Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • "New Farmer" oder "New Pharma"?
    A wéi enger Welt wëlle mir muer liewen? Déi Escher Kulturplattform Elektron presentéiert momentan am Escher Centre Mercure siwe Kënschtler:innen, déi sech mat dësem Sujet, mat Hëllef vun digitale Medien, befaassen. "Hybrid Futures" ass hir Expo iwwerschriwwen. Dat, well fir déi meescht d'Trennung tëschent Natur an Technologie net méi wierklech existéiert: béid Beräicher wieren net just matenee verbonnen, mee géife sech och géigesäiteg konstruktiv beaflossen. "Fir déi meescht"? Jo, well ee vun hinnen ass net esou ganz där Meenung: d'Kerstin Thalau huet sech am Centre Mercure mam Kënschtler a Gäertner Bruce Eesly ënnerhalen.
    10 min
  • "Avignon" vum Johann Dionnet
    Am Grousse Kino vu leschte Samschdeg (28.6.) hunn d'Vesna Andonovic an de Jeff Schinker "Avignon" vum Johann Dionnet beschwat - eng franséisch Romcom, déi quasi passend zum Start vum Festival uleeft an een touchanten Hommage un den Theater an all senge Formen ass. Well d'Temperaturen dobaussen och hei zu Lëtzebuerg scho bal esou héich si wéi zu Avignon, lauschtere mir nach eemol d'Rezensioun aus dem Grousse Kino.
    10 min
  • 1.200 Kannerstëmmen

    Wéi kritt ee méi wéi Dausend Kanner dozou zesummen ze sangen? Op déi Fro huet d'Martina Maenichetti méi wéi eng Äntwert. Si ass Musekerin a schafft schonn zanter Joren als Pädagogin an der Philharmonie a gëtt hir Passioun fir d'Musek dagdeeglech un déi méi Jonk weider. Bei hirem neiste Projet Lëtz Sang hu sech 1.200 Kanner am grousse Sall an der Philharmonie getraff, fir zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an der Sängerin Tali ze sangen. Wéi dat Ganzt verlaf ass, wat dee gréissten Challenge war, an ob esou änlech Eventer scho fir d'Zukunft geplangt sinn, alles dat verréit d'Martina Menichetti am Gespréich mam Marie Schockmel.

    10 min
  • Festival Alter Musik
    Vum 28. Juni bis de 6. Juli ass zu Veianen déi 7. Editioun vum Festival Alter Musik. D’Veianer Buerg gëtt fir eng Woch an eng Bün fir al Musek ëmgewandelt. D’Marie Trussart huet mam Cembalist a Organisator Rosch Mirkes iwwer de Programm geschwat an hien huet ënner anerem verroden, firwat de Festival mëttlerweil keng Erausfuerderung méi representéiert.
    10 min
  • Um Radar: Weekend
    Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a gëtt eis eng Selektioun vu Kultur-Rendez-vouse mat an de Weekend.
    11 min
  • Battlestar Galactica
    Den Nicolas Calmes huet sech de Remake vun der Serie aus dem Joer 2004 ugekuckt. Eng Science-Fiction-Serie bei där d'Rechter vun der Mënschheet op engem Raumschëff duerch de Weltall ënnerwee ass. Et geet hei net nëmmen ëm de Kampf ëm d'Iwwerliewen, mee och ëm Theeme wéi Relioun, Demokratie oder Kënschtlech Intelligenz.
    10 min
  • Freet Iech: Dir sidd eventuell méi hybrid wéi Dir mengt!
    Wéi kënne Science Fiction, digital Konscht a Kënschtlech Intelligenz eist Verständnis fir d’Bewosstsinn an aner Forme vun Intelligenz erweideren? Interesséiert Iech net? Schued! Well concernéiere géif et Iech jo iergendwéi schonn, an de 26. Juni kéint Dir an entspaanter Ronn am LUGA-LAB am Pafendall méi zum Theema gewuer ginn: an zwar vum Multi-Media-Kënschtlerduo Crosslucid vu Berlin am Gespréich mat der kanadesch-lëtzebuergescher Autorin Mary Carey, déi all Hybriditéit a fléissend Identitéiten an hirer Konscht thematiséieren.
    Wéi Crosslucid dat maachen, huet d’Kerstin Thalau am neien temporairen Elektron-Espace an der Geschäftsgalerie Mercure zu Esch-Uelzecht gesinn a konnt och do mam Duo iwwer hir experimentell virtuell Videoaarbechte schwätzen.
    13 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners