Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Eternal Tango duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (1)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona, Defdump an Inborn ass et un der Band Eternal Tango, fir iwwer hir Bandgeschicht ze schwätzen. Am éischten Episod verroden eis den Tom Gatti an den David Moreira, wéi si zur Band gestouss sinn - a wisou si quasi eng 15 Joer an der Kufa gelieft hunn.
    11 min
  • D'Londoner Tate Modern feiert hire 25. Anniversaire
    25 Joer Innovatioun a spektakulär Installatiounen an engem Gebai, dat industriell Architektur gekonnt asetzt.: Den Tate Modern zu London feiert dëst Joer säi 25 Gebuertsdag. Dëse Musée ass duerch seng spektakulär Installatiounen an innovativ Kuratioun zu engem vun de beléiftsten zäitgenëssesche Muséeë vun der Welt ginn. Mee déi lescht Jore ware fir den Tate Modern net einfach. D‘Claire Barthelemy mat Detailer vu London
    9 min
  • Mat Inborn duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (5)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten.
    Am leschten Episod verréit de Cédric Kayser, wéi et bal zu engem véierten Inborn-Album komm wier, wat d'Virbereedungen zum kuerzen Inborn-Revival am Kader vum Encore-Event an him ausgeléist hunn - a wisou de Luka Heindrichs Inborn hire Robert Smith war.
    12 min
  • Kafka. Um sein Leben schreiben.
    A sengem Buch “Kafka. Um sein Leben schreiben” aus dem Hanser Verlag gëtt de Rüdiger Safranski en Abléck an d’Liewe vum Franz Kafka. Dem Kafka ass Schreiwen iwwer alles gaangen, dofir leeft am Private fir hien net alles zum Beschten. Wat de Safranski alles opdeckt, a wéi enk verflecht dem Kafka seng Biographie mat sengem Wierk ass, dat verréit de Léon Rinaldetti.
    5 min
  • Nei Saison am Mudam
    Net nëmmen d’Theatere vu Lëtzebuerg hunn an deene leschte Wochen hiren neie Programm presentéiert. Och de Mudam huet een Abléck ginn, op wat sech d’Visiteuren 2026 kënne freeën. D’Lori Dauphin huet am Gespréich mat der Direktesch vum Musée, der Bettina Steinbrügge, iwwer déi nei Saison geschwat.
    10 min
  • Mat Inborn duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (4)
    Fir hir 20 Joer ze feieren huet d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg geholl - an Deeler vu Bands optriede gelooss, déi et guer net méi gëtt. Zanter der Rentrée ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen zur Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX. No Monophona an Defdump ass et un der Band Inborn, déi deemools hiren drëtten Album mat kengem anere wéi dem Starproduzent Ross Robinson zu L.A. opgeholl haten. Am véierten Episod erkläert de Cédric Kayser, wisou sech d'Band eng Zäit nom Duerchbrochalbum "Persona" opgeléist huet.
    8 min
  • Am Gespréich mat der Jessica Theis
    Den Owend (2.10.) um siwen ass de Vernissage vun der Jessica Theis hirer Ausstellung “Dechets Morts“. An der Galerie A Spiren zu Stroossen setzt si sech mat Theeme wéi der geplangter Obsoleszenz an der Iwwerconsommatioun auserneen. D’Lori Dauphin huet am Interview mat der Fotografin am Virfeld iwwer d’Ausstellung geschwat.
    9 min
  • Booker Prize: "The Rest of Our Lives" vum Ben Markovits
    No “Audition” vun der Katie Kitamura a “Flesh” vum David Szalay rezenséiert de Jeff Schinker mat “The Rest of Our Lives” vum Ben Markovits dat drëtt vun de sechs Bicher, déi et op d’Booker-Prize-Shortlëscht gepackt huet. Dem Markovits säi Roman ass een ironesch-melancholesche Roadtrip, an deem ee Familljepapp op säi Liewen zeréckbléckt, dat mat der Gewëssheet, datt et esou vill Zukunft vläicht net méi wäert ginn.
    10 min
  • Le temps du trajet- Jessica Lopes
    Kilometerlaang Stauen, iwwerfëllten Zich a Busser oder Vëlosweeër, déi feelen. Fir vill Leit hei am Land ass de Wee op d’Aarbecht, dat ass bekannt, eng richteg Plo. Fir duerzestelle wéi vill Zäit de Salarié dobäi verluer geet, koum virun enger Woch en neit Buch eraus vun der Soziologin Jessica Lopes an dem Kënschtler Charles Vinz.
    Fir hiert Wierk hu si 13 Persounen - Residenten a Frontalieren - bei hirem Wee op d’Aarbecht suivéiert. D'Paule Rodesch begleet eng dovunner op d'Aarbecht - an huet och d'Jessica Lopes derbäi, fir sech iwwer hiert Buch ze ënnerhalen.
    8 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners