Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Babyoil duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (1)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango, Hal Flavin a Metro ass et un der Band Babyoil, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert de Gittarist Paulo 'Jim' Fernandes, begleet vun der Kënschtlerin a Schwëster vum tragesch verstuerwene Sänger Sébastien Peiffer, der Séverine Peiffer. Am éischten Episod verroden si eis, wéi den Jim an de Sebb sech op engem Noir Désir Concert kennegeléiert hunn, wisou si an engem Zoo zu Senningen hu misse prouwen a wéi d'Band a ganz ënnerschiddleche Konstellatiounen lues a lues hire Sound fonnt huet.
    23 min
  • A l'ouest d'Arkham
    Ee Meteorit schléit op den Terrain vun enger amerikanescher Bauerefamill an – an näischt ass méi, wéi virdrun. Eng Zäit duerno ermëttelt eng FBI-Agentin. "A l’ouest d’Arkham" ass eng Lovecraft-Adaptéierung, déi eng Kuerzgeschicht vum legendäre Precurseur vum Horrorgenre an d’Joer 1989 transposéiert. Wéi hinnen d’Inzenéierung vun der Bach-Lan Lê-Bá Thi am Escher Ariston gefall huet, verroden eis haut den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker.
    15 min
  • Wéi sécher si Lëtzebuerger Muséeën?
    Den Déifstall am Louvre de leschte Weekend huet international fir Schlagzeile gesuergt. Matten am Dag sinn d'Täter mat Hëllef vun engem Miwwellift an de renomméierte Musée agebrach an hu bannent e puer Minutten historesch Bijouen am Wäert vun 88 Milliounen Euro geklaut. Dee scho bal filmräifen Tëschefall wäert Froe ronderëm d'Sécherheet an de franséische Muséeën op .... a wéi gesäit et eigentlech bei eis am Land aus? D'Paule Rodesch war dofir an den Nationalmusée, an huet d'Direktesch Tania Brugnoni gefrot, op ee bei esou enger Nouvelle als Muséesdirektesch selwer nervös gëtt.
    37 min
  • Blue Eye Samurai
    Eng Animatiounsserie, déi eis mat an d'Japan vum 17. Joerhonnert hëlt. Mir begleede  Samurai, deen op der Sich no sengem Papp ass, fir sech ze rächen. Mir léieren dobäi méi iwwert d'Grënn dofir an och d'Niewepersonnagen, deene mer begéinen, beräicheren d'Geschicht.
    6 min
  • CinEast-Filmkritiken Deel 2
    An der Kulturen-Redaktioun ginn et nach weider Membere mat engem Faibel fir di osteuropäesch Erzielkonscht: zum Beispill d’Kerstin Thalau. Kerstin, wat wars de um CinEast kucken a wéi war et?
    11 min
  • Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis
    Mëtt November sinn déi Walfer Bicherdeeg. Den Optakt mécht dann traditionnell d'Verkënnegung vun de Laureate vum Lëtzebuerger Buchpräis, deen d'Bicherediteuren all Joer verginn. Elo ass déi enk Auswiel an den dräi Kategorien eraus. D'Valerija Berdi mécht de Point.
    15 min
  • Mat Metro duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump, Inborn, Eternal Tango an Hal Flavin ass et un der Band Metro, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Hiren Historique retracéiert den Yves Stephany, deen am zweeten Epsiod verréit, wéi Metro d'Professionaliséierung vun der Lëtzebuerger Musekszeen erlieft huet - a wéi et war, ee Concert viru genee enger Persoun ze spillen.
    13 min
  • Jhemp Hoscheit - Gewënner vum Nationale Literaturconcours
    De Jhemp Hoscheit ass de Laureat vum Nationale Literaturconcours 2025. Säi Roman „Den Impakt vu Klappentexter“ huet de Jury, dee vum Antoine Pohu presidéiert gouf, am beschten iwwerzeegt, All Joer organiséiert de Kulturministère e Concours, wou Autorinnen an Auteuren hir Texter anonym aschécken. All Joer ass och en anere Literaturgenre um Programm. Dëst Joer war de Roman gefrot. Den zweete Präis geet un d‘Cathy Clement an hire Roman „Neel mat Käpp“, den drëtte Präis un de Guy Helminger a säi Manuskript „Die Elefantenhaut“. De Präis „jeunes auteurs/autrices de 12 à 19 ans“ geet un „Silent Screams“ vun der Maude Blaschette. D‘Valerija Berdi huet mam Laureat vum 1. Präis, dem Jhemp Hoscheit iwwer säi Wierk an iwwer d‘Bedeitung vun esou engem Präis geschwat.
    D‘Präisiwwerreechung ass den 2. Dezember am Nationale Literaturarchv, wou dann och déi aner Laureatinnen a Laureaten hir Präisser entgéint huelen.
    9 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners