozen a Concert
    D'Yona ass eng jonk Lëtzebuerger Popmusekerin. Si spillt de Samschdeg den Owend um Belval ee Concert am Mix'n Kava um Belval. Ënner dem Material ass och déi rezent Single "Frozen" ... déi bei d'Joreszäit passt an Erfarungen a Finnland erëmspigelt. De Marc Clement schwätzt mat der Gewënnerin vum Audience Award beim Screaming Fields dëst Joer.
    13 min
  • "Dead and Alive" vun der Zadie Smith
    Déi brittesch Schrëftstellerin Zadie Smith ass bekannt fir Bestseller-Romaner wéi "White Teeth", "N-W" an "On Beauty". Mee si huet och reegelméisseg Essaye geschriwwen an eng Sammlung vun dëse koumen elo als Buch mam Titel "Dead And Alive" eraus. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragelies.
    4 min
  • Maria Grazia Galati - Femmes libres à l’intérieur
    Si heesche Laura, Antinoa, Rosanna, Luisa ... si wuessen op am wonnerschéine Salento a Süditalien a sichen hire Wee fir hir Fräiheet ze fannen. Weeër, déi net einfach sinn an heiansdo e héije perséinlechen Asaz fuerderen. D’Valerija Berdi an de Michel Delage hunn der Maria Grazia Galati hir véier Erzielungen, déi ënner dem Titel "Femmes libres à l’intérieur" am Verlag Passaparola erauskoumen, gelies.
    11 min
  • Film vun der Woch: "Dossier 137"
    Am Dominik Moll sengem Drama enquêtéiert eng Polizistin (Léa Drucker) iwwer aner Polizisten, déi e Manifestant uerg verwonnt hunn, an domat an e Loyalitéitskonflikt geréit. De Film beschwätzen de Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic.
    12 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners