Kultur

Kultur

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Kultur episodes

  • Den 28.03.2025 ass an der Escher Konschthal LEAP-Gala
    Wat verbënnt Mike Bourscheid, Rozafa Elshan, Jil Lahr, Lynn Scheidweiler? Alle véier si plastesch Kënschtler, alle véier sinn zu Lëtzebuerg opgewuess, mee liewen ewell zanter Joerzéngten am Ausland ... an ... alle véier si fir de LEAP 2025, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize, nominéiert. Momentan preparéiere si grad Eenzelexpoen an der Escher Konschthal. Dëse Freideg Owend gëtt do de LEAP-Award iwwerreecht. D'Kerstin Thalau stellt Iech dës Woch déi véier Kënschtler vir: haut d’Rozafa Elshan.
    7 min
  • LEAP-Laureatin: Rozafa Elshan

    Wat verbënnt Mike Bourscheid, Rozafa Elshan, Jil Lahr, Lynn Scheidweiler? Alle véier si plastesch Kënschtler, alle véier sinn zu Lëtzebuerg opgewuess, mee liewen ewell zanter Joerzéngten am Ausland ... an ... alle véier si fir de LEAP 2025, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize, nominéiert. Momentan preparéiere si grad Eenzelexpoen an der Escher Konschthal. Dëse Freideg Owend gëtt do de LEAP-Award iwwerreecht. D'Kerstin Thalau stellt Iech dës Woch déi véier Kënschtler vir: haut d’Rozafa Elshan.

    7 min
  • The Village Next to Paradise
    Zesumme mat Schüler:innen aus der Klass 3e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass. Am Studio waren d'Sissi Zitong Ao an d'Mikaela Zaneva.
    4 min
  • Désirée Nosbusch: "Et gëtt kee richtegt oder falscht Traueren"

    Eng getrennte Koppel (Trine Dyrholm an Tim Roth) kënnt zéng Joer nom Doud vum gemeinsame Kand zesummen ... D'Désirée Nosbusch liwwert mam intimisteschen Drama "Poison" hiren éischte laange Fiktiounsfilm hanner der Kamera. Fir d'Sortie vum Film an eise Kinoen huet de Michel Delage sech mat der Lëtzebuerger Realisatrice, Actrice a Produzentin ënnerhalen.

    22 min
  • LEAP-Laureatin: Jill Lahr

    "Lieb" ass léif; mee den engleschen Terme "Leap", mat e an a, bedeit Sprong oder Saz. An deen interesséiert beim LEAP, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize. De Präis ass mat 10.000 Euro dotéiert a soll Kënschtler aus der Groussregioun, déi schonn eng gewëss Praxis entwéckelt hunn, op engem neie kënschtleresche Wee ënnerstëtzen. Véier Artiste sinn nominéiert, preparéiere grad Eenzelexpoen an der Escher Konschthal. Dëse Freideg Owend gëtt och do den, also EEN LEAP-Award, iwwerreecht. 

    6 min
  • “Dem Händel säi Messias ass ee ganz groussen Challenge”

    Den Hallelujah vum Georg Friedrich Händel kenne vill Leit, mee méi ass meeschtens net gewosst iwwert de berüümten däitsch-brittesche Komponist. Säi Messias ass ee grousst Wierk mat méi wéi 2 Stonne Musek, wat hien deemools a nëmme 24 Deeg finaliséiert huet. De Lëtzebuerger Chouer “Ambitus” sengt deen Oratorium op engem Concert de 29. Mäerz 2025 am Trifolion zu Iechternach. “Wa mir schonn ee gudde Messias hikréien, dat wier scho ganz schéin.” – dat seet de Roby Schiltz. Hien huet de Chouer viru 55 Joer gegrënnt, an ass och nach den Dirigent.
    Am Gespréich mam Marie verréit de Roby Schiltz méi.

    13 min
  • Benjamin Bat
    Zesumme mat Schüler:innen aus der Klass 3e A-LLCO aus dem Lycée Robert-Schuman huet de Jeff Schinker dëse Film beschwat, deen um Luxfilmfest gelaf ass. Am Studio waren d'Julie Muller, d'Mara Ligbado an de Luca Carosone.
    7 min
  • "inVISIBLE Women"
    “inVISIBLE Women” ass de Motto vun engem Concert, deen d’Commission d’égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg den 22. Mäerz am MUDAM organiséiert. Net nëmmen de Grupp deen optrëtt, ass 100 Prozent weiblech, mee et stinn och nëmme Komponistinnen um Programm. Ze héieren ass ënner anerem Musek vun der Lili Boulanger an dem franséischen Impressionismus, bei déi grouss Lëtzebuerger Musekerin Lou Koster, bis bei déi zäitgenëssesch belsch Komponistin Line Adam.
    D’Skerdi Zanaj huet dëse Concert op d’Bee gestallt. Si ass net nëmme Professorin fir Ekonomie op der Uni Lëtzebuerg, mee och nach Deleguée vun der Commission d’égalité du genre. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si ënnert anerem verroden, wéi wichteg et ass esou Concerten net nëmmen den 8. Mäerz ze organiséieren, a wéi d’Onvisibilitéit vun de Fraen net nëmmen an der Wëssenschaft siichtbar ass, mee och an der Welt vun der klassescher Musek.
    11 min

About Kultur

From the publisher's feed

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

More shows like Kultur

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Panorama by Radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by Radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by Radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by Radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by Radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by Radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by Radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by Radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by Radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by Radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by Radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by Radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by Radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by Radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by Radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by Radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners