
Sign up to save your podcasts
Or


And the winner is...: Jil Lahr! De leschte Freiden ass d'Multi-Media Kënschtlerin an der Escher Konschthal mam Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz LEAP, ausgezeechent ginn. Mat 12.500 Euro ass de LEAP ee vun den héchstdotéiertste Präisser fir visuell Konscht. D'Jil Lahr, Joergang 1991, lieft a schafft zënter hire Konschtstudien zu Hamburg. A Rauminstallatiounen übt si mat Molerei, Keramik, Fotoen an haaptsächlech gesammelten Alldagsobjeten eng satiresch Gesellschaftskritik. D’Kerstin Thalau mat Impressioune vun der LEAP-Soirée 2025.
Dem Sophokles säin “Elektra”, der Valérie Solanas hire SCUM Manifesto, en Attentat op den Andy Warhol, dem Elon Musk säin Hitlergrouss, Musek, Perkussioun, Videoclippen - dem Filip Markiewicz säin Elektra ass generéis, komplex a verlaangt dem Zuschauer eng relativ héich Konzentratioun of. Op dat opgeet - dat verroden d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker.
Zanter 50 Joer besteet den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL. Bis haut huet den Orchester keng eege Raimlechkeete fir ze prouwen. Wat déi eng vläicht als Hindernis gesinn, gesäit den OCL als Challenge. An als Chance, aussergewéinlech Kollaboratiounen entstoen ze loossen. Aktuell befënnt sech den Orchester a Residenz an der International School of Luxembourg, kuerz ISL. D'Marie Trussart ass an den ISL gaangen an huet probéiert erauszefannen, wat et bedeit, wann en Orchester an enger Schoul doheem ass.
From the publisher's feed

1 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners