Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Mat Monophona duerch d’Lëtzebuerger Museksgeschicht: E Label an ee Booker
    Fir hir 20 Joer ze feieren hëlt d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg - a léisst Deeler vu Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen an der Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    Den Ufank mécht dës Woch Monophona - a mir lauschteren an dësem drëtten Deel, wéi Monophona wärend hirer Karriär op ee skrupellose Booker an ee léiwe Label gestouss sinn.
    9 min
  • Déi nei Stater Cinémathèque
    Bis Februar 2029 sinn d'Aarbechte fir déi nei Cinemathèque ugeduecht mat engem Budget vun 43,55 Milliounen Euro. Et sollen ënner anerem d'Accessibilitéit, de Confort an d'Akustik verbessert ginn. Mat engem zweete Sall wéilt een och eng méi divers Offer vun de gewisene Filmer garantéieren.
    Un der Spëtzt steet vun 2026 un de Georges Bildgen, laangjärege Responsabele vun de Archive vun der Cinémathèque. Hie léist domat de Claude Bertemes als Direkter of. D'Lori Dauphin faasst déi wichtegst Changementer zesummen.
    7 min
  • Die goldene Bremm: nach ëmmer “de Glanz”?
    2023 war queesch duerch d’Saarland “Saarart”. Dëst eng éischte Kéier mat der Presenz vu Kënschtler:innen aus der Groussregioun. Iwwerdeems se Lëtzebuerger Propose suivéiert hunn, ass dem Kerstin Thalau an dem Joé Birchen, am Programmheft, ee multinationalen a multidisziplinäre Projet opgefall, deen anescht wéi déi aner geschéngt huet: d’Remise-en-valeur vum Areal Goldene Bremm op der däitsch-franséischer Grenz, ënner anerem duerch Konscht. Elo, zwee Joer duerno, si si zeréck op en Areal, dee laang als desolaten Onuert an der kollektiver Memoire gespäichert war.
    28 min
  • Mat Monophona duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (2) Kee Sushi
    Quasi parallel zu Monophona gouf music:LX an d’Liewe geruff - den Exportbureau fir Musek, deen als Modell fir oder Virleefer vu Kultur ǀ lx gegollt huet. Hir éischt Erfarunge mat dem Export vu Lëtzebuerger Musek waren allerdéngs net ëmmer ganz glécklech. Am zweeten Deel vu sengem laangen Interview mat Monophona gëtt de Jeff Schinker gewuer, wisou et heiansdo méi bréngt zu Arel ze spille wéi zu Tokyo.
    12 min
  • Mat Monophona duerch d'Lëtzebuerger Museksgeschicht (1) D'Ufäng
    Fir hir 20 Joer ze feieren hëlt d’Rockhal eis de 24. September mat op eng Rees duerch d’Museksgeschicht vu Lëtzebuerg - a léisst Deeler vu Bands optrieden, déi et guer net méi gëtt. An de kommende Wochen ënnerhält sech de Jeff Schinker mat enger ganzer Rei vu Bands, déi Lëtzebuerger Museksgeschicht geschriwwen hunn - an zeechent domat ee Portrait vun enger Zeen an der Joerdausendwend, virun oder wärend den Ufäng vu music:LX.
    Den Ufank mécht dës Woch Monophona - a mir lauschteren als éischt emol, wéi et dozou koum, datt dräi ongläich Mënsche sech iwwer d’Weeër vun der Musek kennegeléiert hunn.
    10 min
  • Film vun der Woch: "Sirât" vum Oliver Laxe
    D’Palm Dog fir déi bescht schauspilleresch Leeschtung vun engem Hond, ee Präis fir dem Kangding Ray säi geniale Soundtrack an de Prix du Jury ex aequo mat der Mascha Schilinski: Am Oliver Laxe sengem "Sirât" geet et em ee Papp, dee sech zesumme mat sengem Bouf op d’Sich no senger Duechter mécht, déi vermësst gëtt – an dobäi an der marokkanescher Wüst wärend enger Rave-Party mat enger Gesellschaft vu Marginaliséierter ee radikale Roadtrip ënnerhëlt. D'Valerija Berdi an de Jeff Schinker beschwätzen de Film. .
    11 min
  • Keng Affaire: Déi nei Spillzäit am TNL
    Mëtt September verkënnegen och déi kleng Theateren hir nei Saison. Dee gréisste vun deene klengen – oder dee klengste vun deene gréissten – ass den TNL, deem seng Saison dëst Joer ganz ënnert dem Thema vun den Affaire steet. Dat no dräi Spillzäiten, déi sech plus ou moins mat dem Weltënnergank befaasst hunn. Wisou een net ëmmer just vun der Apokalypse schwätze kann, a wisou de Sujet manner bouleverdesk ass, wéi e kléngt, wollt de Jeff Schinker vum TNL-Direkter Frank Hoffmann wëssen.
    10 min
  • 20 Joer Rockal: Am Gespréich mam Olivier Toth
    20 Joer Rockhal, 20 Joer, dass Lëtzebuerg sech eng grouss Musekshal geleescht huet, 20 Joer, déi och vun Ännerungen an de Musekindustrie gepräägt waren, 20 Joer, an deenen de Musicssecteur ënnert anerem vun engem Attentat an enger Pandemie markéiert gouf. Mam Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal, mécht de Jeff Schinker haut eng kleng Rees an d’Vergaangenheet - a vläicht och an d’Zukunft.
    30 min
  • D’Marie Capesius an de fil bleu
    Bis de fënneften Oktober sinn di renomméiert Rencontres internationales de la photo d‘Arles, an duerch den Asaz vun der Lët’z-Arles-ASBL ass Lëtzebuerg scho fir di aachte Kéier mat dobäi. Bedeit, datt di Lëtzebuerger Multimedia-Kënschtlerin Carine Krecké am Zentrum vun Arles hire konzeptuelle Projet “Perdre le Nord” presentéiert, bedeit awer och, datt d’Marie Capesius d’Zouso fir eng Arles-Kënschtlerinneresidenz vu véier Méint krut. An net nëmmen dat: si dierf nächst Fréijoer nach emol hannescht a si wäert di nächst zwee Joer bei hire kënschtleresche Fuerschungen Ënnerstëtzung kréien. Wat bis ewell dobäi erauskomm ass, huet si dem Kerstin Thalau, an hirer Residenz zu Arles, gewisen an erkläert.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners